Angscht a Schrecken bei den CFL

Déi allereischt Episode vun Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg dréint sech em eng Organisatioun, déi oft an fir immens vill Angscht a Schrecken verantwortlech ass: d’CFL. Emmerhinn huet se den Merite, aus ganz normalen Leit Gonzojournalisten ze maachen …

MP3-Download Angscht a Schrecken bei den CFL


Ech war mam S. En drenken.Naischt schlemmes. Ech haat nët fir, mir eng an d’Schaiss ze geheien an herno wei en Idiot ze lallen an duerch den Zuch ze trellen. Daat huet einfach keen Stil.
An dach haat ech immens Loscht, mech an d’Bar vun engem Hotel ze setzen, op manst 3 Cocktails mat Rum ze drenken an d’Rechnung durno un en Spesekonto vun enger fiktiver Zeitung schecken ze lossen. Oder un d’Queesch. Mee bei der Queesch geif ech mat esou eppes och nach eventuell duerchkommen.
Heinsdo muss en esou Pläng einfach sin lossen, och wann se hiren Reiz hun.

Mam S. Hun ech haaptsächlech geschwaat. Dat, waat en eben mescht, wann en mat enger gudder Frendin en drenken geht. Ech hun mir vill ze deiren Rum an eng Cola bestallt. Ganz konnt ech et dann awer net lossen.
Mai Glass ass mat der Zait emmer mei eidel gin, an emsou manner dran war, je mei schweier ass et fir mech gin, mech ze konzentreiren. Mee et war net onmeiglech, ech konnt meng Gedanken fixeiren.
Wei ech dunn irgendwann op d’Toilett getorkelt sin an baal an de Keller erof bei d’Gedrenks gefall wier, well ech die falsch Dier erwöscht haat, hun ech beschloss, elo en Kaffi, mei genee, eng Lait russe, ze drenken an mech un mengem kloeren Verstand ze berauschen.

D’Gespreich ass emmer mei em Sex gaangen. Nodeems mer daat Thema mei oder weineger emrass haaten, hun mer iwert Selbstmord diskuteiert. Ech wiederhuelen: Et ass down the road, net across the street.
Wei S. An ech eis dunn getrennt hun, hun ech folgend Theorie opgestallt:
D’Liewen ass vulgär, voller Blut, Schaiss an Sperma. D’S. Huet gemengt, esou voller Sperma wier sain Liewen net, geschlechtsbedengt.
Ech hun em Recht gin an sin dun op d’Gare gefuer.

Durch irgendeen dommen Zoufall hun ech missen eng Navette fir op Dommeldeng huelen, well d’Streck zweschen Dommeldeng an da Stadt gespaart ass. Do hun se, wei de Schaffner dem Buschauffeur geziehlt huet, mat 1km/h nei Schinnen geluecht. An Dunnen, die dem Schaffner net esou gudd geifen gefaalen, well se geifen stoussen an drecken.

Ech haat nach e bessi Zait, den Bus sollt em die selwescht Zait fueren wei den Zuch. Veirel op Aacht, daat wuar den Schnellzuch. 25 Minuten duerch daat daischert Gutland, dobai en Buch an wann ech mat “das Parfüm” färdeg wier, geif ech eben en Text schreiwen.
Well ech Zait haat an hongreg waar, sin ech bis eriwer bei den Kebab an hun mer do en Falffel bestallt. De Mann kennt mech schons, wees waat ech well an schafft schnell. Ech lossen mer main Owesiessen abpacken. Wiesou, wees ech och net.

Den Bus kennt pünktlech Veirel op Aacht. Allerdengs huet den Chauffeur net fir, direkt ze fueren. An 20 Minuten geif hien fueren, seet hien eis direkt wou mer ranklammen. Ech denken, OK, dann ged et eben den Zuch vun 10 fir 9, daat ass och nach keen Drama. An Krisensituatiounen wei desen kann en sech net all Luxus vun den CFL erwaarden. Ausserdem waar et Weekend an ech haat Zait.

Ech hun main Falaffel aus dem Selwerpabeier ausgepaackt an gies. Nodeems ech main Buch ausgelies haat, ass de Bus dann och endlech gefuer. Zu Dommeldeng huet den Zuch dann och schon op eis gewaard.

