Angscht a Schrecken leschten Chreschtdaach (hun ech dir main Härz gin)

Chreschtmusek ass eppes ganz schreckleches. Mee et ged en Lidd, daat ass méi schlemm wéi White Christmas, Léiwe Kleeschen an Jingle Bells zesummen: Last Christmas.

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken08web.mp3]

Ech hassen Chreschtmusek jo am Allgemengen. Daat enzegt Lidd, waat ech eng Keier am Joer erdroen kann, ass “White Christmas” vum Bing Krosby. Wahrscheinlech och doweinst, well Schnei daat enzegt ass, waat mech an eppes versetzt, waat bessi mat “Chreschtdaachsstemmung” ze verglaichen ass.
Mee et ged engt Lidd, daat fannen ech besonnesch schlemm. An graad dest Joer verfolegt et mech mei wei soss.
Genau… last Christmas, gesongen vun enger Band, die sech “Wham!” nennt. Ursprünglech ass daat Lidd vun de Beatles, an d’Original-versioun ass och nach graad esou ze erdroen. Mee die nei?
Einfach nemmen fuerchtbaar. Mir schuddert et, wann ech schon nemmen drun denken.

An genee daat Lidd huet mech dest Joer richteg verfolegt. Ech sin eng Keier mat engem Auto gefuer, wou de Radio gelaaf ass an genee daat Lidd gelaaf ass. Daat waar die eischten Keier, wou ech daat Lidd hun missen GANZ lauschtren.Ech hun die Persoun, die mam Auto gefuer ass, net esou gudd kannt an wollt do net onbedengt soen “Kennen mer net eppes aneschteres lauschtren?” oder “Huelt den ARA, soss kann en jo zu Letztebuerg souwiesou naischt lauschtren!” oder awer, an daat wier richteg eierlech gewierscht: “Maacht daat schaisst Lidd aus!”
Ausserdem huet der Persoun daat Lidd vlaischt gefall, an sie hätt mech, wann ech eppes geint daat Lidd gesoot hätt, aus dem fuerenden Auto geworf.

Ech stellen mir et net immens angenehm fier, aus engem Auto geworf ze gin, den ongefeier mat 250 Stonnenkilometer iwert den Feldwee briedert, dann an engem pickegen Droot hänken ze bleiwen an duerch die nach oppen Dier “Last Christmas” ze heiren.
Aanersaits hun ech mir d’Fro gestallt, op et net mei schlemm wier, daat Lidd ganz missen ze lauschtren.

Daat richtegt schlemmt waar allerdengs den Ouerenwuerm, den ech duerno haat. Ech hun net nemmen andauerend daat Lidd an mengem Kapp heiren, nee, ech hun ungefaangen et ze summen. Domadd sollt et nach net eriwer sin. Elleng, daat dat Lidd irgendwou zweschen mengen Synapsen hängen geif, huet bei mir schon Angscht ausgeleist. Mee dun ech och nach, ouni et ze wellen, ungefaangen, Zeilen aus dem Lidd ze sangen!
Wie schrecklech, hun ech geduercht an hun die haardst an schrecklechst Musek, die ech kennen, sou haard an esou schrecklech wei ech nemmen konnt, ungemaach.
Esou laang die Musek gelaaf ass, ass et gaangen. Ech konnt mech op de Kameidi konzentreiren an hun net missen un leschten Chreschtdaach denken.

Mee esou baal wei ech de Raum mat der haarder an schrecklecher Musek verloss hun, ass all Keiers erem eppes geschidd, daat mat sech bruecht huet, daat main Ourewuerm erem komm ass. Eng Keier hun ech um Fernseh just 2 Sekonnen vun den Lidd heiren, an schon hun ech erem ungefaangen, daat schrecklecht Lidd mat dem fuerchtbaar banalen Text ze sangen!

Irgendwann hun ech ungefaang, nozedenken, waat ech selwer leschten Chreschtdaach gemaach hun. Natirlech die üblech Saachen wei mech driwer opzereegen, daat iwreall Kleescherer hänken, Chreschtmusek ganz fuerchtbaar fannen an Cadeauxen auspaacken.
Mee ech haat och den Fehler gemaach, ob hellegOwend selwer an en Geschäft ze goen. Et waar engt vun der Kett, die heescht wei en Haus an en symphatescht grengt Quadrat als Logo huet. Ech froen mech, wei de Kreateur vun dem Logo argumenteiert huet, fir daat duerchzebrengen!
“Oh jo, den Karo symboliseiert d’Haus, den Zesummenhalt, d’Gebuergenheet, während die hellgreng Faarw Liewenskraaft, Dekoratioun, kleng Praiser, flott Ideen ausdreckt”

Heiansdo ass et besser, sech gewess Saachen iwerhaat net virzestellen.
Ech wollt un sech just eng Rum kaafen, fir en Bild dran ze maachen an daat ze verschenken. Den Beschenkten haat sech en selwergemoltet Bild gewenscht, also huet en daat och kritt.
Ech verschenken normalerweis net vill, an wann ech eppes schenken, dann maachen ech mir Gedanken doriwer, waat dem Beschenkten geif Freed maachen, schreiwen meeschtens nach e puer leiw Wierder dobai an daat waar et dann. Ech wollt mech hei eng Keier konkret geint d’Verschenken vun Fleesch oder soss onverschaffte Alldaachsliewensmetteln ausschwätzen. Daat brengt iwerhaat naischt.
Woumadder ech natirlech naischt geint Kischelscher gesoot well hun. Ouni Kischelscher wier Chreschtdaach nach eng Keier esou schlemm.

Ech stoung also an dem net klengen Buttek an hun en vun ennen no uwen an vun uwen no ennen no enger passender Rum ausgesicht. Herno haat ech just eng stenknormal Glasrum fonnt. Nodeems ech lanscht sangend Chreschtbemmerscher an rosa Plastikengelscher, die an aalen Farwen liichten kennen gaangen waar, waar ech frou, iwerhaat nach eppes ze fannen.
An dun stoung ech bestemmt eng hallew Stonn an der Schlaang an hun die schlemmsten an kitschegst Chreschtlidder missen erdroen, während mech nach mei obzön Chrechtdekoratiounsartikeln ungekuckt hun. Angscht a Schrecken sin mir d’Been eropgeklommen.
En Moment hun ech drun geduercht, d’Rum einfach ze klauen. Mee waat wier daat fir en Geschenk?
“Dei Rum ass iwregens geklaut. Awer just, well ech et am Buttek net mei ausgehaalen hun!”
Zum Gleck sin ech un d’Rei komm, iert se “Last Christmas” gespillt hun. Soss wier ech wahrscheinlech Amok gelaaf an hätt virdeischt mol d’Verkeeferin mat engem Plastikengel embruecht, fir dann ee Regal mat danzenden Chreschtbemmerscher duerch d’Fenster ze geheien an hannendrun ze sprangen. Natirlech MAT menger Rum ennert dem Aarm.

Daat hun ech also leschten Chreschtdaach gemaach. Ech hun een Bild verschenkt, keen Härz. An ween mir en Steck Fleesch, an besonnesch Innereien wei en Härz schenkt, den kann secher sin: Daat gin ech och virun!