Angscht a Schrecke mat Gentechnik

Den däitsche Pharmakonzern Bayer iwwerleet aktuell, den Gentechnik-Konzern Monsanto ze kafen. Wann ech Monsanto lo „Gentechnik-Konzern“ an Bayer lo „Pharmakonzern“ genannt hunn, dann ass dat schonn e bëssi manipulativ. Och lo schonn schafft Bayer am Beräich vun der Gentechnik an Monsanto huet och nach e puer aner Geschäftsfelder. Mä meeschtens geet et beim Thema Gentechnik jo net drëms, besonnesch exakt oder genee ze sinn,

Vill Leit hunn Angscht viru Gentechnik. Als éischt ass et dofir vläit guer net sou schlecht, sech virun Aen ze halen, datt Gentechnik zu eisem Alldag gehéiert. Also Techniken, mat deenen d‘Gene vun Déieren, Planzen an Mënschen analyséiert an deelweis och manipuléiert kënne ginn, sinn längst keng Science Fiction méi, mä an der Realitéit ukomm. Wann dir Leit kennt, déi Diabetes hunn an dowéinst Insulin musse sprëtzen, da liewen déi Leit wéinst Gentechnik. Hautdesdaags gëtt den Insulin nämlech net méi vu Schwäi geholl, mä vu genmanipuléierte Bakterië produzéiert. D‘Verfahren existéiert zanter den 1980er, mä réischt 1999 konnt déi éischt Produktioun an den USA ulafen. Dat och, well et an Däitschland aus Angscht virun „de Genen“ keng Erlaabnis fir eng Versuchsanlag ginn ass. Mëttlerweil ginn awer och Vitaminnen an eng ganz Rëtsch aner Medikamenter mat Hëllef vun der sougenannter „rouder“ Gentechnik produzéiert. Read More

Angscht a Schrecke mat Satire

Satire däerf alles, heescht et. Ech fir mäin Deel denke mir vill ze dacks: Se dierft virun allem witzeg sinn. Ech well mech haut kuerz halen, mä als eng Persoun, déi Texter, déi net ëmmer sou ganz eescht gemengt sinn an d‘Leit zum Laache solle bréngen, verëffentlecht, well ech awer eppes zu der Debatt soen, déi sech grad duerch d‘Land zitt.

Ech hunn et schonn eng Kéier gesot: Satire däerf guer net alles. Mir hunn an eiser Gesellschaft Linne vun der Meenungsfräiheet gezunn. Munchmol sinn dës Linnen a Gesetzer gegoss, heiansdo sinn et „just“ gesellschaftlech Facteuren, déi dozou féieren, datt dës Linnen seelen iwwerschratt ginn.

Sou géif deene wéinegste vun eis afalen, d‘N-Wuert ze benotzen, fir Schwaarz Persounen ze bezeechnen: et ass rassistesch, huet eng déif Verwuerzelung an der Kolonialgeschicht an déi betraffe Persoune wëllen an der Regel net sou bezeechent ginn. D‘Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 huet virun e puer Joer een Film gemaach, an deem dat Wuert an engem satiresche Kontext immens dacks virkomm ass – vir eben de latente Rassismus vun den Personnagen duerzestellen. War dat okay? Ech si mir net sécher. Ech hunn Richtung22 an engem Interview deemools drop ugeschwat – an op mannst huet et deemools sou geklongen, wéi wann si sech vill Gedanken doriwwer gemaach haaten, wisou si dat Wuert agesat hunn. Read More

Angscht a Schrecke mat schlechtem Goût (Poll-Fabaire)

Lëtzebuerg huet an de leschten Deeg eng Diskussioun iwwer Sexismus gefouert. Wéi ëmmer, wann am Grand-Duché iwwert Diskriminéierungen diskutéiert gëtt, war de Niveau zimlech am Keller, fir net ze soen: Sou déif, datt net emol de Jules Verne een Roman doriwwer geschriwwen hätt. Poll-Fabaire huet also een neie Cremant erfonnt. Deen ass dofir gemaach, fir „on ice“, also mat Äiswierfele gedronk ze ginn. Well dat nach net genuch schlechte Goût war, hunn se versicht, dat ganz mat enger sexistescher Pub ze verkafen. Ze gesinn ass eng jonk Fra am Bikini, déi an enger Äiswüst steet an eis hiren Hënner wéist an sech sou verdréint, datt se eis och nach kucke kann. Read More

Angscht a Schrecke mam Luxleaks-Prozess

Click here for an English Translation by Jorg Willekens. Thanks a lot, Jorg!

Eng gutt Frëndin vu mir sot mol, d‘Leit sollten net esou dacks de Begrëff „kafkaesk“ benotzen. Also sou am Stil vun „Ech war haut am Supermarché an et gouf kee Kinder Maxi King, voll kafkaesk!“. Ech denken, datt meng gutt Frëndin Recht domadder hat, mä et ginn awer trotzdem ëmmer nach Situatiounen, wou den Begrëff ubruecht ass. An den Luxleaks-Prozess ass esou eng Situatioun. Déi zwee Whistleblower Antoine Deltour an Raphaël Halet an de Journalist Édouard Perrin sti viru Geriicht, wéi dir wahrscheinlech mat kritt huet.

A wat sech an dem Geriichtssall sou ofspillt, dat ass wierklech fir sech ze schummen. Et kann een natierlech soen, dat ganzt ass eben ee Fall fir d‘Justiz, ëmmerhi sinn privat oder geheim Dokumenter geklaut an dunn verëffentlecht ginn. Mä et ka wuel kee soen, datt déi Dokumenter net een ëffentlecht Interessi gehat hätten. Also, fir de Recht vun der Welt. Lëtzebuerg hat net sou den Interessi dorunner, datt d‘Praxis vun den Tax-Rulings un déi breet Ëffentlechkeet komm ass. Et wäert wuel och dowéinst sinn, datt an dem annerhallwe Joer zwëschen der Verëffentlechung vu Luxleaks an der Uklo keng Gesetzesännerung komm ass, déi Whistleblower wéi den Antoine Deltour an den Raphaël Halet schütze géif. Read More

Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa

Läschte Mëttwoch gouf et zu Lëtzebuerg een Ugrëff op eis Demokratie. Béis Antifaschist*innen hunn ganz schlëmm Saache gemaach, fir géint een Optrëtt vum Thilo Sarrazin ze demonstréieren. Dee verbreed zwar rassistesch Theorien, déi längst widderluecht sinn, mä wann den Trifolion hien net agelueden hätt, wier seng Meenungsfräiheet jo gestéiert ginn an dat geet jo guer net.

Do si mir och scho beim éischte Punkt: Meenungsfräiheet ass wichteg. Dofir muss eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion och Rassiste wéi den Thilo Sarrazin alueden an hinnen eng Plattform ginn. Dir frot iech lo vläit: Mä wisou ginn net zum Beispill Refugees agelueden, déi zanter Wochen zu Idomeni am Bulli setzen? Huet dat vläit eppes mat hirer Hautfaarf oder hirer Relioun ze dinn? Ech kann dozou just soen: Iwwerloosst d‘Denke leiwer den Päerd an dem Här Sarrazin, déi hu méi e grousse Kapp.

A well Meenungsfräiheet sou wichteg ass, ass et och een Skandal, datt Leit virum Trifolion protestéiert hunn. An et wier jo okay gewiescht, wann se dat lues, net verkleed, ouni Schëlder an ouni Flyere gemaach hätten. Mä sou! Read More