Angscht a Schrecken op engem zengjähregen Gebuertsdaach vun enger Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet

Ech hu jo un sech naischt geint haard Musek. Mee ech hun awer eppes geint vill ze kleng Reim, an denen vill ze vill haard Musek gespillt ged.

[audio:http://www.angschtaschrecken.lu/audio/angschtaschrecken10web.mp3]

Ech wosst awer, ob waat ech mech geif anlossen an dofir kann ech mech net bekloeen. An trotzdem.
Et waar en vun denen Deeg, wou en sech verzweifelt d’Fro stellt, ob en soll eng Jacket undoen oder net. Ob engem Konzert hennert eng Jacket normalerweis. Et huet en net vill Geleegenheet, se auszedoen, mee et misst en et awer dringend.
Et ass normalerweis waarm am Raum, et sprengt en selwer vlaischt nach bessi rondrem, an am allgemengen ass eng schweeseg Atmosphär. Fir net ze soen: Et herscht en fiichten, subtropeschen Klima.

Ech mech also dofir entschloss, keng Jacket unzedoen an haat just main Kapuzenplover un. No denen eischten 5 Meter hun ech gemierkt, daat dat en Fehler waar. Et huet nämlech riicht eran gereent.
Gudd, hun ech geduercht, daat ass och nach keen Drama. Déi 10 Minuten bis op d’Gare geif ech packen. An am Zuch wier et dann ejo drechen, an der Staadt geif et jo secher net méi reenen.

Am Zuch waar et tatsächlech méi drechen. Dofir huet do awer eng ziemlech onheemlech an agressiv Atmosphär geherscht. Ech haat, ouni et ze wellen natirlech, engem Besoffenen Dir op de Kapp geschlo.
Den huet mir dun och direkt gesoot, ech misst besser oppassen. Allerdengs waar “direkt” fir hien dun, wei en bis bei main Abteil getorkelt waar.
Ech hun net ganz vill drop gin. Den Mann hätt jo och bessi keinten oppassen.

Ech souz also an dem Zuch, den durch d’Daischtert gerattert ass, an ech souz alleng an mengem Abteil an mir ass et emmer méi an méi onheemlech gin.
Aus dem Abteil nirwend mengem sin komesch Geraischer komm.
Ech sin mir virkomm wéi an engem Zirkustransport. Wéi an engem onheemlechen an brutalen Zirkustransport.
Iwerall am Zuch huet et geknuppt an Leit hun gelallt. Et huet sech unheiren wei wann se geifen duerch den Zuch laafen an hir blöd Parolen lallen, ouni Grond, ouni Verstand, ouni Senn…

Ech souz zweschend alledem an konnt mech net wieren. Ech hun just gehofft, daat keen op d’Idee geif kommen, bei mech an d’Abteil ze kommen. D’Angscht ass mir lues awer secher d’Been eropgeklommen.
Ech haat Angscht virun denen Verreckten, die lallend a besoof duerch den Zuch gelaaf sin an vlaischt net nemmen op Alkohol, mee och op Drogen eraus waaren. Um Enn waar ech an enger Kaffeefahrt vun e puer Drogenverreckten, déi graad den greißten Horrortrip vun hirem Liewen haaten.

Irgendwann ass den Zuch dann unkomm an mir ass, trotz all mengen Befierchtungen, naischt geschidd gewierscht. Ech hun mech esou seier wéi nemmen meiglech aus dem Zuch gemaach, well ech gefaart hun, irgendeen Drogenfreak op dem schlemmsten Horrortrip vun sengem Liewen geif mengen, hien misst jiddereen embrengen, den em iwert den Wee leeft.
Normalerweis hun esou Leit folgendes als Begrennung:
“Wann ech jiddereen embrengen, kommen ech an den Himmel bei Jesus. Jesus ass main Frend!”
Ech wosst, daat an dem Zuch keen main Frend konnt hun vun Angscht baal net matkritt, daat et mindestens genausouvill geif reenen wei do, wou ech erangeklomm waar.

Ech sin dunn duerch d’Gare gehetzt an hun bei der Entree, wou ech nirwt enger illustrerer Gesellschaft stoenbliwen sin, festgestallt, daat et net esou vill geif reenen, wei do, wou ech erangeklomm waar.
Et huet vill méi gereent.

Déi enzeg Maneier, fir och nemmen hallew drechen unzekommen waar also, ze rennen. Oder, wann en den Minimum un Coolness wollt behaalen, den vun engem verlaangt ged, wann en op d’10-Joer-Geburstdaachsfeier vun enger Bar, déi ausgesait wei en Scoutschâlet geht: seier goen.

Bei der Post dun hun ech eng Laich gesin. Also, ech hun gemengt, et wier eng Laich oder ob manst eng verletzt Persoun. Ob manst louch do eppes, waat vague wéi en Kierper ausgesin huet an eppes, waat vague wei Blut ausgesin huet.

