Angscht a Schrecken mat engem Ökohellegenschain

Et gin Leit, déi sech anbilden, en Öko-hellegenschain ze hun. Daat huet natirlech naischt mat der Kirch oder soss enger Relioun ze din. Obwuehl en sech do och net emmer esou secher sin kann.
Ob alle Fall huet kritt en en Ökohellegenschain, wann en net vill oder nie mam Auto fiert, sain Dreck sennert oder iwerhaat mol an d’Dreckskescht geheit, weineg Stroum verbraucht an natirlech Bio-Saachen konsumeiert.

Un sech misst den Radio ARA schon elleng doweinst een Ökohellegenschain kreien, well en am Gedrenksautomat an eisem Haaptquarteier Bio-Jus kaafen an durno drenken kann.
Et gin Gerüchter em, daat och Leit ouni Ökohellegenschain den Jus geifen drenken an deelweis esouguer süchteg wieren.

Déi eischte Keier wou een mir daat geziehlt huet, hun ech mir daat virgestallt. Virun mengem geeschtege Aan hun ech ofgewrackte Männer gesin, déi hiren Kaffi moies mat drai Leffelen Speed drenken an dann déi zeng Minuten bis op d’Arbescht mat enger Duerchschnettsvitesse vun 150 Kilometer an der Stonn op engem Motorrad zereckleen mat ziddrege Hänn bei den Automat trellen, den déi laangersehnten Drog an 25Mililiter-Dosen erausreckelt.
Bis ob een gewessenen Zaitpunkt, wou keng Fläsch méi am Automat ass.
Dann mussen d’Entzugserscheinungen immens schlemm sin. Ech gesin déi ofgewrackte Männer, déi dann 5 bis 6 Leffelen Speed am Kaffi brauchen, fir iwerhaat kennen opzestoen mat rouden Aan an ziddregen Been duerch en Supermarché laafen an no dem Jus Auschau haalen.
Sie wessen natirlech net, wou se den Jus sichen sollen, well sie jo normalerweis keen Ökohellegenschain hun.
Irgendwann ereeschen awer och sie wéi all Süchtegen d’Quell vun hirerem Verlaangen an kaafen sech direkt eng Litersfläsch.

Ech wees net, ob ech een Ökohellegenschain hun. Esou eppes gesait en jo net am Spiggel. Woubai daat och alt erem esou eng Saach ass, well zenter daat ech en néien Brell hun, kucken ech an den Spiggel an gesin en Friemen do. Ech maachen dem trotzdem de Baart.

Ech fueren awer ziemlech oft mam Zuch an mam Bus. Besonnesch am Zuch erliewt en des öfteren Angscht a Schrecken, an daat leit deelweis un den CFL, mee oft genuch och un den Passgeier, déi sech opfeiren wéi en Trupp Drogenfreaks op enger Kaffeefahrt.
Wahrscheinlech zidd en Zuch ofgewrackte Männer, déi hiren Haschtéi moies mat 3 Leffelen Heroin drenken, op eng magesch Aart an Weis un.
Sie mussen sech dann einfach dransetzen an wéi blöd doduerch laafen an irgendwelch obskur Parolen blären. Oder sie wellen jiddereen, deen hinnen iwert den Wee leeft, embrengen. Well Jesus oder soss irgendeen Öko-oder-net- Hellegen hiren Frend ass.

Am Zuch jaizt och eng méi oder manner frendlech Stemm all Arret aus. Oft mat enger Betounung, wéi wann et iwerhaat keen Zweck méi hätt, erauszeklammen, well an der betreffender Uertschaft graad eng Gasexplsioun alles Liewen zersteiert huet.

Daat ass och eng Ursach fir Angscht a Schrecken, mee keng esou schlemm wéi Drogenfreaks op der Kaffefahrt. Oder muss en bei esou Leit eischter Haschtéifahrt soen?

