Angscht a Schrecken op enger komescher Versammlung vun engem Konschtprojet am Kader vum Kulturjoer 2007

Ech tendeiren jo dozou, hip Konschtsaachen déi sech am kader vum Joer vum bloen Hirsch ofspillen, vaguement interessant an eventull souguer cool ze fannen.

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken09web.mp3]
mp3 download Angscht a Schrecken op enger komescher Versammlung vun engem Konschtprojet am Kader vum Kulturjoer 2007

Fläsch null null siewen nennt sech en Projet wou Jonker sollen multimediaaduiovideoteschnesch Reportagen iwer eben Evenementer am Joer vum bloen bockegen Hirsch op en Site schecken. Fir déi ganz hip daat ganzt och per SM- oder MMS.

De bloen Hirsch ass bockeg, well en röhrt. Daat ass esou defineiert gin. An Hirschen röhren nemmen, wann se bockeg sin. Brunft nennt en daat beim Hirsch. Esou Saachen kann en iwerall noliesen, wann et een interesseiert.

Mir wossten net richteg, wéi en op déi ominös Plaatz irgendwou am Grond geif kommen. Ob jidde Fall wosste mer net, wei mer et mam Auto geifen maan. Also sin mir durch enk an schlecht Strossen gefuer. Mat haarder, drecker Musek.
Vlait muss daat esou sin. Vlait muss en als Journalist, an virun allem als Gonzo-Journalist einfach ze speit kommen an de Cliché erfellen.
Mit haaten dann och ongefeiher 10 Minuten Retard, waat sech jo dann nach am “cadre académique” hällt. Un sech kéint en deen jo och “cadre journalistique” nennen.
Mee ganz schlemm schengt keen eise Retard fonnt ze hun. Gesoot huet op alle Falls keen eppes.
Et huet sech awer och vlaischt keen getraut.

Daat ganzt waar an der Abé Neumünster. Die besteht jo aus verschiddenen Gebaier, die zimmlech bis ganz aal sin an irgendwann eng Keier reno- an moderniseiert gin sin. Mat vill Glas.
An mat Luuchten, dei engem vum Buedem aus riicht an d’Gesicht strahlen an vun denen een furchtbaar verblend ged.

Nodeems mir ongefeier 6 Schelder nogaangen sin, hun mir endlech den eischten Raum ereescht. Den waar allerdengs just d’Garderobe. Normalerweis schengt en en Büro ze sin, well esou huet daat Material, waat do rondrem stoung, jiddefalls ausgesin.
Mir sin virdeischt mol begreißt gin, ob eng immens fein an zufirkommend Maneier. Do konnt en sech wirklech net beschweiren. Mee eppes un dem Raum waar immens versteierend.
Et stoung en Fernseh, en aalen Modell um Bueden.

An do ass en komeschen Film mat ondefineierbaaren Saachen an Gro- an Brongtein dran gelaaf. Ech hun mir erwaard, daat geschwen geif een engem aanerem mat der Buermaschin durch D’Aan bueren oder mat enger Motorsee an raschteg Fässer schneiden. Mee ier ech esou eppes konnt gesin an all meng Virurdeeler geigeniwer vun Kenschtler bestätegen, sin mir an een aaneren Raum geleet gin.

Ech denken iwregens, daat déi allermescht Kenschtler legal oder nach leiwer illegal Drogen huelen Daat ass vlaischt en Virurdeel, mee ech kruut et schon ze oft bestätegt, fir net dorunner ze glewen. Trotzdem, oder grad doweinst, sin mir, wéi schon virudrun gesoot, vill Konschtprojeten durchaus symphatesch.

An de Raum, wou mir komm sin, soutzen rondrem Descher, die en iwregens aus irgendengem komeschen Grond mat Ritschratschen kann uneen kliewen, schon eng ganz Retsch Leit, dei een alleguerten endweder an die legal oder illegal-Drogen-Kategorie anklasseieren konnt. Bis ob e puer Steck, die hun seriö gewirkt. Speider sollt sech erausstellen: et waaren Wessenschaftler, die mat komeschen 3D-Techniken schaffen. An esou engem Beruf brauch en iwerhaat keng Drogen ze huelen.

Dunn ass et lass gaangen mat Presentatiounen. Virdeischt ass jiddereen virgestallt gin. Dun ass de Projet virgestallt gin. Dun ass en Film gewissen gin, den virun allem aus verpixelten Videobiller vun Ministeren mat klassescher Musek am Hannergrond bestaanen huet. Daat ganzt op dem fameisen Owend, bei dem ech an enger Bar, die ausgesait wei en Scoutschalêt, Wäschbenzin kruut an net an die berühmt-berüchtegt Rotonde erankommen sin.
Vill verpasst haat ech allerdengs net, wei ech um Video gesin haat.

An enger Paus ass et dun Gedrenks an, Knabbereien an komesch Kischelscher an suspekter Form gin. All déi Saachen waaren vun gudder Qualiteit an et konnt en sech wirklech net bekloen. Trotzdem huet alles bessen suspekt gewierkt an dem Raum.
Ech hun mech och bessen deplaceiert gefillt. Vill Leit waaren vun dem pixelegen Video esou beandrockt, daat se ungefaangen hun, mat hiren Handyen ze filmen oder Toun opzehuelen.
Ech hun dun geduercht ech misst mech dann och net schummen dofir, daat ech alles geif ophuelen an hun de Mikro offen op den Desch gestalt.
Mir sin trotzdem nach weider komesch gekuckt gin.

Och wei daat ganzt dun färdeg waar an mir Äddi gesoot hun, sin mir nach eng Keier laang beschwaat gin. Net ob eng onfein aart an weis, mee trotzdem… ech kruut e bessi Angscht.
Emmerhin waaren vill Kenschtler do. Leit, die sech Filmer unkucken, wou Leit mat der Motorsee an d’Aan gebuert kreien an mat der Buermaschin Musek op raschtegen Fässer maachen.
Leit, die wameiglech all Daach en suspekten Pack mat Drogen vum Rastamann heemgeliwert kreien.
Am allerschlemmsten Fall waar irgendeen verreckten Drogenfreak do, den et flott geif fannen, selwer mat rastegen Fässer op Leit anzeschloen an dann bludeg Filmer ze dreinen.

Nee, den Büro an engem ziemlech antiken Gebai waar keng Plaatz fir mech. Ob manst net dann, wann ech net wosst, ob waat fir eng Persoun ech misst obpassen, wann se alleng mat mir am Raum waar.

Waat nach bliwen ass, waar d’Flucht.
Die waar genau esou haard an dreckeg wei eis Arrivé, mee mei schnell. Mir hun een Wee fonnt, den eis innerhalb vun 4 Minuten vun der Abbé Neumünster zum ARA Haaptquarteier bruecht huet. Hätten mir daat eischter gewosst…
Mee lo waar daat och egal. Am Radio sin komesch Messagen iwer ausgefaalen Sendungen gelaaf,
an mir sin mat hescht meiglecher Vitesse aus dem Höllenschlund geflücht…