Ech sin méi no gaangen. Ech haat en Zuch voller Drogenverecktener iwerliewet, dann geif ech et och packen, eng Laich ze gesin.
Mee wéi ech mei no komm sin, hun ech ziemlech seier gemierkt, daat et keng Laich waar. Et waar eischter eng Kescht, Isoleierwoll an irgendengaart Jus, deen awer genee déi selwescht Faarw wéi Bludd haat.

Ech sin also weider gaangen an meng Kaputz huet esou lues ugefaangen, fiicht ze gin. Ausserdem haat ech nass Feiss. Mee et waar net méi allzewait an ech wosst jo, daat et an der Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet, gudd waarm wier.

Ech sin eigentlech genee zu dem richtegen Zaitpunk unkomm. Ech kruut eng Plaatz virun der Bühn an ech hun just nach missen 10 Minuten waarden, bis de Konzert ugefaangen huet.
Also, wann ech soen, virun der Bühn, dann mengen ech: virun der Plaatz, wou d’Band stoung. Well eng richteg Bühn gouf et un sech net. Wou soss zerkraatzten an verrefften Decher stin, déi all méi aal wei 10 Joer ausgesin, do stoung lo eben eng Batterie, Verstärkerern an soss Audio-Krimskrams, den en eben fir en Konzert brauch.

Wéi et dun ungaangen ass, huet de Sänger vun der eischter Band gesoot, et geif en extrem rouegen Konzert gin. Ech wosst, daat dat geif kommen. Un sech wier et méi richteg gewierscht, den hätt gesoot, et geif en extrem luesen Konzert gin.
Mee ech froen mech, ob iwerhaat irgendeen ausser mir am Publikum déi Uspillung verstaanen haat.

Et gouf eigentlech just nach een Wuert, fir d’Steemung, d’Musek, daat virhereschend Gefill an der Bar, déi ausgesait wéi en Scoutschâlet, ze beschreiwen: haard.
An wann ech haard soen, dann mengen ech net nemmen ziemlech haard.
Et ged eng Grenz vun Schalldrock, also Lautstärkt, déi Menschen kennen erdroen. Irgendwann platzten die enner Oranger einfach. An wann ech soen: haard, dann waar et no dorunner.

Ech haat e bessi Angscht, no dem Konzert naischt méi ze heiren. Annersaits hun ech d’Musek jo heiren, an esou laang ech déi nach heiren hun, konnt ech jo nach net ganz daaf sin. Ob manst daat alt mol.
Waat ech méi gefaart hun waar, daat en vun denen Mikroen, déi opgeaangen goufen, fir den Konzert opzehuelen geif erofaalen. En vun denen zwee waar esou deck an schweier daat den, den en op de Kapp kritt hätt, secher op der Plaatz doud gewierscht wier.

Die net immens grous Bar huet sech emmer an emmer méi gefellt. Ech hun mech no der eischter Band net méi getraut, eraus ze goen. Ech haat dozou och keen Grond. Ech kruut nach genuch Loft, ech haat eng leif Persoun fir ze schwätzen an och eppes fir ze drenken. Och main Geheier huet nach, esou wait ech daat eben beurdeelen konnt, funktioneiert.
Dun huet d’Musek erem ugefaangen. Mee des Keier waar se irgendwei mei…lues. Vlaischt huet daat och un denen villen Leit geleen, déi virun an rondrem mech stoungen.

No der zweeter Band dann waar die Bar, die ausgesait wéi en Scoutschâlet an ausserdem och nach grad 10 Joer gefeiert huet, wirklech stubbelvoll. Esou strubbelvoll, daat en Meih haat, vir erauszekommen, waat ech an meng Begleedung awer probeiert hun. Wei ech an der Traap stoung hun ech geduercht: Wanns de lo einfach sprengs, bass de Seier ennen. An bis op de Buedem kenns de och net.

Ech sin dun och net gesprongen. Mir hun eis duerchgekämpft. Irgendwou huet en aarmen, den graad zerdreckt gin ass, gejaut. Vlait haat en och einfach just ze vill gedronk an den Bauch wéi. Ech wees et net.

Irgendwann haaten mir et dun eraus gepackt, mee do waren ongefeier nach eng Keier esou vill Leit wei an der Bar selwer. Dementsprechend waar d’Loft och genee esou steckeg wei bannen. Och vun der Temperatur waar net vill Ennerscheed. Mir hun eis weider duerchgekämpft, bis mir op der Stross stoungen.

Ech konnt net méi erangoen. Ech hun missen den Zuch fir heem huelen. An hätt ech et nach eng Keier probeiert fir an den Scoutschâlet vun enger Bar eranzekommen, wier ech garanteiert ze speit komm. Ech haat esouwiesou genuch.

Am Zuch sin ech dun nach vun enger weldfriemer Persoun erkannt gin an kruut vun engem Kommunist Amaretto ungebueden.
Et waar erem en typeschen Owend vun Angscht a Schrecken.