An engem Bus huet en als Ökohellegenschainbesetzer oft ganz aaner Problemer. Firdeischt muss en mol den richtegen Bus fannen, waat net emmer einfach ass, well virun dem richtegen Buss emmer ob manst nach een aaneren steht, den eng ähnlech Nummer huet. Ausserdem schleift den Chauffeuer emmer dann, wann et dobaussen aiskaal ass an et wannmeiglech och nach riicht eran reent.
Sin déi Problemer mol iwerwonnen, setzt en also an engem Bus, deen fiert, kommen nach ganz aaner Problemer ob een zou.

Esou och ob mech, wéi ech des Lescht am Bus souz fir d’S. Ze besichen. Ween d’S. Ass, froot dir ierch? Die Leit, déi Angscht a Schrecken 1 gelauschtert hun, wessen, ween d’ S. Ass. Déi aaner kennen sech déi erwähnten Folg um Internet eranzeien oder sech einfach soen lossen, daat d’S. Eng extrem fein an wonnerbar Persoun ass. Méi muss en jo och net zielen.

Ech souz also an dem Bus, deen duerch d’Daischtert an iwerwelch Kéidierfer am Westen gefuer ass. Noddems ech draimol baal gemengt hätt, ech geif an dem falschen Bus setzen an misst dann irgendwou an engem Duerf erausklammen, vun dem ech de Numm mol nach nie heiren hätt, hun ech dunn irgendwann geglewt, daat ech an dem richtegen Bus geif setzen.

Allerdengs haat ech nemmen nach eng vague Errennerung dorunner, wou ech dann elo sollt erausklammen. Also, ech wosst natirlech, wéi déi Urtschaft, an déi ech misst, geif heeschen, mee un d’Bushaltestell konnt ech mech net méi esou richteg erenneren. Irgendwou ob enger riichter Stross, haat ech am Kapp.
An denen meeschten Dierfer gin et Bushaltestellen op riichte Plaatzen.
Ausserdem waar et esou daischter, daat ech mir secher waar, daat ech net keint op den Saatz vun verschwommenen Erennerungen zereckgraifen, deen ech nach irgendwou am heneschten Eck vun mengem Gehiir haat.

Ech hun mir virgestallt, ech geif den falschen Arret erweschen an mech dann hoffnungslos verlaafen. Well keen op der Stross wier, keint ech och keen froen an esou geif ech dann irgendwann bei der Hütt vun engem ofgewrackte Mann landen, deen mech fir de Rastamann hällt an mir firdeischt mol en Kaffi, schwaarz an esou staark daat en de Leffel kaum bewegen kann, mat 5-6 Leffelen Speed dran unbidd an dann een ominösen Paack voll mat Drogen vun mir well.

Esou Saachen haat ech natirlech net dobai, an dofir konnt ech nemmen hoffen, den richtegen Arret ze geroden. Waat an der stackdaischterer Nuecht, an der ech Ennerwee waar, wirklech Gleckssaach waar.

Angscht a Schrecken hun sech an mengem Moo ausgebreet. Et huet sech ungefillt wéi wann se geifen en Handballssmatch an mengem Verdauungsorgan ausdroen. An zwar en ziemlech wellen Match wou et vill Fouls an soss Regelversteiss gin.
Et huet richteg weigedeoen.
Ech waar net méi konzentreiert. Wéi mell hun ech an menger Erennerung no Biller gesicht, déi mir keinten hellefen, mech eremzefannen, mee ech hun keng fonnt. Ech hun all Tirang opgerappt, mee an mengem Kapp waar naischt.
Just en schwaarze Fleck.

Ech hun also missen ob main Gefill goen. Irgendwann en Scheld, wou déi richteg Urtschafft drop stoung. Ech geif also ob manst net völleg falsch unkommen. An dann ass de Bus stoen bliwen. Ech hun gemengt mech un déi riicht Stross ze erenneren an raus geklommen.
Fir en Moment waaren Angscht a Schrecken fort.

Dunn hun ech en Zonk gesin, den virdrun net do waar. Dun en Café mat dem komeschen Numm “bei José”. Daat haat ech alles nach nie gesin.
Angscht a Schrecken hun net méi Handball an mengem Moo gespillt, mee Gladiatorenkämpf.

Wou waar ech nemmen geland?