Ech hun en zweet Buch, waat ech schon aus haat, einfach nach eng Keier ungefaangen an mech ziemlech dran verluer. No denen 50 eischten Saiten haat ech sou ziemlech all Gefill fir Zait verluer an hun mech ziemlech elleng am Zuch gefillt.
Ausserdem hun ech firschterlech op d’Toilett missen. Mee iert ech konnt opstoen an den noosten Wandschaff fir Fäkalien sichen konnt, ass den Zuch endlech gefuer. Mettlerweil waar et 18 Minuten op 9 an ech wosst guer net mei esou richteg, waat ech iwerhaat an dem Zuch sollt.
Wei ech mech dun awer entschloss haat, main Rucksaack ze huelen an mech op d’Sich no enger Toilett ze maachen, hun ech gemierkt, daat den Zuch net mei no fier gefuer ass.

En ass no hannerzeg gefuer. Ech hun et dorunner gemierkt, daat d’Spigelung vun enger Reklamm an enger Fenster den falsche Wee un mier laanscht gefuer ass.
Lo gouf et wirklech Zait fir op d’Toilett.

Den Zuch ass stoen bliwen, wei ech gepisst hun. Lo waar mir alles egal.Ech waar schon mei wei eng Stonn ennerwee an sin just bis Dommeldeng komm, wou ech lo op enger Toilett stoung, die mi kleng waar wei main Kleederschaaf an gepisst hun. Ech hun probeiert, net ze iwerleen, wiesou den Zuch firdeischt no fir an durno erem no hannerzech gefuer waar.
Dorobbs hätt ech jo nach vlaischt eng logesch Äntwert fonnt. Mee Wei sollt ech mir erklären, daat ech iwerhaat net gemierkt haat, daar den Zuch erem stoenbliwe waar.
An daat haat en jo missen, iert en erem konnt no hannerzech fueren.

An mengem Kapp ass d’Fro, ob den Rum net awer vlait bessi ze vill gewierscht waar, zu enger Gewessheet gin, daat den Entschloss, sech un mengem kloeren Kapp ze berauschen, eng falsch gewierscht waar.
Wann en lallend wei en Idiot duerch den Zuch getrollt wier, hätt ech mir all die Froen net braischte ze stellen.
Vlait sollt ech den Telefon huelen an d’CFL froen, wiesou den Zuch no hannerzech gefuer wier.

Wei ech aus dem Kabuff, waat se bei den CFL Toilett nennen, komm sin, waren op e mol 10 mol mei Leit wei virdrun am Zuch. Aha, hun ech geduercht, die Fro wier also geklärt.
Ech hun zereck op main Setz gesicht, wou meng Jacket nach louch an ech ungefaangen hun, desen Text ze schreiwen.
Ech hun geduercht, wann ech lo net geif unfänken, daat alles ze dokumenteiren, geif mer herno keen mir mei et gleewen.
Dun hun ech ungefaangen ze zweifeln, daat je en Mensch mir daat do geif glewen. Virun mir hun zwee Männer sech iwert die aal bleche Becksen opgereegt, die freier als Zich rondrem gefuer sin.

Ech hun geduercht: Wanns de lo net unfänks, daat ze dokumenteiren, dann gleewt dir daat keen. Dunn hun ech main Minidisc erausgeholl an alles opgeholl. De Micro op 180 Graad an esou haard wei meiglech ophuelen.

Zu Ettelbreck waar ech 10 op 10. Ech haat also baal 2 Stonnen gebraucht, obwuehl ech de Schnellzuch geholl haat. Un engem Gelänner bei der Gare hung nach en futtise Velo. Elo schon sait 2 Wochen. An mettlerweil waaren och schon keen Suedel an keng Rieder mei drun.

Waat haat daat alles ze bedeiten? Wiesou esou vill Angscht an Schrecken? Waat waar daat lei fir en komeschen Trip? Ech hun den MD net ausgemaach, aus Angscht, et geif mir herno keen gleewen. Ech haat meng Beweiser.