Angscht a Schrecken am Stuerm

En Stuerm ziid iwer Europa. Eigentlech sollt daat naischt extrem ongeweinleches sinn. Mee irgendeen haat sech an den Kapp gesaat, eppes besonnesches dorrauser ze maachen.


Um Fernseh gouf et schon 3 Deeg virdrun 3D-animeiert Wolkenformatiounen ze gesin, déi an rasantem Tempo iwer Europa gezun sin.
Et huet e d’Zersteirung schon virun sech gesin. Millionen Hektar Besch emgefall, Dausende vun Leit vun Beem oder vum Bletz erschlo, ganz Dierfer verwüst an Kéi duerch Loft gewirbelt Esou Biller hun sech an mengem Kapp ofgespillt.

Irgendwou am ganz heigen Norden hun se en Wall gebaut fir den .Sand op der Plage ze behaalen. Daat heiert sech komesch un, mee déi Leit liewen vun der Plage. Well, daat wier jo wirklech komesch, wann en un d’Mier fiert an sech dann op eng Wiss muss leen, well de Sand am Januar all fortgeblosen gin ass an doweinst keng Plaatz méi do ass.
An vun enger “Grasbuerg” hun ech och nach nie eppes heiren.

Ech waar eng Keier op enger Kieselplage. Daat waar déi beschte Plage déi ech je gesin haat. Sand huet un sech just onangenehm Eegenschaften. En ass virdeischt mol vill ze waarm fir mat plaakege Feiß dirwer ze laafen. Wann en sech also mol d’Feiß verbrannt huet, mierkt en ganz schnell, daat engem d’Zeiwenneel ganz zerkratzt sin an dofir elo ausgesin wéi Mellechglas. Oder esou wéi wann en Kallekmangel hätt.
Ech wees net ob daat stemmt, mee ech kruut emmer geziehlt, wann en waiss Flecken op den Neel hätt, hätt en Kallekmangel an misst méi Mellech drenken. Mee vlaischt huet d’Mellechindustrie daat Gerücht och nemmen an d’Welt gesaat.
Nasse Sand pecht iwerall. Ausserdem brauch nemmen e bessi Loft ze sin, an um Mier ass quasi emmer Loft, fir daat den Sand engem an d’Aan an op de Picnic flitt. Den schmaacht dann sou richteg knuspereg.
Wann en dann vun der Plague erem doheem unkomm ass, huet en an allen meiglechen an onmeiglechen Kieperöffnungen Sand. Daat daat weder angenehm nach flott ass, muss ech jo secher kengem zielen.
Doweinst sin kleng Kisselsteng op Plaguen richteg gudd.
Enzegen Nodeel: et kann en keng Buergen domadder bauen.

Ob all Fall hun ech mir bei all denen Berichter vun Dännebeemerschersbarrieren fir de Sand um Strand ze haalen geduercht, et keint en bei der Geleegenheit jo driwer nodenken, en Downgrade up “Kisselplague” ze maachen.
Downgrade doweinst, well Sand firdeischt mol eng Keier een Kisselsteeen war, wéi secherlech jiddereen wees.

Ech hun mech emmer an emmer erem gefroot, waat un dem Stuerm dann elo sollt esou schlemm sin. Zenter weini kann en d’Wierder eigentlech genee viraussoen? Ech heiren all Woch eng Keier, daat et soll schneien, reenen oder daat d’Sonn soll schengen, an herno waar et awer net esou. Firwaat soll et bei engem Monsterstuerm dann a bemol esou gudd goen?

Mee laang konnt ech doriwer net nodenken, well ech sin vun enger 3D-animeierter Wolekenformatioun déi mat mindestens 200 km an der Stonn iwer Europa geflunn ass quasi hypnotiseiert gin. Emmer an emmer erem ass déi psychadelesch Animatioun iwert de Bildschirm gehuscht an dobai sin Schreckensvisiounen vun Wandspetzten bis zu 200 km an der Stonn an zersteierten Dierfer ungedeit gin.

An je méi no de Stuerm komm ass, desto méi grouss ass d’Angscht och gin.
Virdeischt waar et just bessen méi Loft wéi normal.
Mee dun ass de Reen komm. Et huet gereent wéi nach nie.
OK, eigentlech huet et schons oft esou vill gereent. Un engem Steck nach net esou oft, mee trotzdem, et soll en net iwerdreiwen. Obwuehl Iwerdreiwungen heinsdo d’Dramatik positiv beanflossen.

Dramatesch waar daat Bild, waat sech engem duerch Fensterscheiw gebidd huet. De Noah wier op esou en Reen stolz gewierscht. Ech hun et eischter mat der Angscht ze din kritt.
Et gouf jo och en klengen, mee wichtegen Ennerscheed zweschen mir an dem Noah. De Noah haat en Scheff an ech allerhechstens en obblostbaart Paddelboot aus der leschter Vakanz – mat vill Sand zweschen den Gummirillen.

Ech hun missen genee 10 Minuten duerch de Stuerm treppelen. Et huet geblosen wéi all naischt guddes. Ech sin baal net virun komm. Ech konnt net emol méi ob meng beleiwt Aart an Weis fir aus Angscht a Schrecken-Situatiounen rauszekommen zereckgraifen. Wéi soll en och flüchten, wann et net emol méi meiglech ass, ordentlech ze goen?

Ech sin plätschnass gin. Meng Kleedung huet sech quasi mam Reen opgeleist. Ech hun probeiert, méi schnell ze goen, ze flüchten, mee et ass net gaangen. De Wand huet onbaarmhärzeg widdert mech gedreckt.

Do ass mer eppes angefall. Ech hun irgendwann eng Keier eng Tabell gesin, wou d’Wandstärkten erklärt waaren. Bei Wandstärkt 5 zB. bewegen sech d’Äscht vun de Beem e bessen. Bei Wandstärkt 12 stoung do: Kanner vun manner wéi 12 Joer fleien fort.
Ech hun e bessen méi wei 12 Joer. Mee trotzdem, vlaischt flitt bei Wandstärkt 13 oder 14 jo jiddereen fort? Ech hun mech schon gesin duerch Loft seegelen an herno an irgendengem Baam an Ostpolen hänken.
Ech sin mir secher, ech wann ech an engem Baam an Ostpolen geland wier, wier ennert dem Baam d’Hütt vun irgendengem Drogenverreckten oder der Hexe aus Hänsel und Gretel gewierscht. Oder d’Weekendheischen vum Rastamann.

Irgendwann haat ech et dann awer gepackt. Mee et waar nach net eriwer. Daat schlemmst sollt jo erreicht kommen. Ech hun déi ganz Nuecht duerch de Stuerm heiren. Ech haat nach nie esou vill Wandgeraischer heiren an hun déi ganzen Zait gefaart, de Sturm geif den Daach, ennert dem ech schlofen, ofdecken an mech mat mengem Bett fortblosen.
Ech wollt net onbedengt mat mengem Bett an engem Baam an Ostpolen, ennert dem Weekendhaisschen vum Rastamann hänken.

Daat enzegt, waat mech schlofen geloss huet, waar d’Gewessheet, daat keen Baam rondremstoung, den hätt keinten op mech faalen.