Angscht a Schrecken beim Italiener

Et ged Situatiounen, do geht en an en italieneschen Restaurant. No enger intensiver Radiosformatioun mat engem “Special Guest” zum Beispiel. Den Special Guest wellen mir hei einfach mol “Toni” nennen. Daat ass net sain richtegen Numm, mee domadd ass och schon alles gesoot, waat en wessen muss.


Mir gin no sou Formatiounen, wou mir alleguerten midd an virun allem honreg sin, oft bei en Italiener, den net allzewait vum ARA-Haaptquarteier wech ass.
Et ass zu Letztebuerg eigentlech schweier, eppes ze fannen, waat wirklech wait ewech ass. Mee wann en midd ass, an no Formatiounen mat “Special Guests” ass en daat oft, dann sin schon 500 Meter ziemlech wait wech.

Ween wees, wou d’ARA-Haaptquarteier ass, kann elo secher mat ziemlecher Secherheet rausfannen, wou mir dann elo am Restraurant waaren. Wann daat esou weidergeht, kann en mat deser Serie nach en detaileiert Perseinlechkeetsprofil vun mir erstellen. Ech gesin schon d’Besetzer vun schrecklecher Chreschtdekoratioun an Baren, déi endweder furchtbar hip sin oder ausgesin wéi en Scoutschâlet, wéi se Juegd op mech maachen.

Ech gesin mech, wéi ech déi nächsten Keier an der hipper Hollerscher Stross op der Sich no e bessi Entertainment fir eng hallew Stonn an vlaischt och engem Glas guddem Rum erkannt gin. Dann geif natirlech mat grouskalibregen Waffen op mech geschoss gin. Natirlech just an d’Been, well ech virun mengem luesen Doud voller Peng nach soll gefoltert gin.

Wahrscheinlech hätt ech souvill Chance, daat dann graad irgendeen, den mech kennt, zum Beispill den Toni mat engem schnellen Auto mat geteinten Fensteren geif laanschtfueren an mech geif retten. Meng Flucht wier wéi esou oft schnell an mat haarder, dreckeger Musek verbonnen.

Wéi ech geif gefoltert gin, well ech leiwer net beschreiwen. Ech well kengem Unreegungen liweren. Woubai Fuesmusek oder sou furchtbar Schnulzen wéi “que sera, sera” secher geifen virkommen.
An dann wahrscheinlech mat der Buermaschin an d’Aan oder an d’Kneischeiw.
Wéi gesoot, déi richteg schlemm Saachen well ech hei net soen, well ech well kengem Ureegungen brengen. Ech kann och just hoffen, daat ech im Falle eines Falles wirklech geif gerett gin.

Op alle Fall soutzen mir an dem zimlech chiquen Restaurant an hun dunn och irgendwann bestallt. Verschidden Leit haaten net vill Honger an wollten demno just eng hallew Portioun, woubai daat och eischter als Entré geduercht waar. Huet den Garcon eis erklärt. Waat lo genee den Ennerscheed zweschen enger halwer Portioun an enger Entree ass, daat muss en mir erklären. Kommen vill Leit op d’Idee, eng hallew Portioun Nudeln als Entree ze huelen?

Wéi och emmer, ech hun mir geduercht: “Du hues Honger, Joel!” an hun net gesoot, daat ech eng kleng Portioun weilt. Den Toni huet gesoot, hien weilt eng grous, well hien haat daat, waat en normalerweis als “decken Honger” bezeechent.

Allerdengs waaren eis Portiounen alleguerten méi oder weinger kleng. Oder main Honger waar just esou grous, daat ech déi “normal” Portioun schnell gepackt hun. Ech waar allerdengs der Meenung daat en normalerweis en bessi meí deifen Teller an demno och méi Nudlen an dem Restaurant geif kreien.

Richteg schlemm hun ech daat allerdengs nach net fonnt.
Schlemm waar eigentlech just d’Brennen an den Aan vum Knuewleggeroch vun der Pizza vun der Persoun, déi mir vis-a-vis soutz.

Anscheinend gin et Gerecher, déi en herno ausschweest. Sou zum Beispill geschidd mat engem ominösen Kreiderlikör. Dann riicht herno alles durno an et mengt een, et geif en verreckt gin. Geifen mir herno alleguerten no Knuewleg richen? Oder déi ganz nuecht Knuewleggeroch erausschweessen?
Ech hun iwregens den Verdacht, daat an ominösen Päck, déi desöfteren fir Drogenliwerungen gehaalen gin, och oft Knuewelg aus der Toscana dran ass.

Ech hun dun, wéi esou oft, missten op d’Toilett. Déi ass an dem chiquen Restaurant am Keller. Daat klengt vlaischt komesch, mee ass awer esou.
Ech waar schon op der Toilett. Demols haat ech se ziemlech direkt fonnt an hun do just komesch Entdeckungen gemaach, waat main Gesondheetszoustand unbelaagen geif.
Mee am Liewen vun engem Gonzo-Journalist ass en Auschlaach vum ganzen Kierper naischt besonnesches. An wann ech soen “um ganze Kierper”, dann mengen ech och um ganzen Kieper. Demols ass den mat enger gudder Dosis Cortison behandelt gin.
Bon, wéi eng gudd Frendin eng keier gesoot huet: Huel all Chemie, déis de kreien kanns. Och wann ech eng liicht Iwerreaktioun op de Coritsion haat.
Je méi Drogen, desto besser.

An dem Keller hun ech des Keier keng Toilett fonnt. Ech hun just en daischteren Raum gesin, an dem offensichtlech gebaut gin ass, an d’Kichen, wou graad ziemlech kleng Portiounen Nuddelen gemaach gi sin.
Ech wollt schon baal erem goen an helleflos froen, wou déi komesch Toilett dann wier, wéi en vun de Käsch mir et gesoot huet.

Ech hun daat ziemlech komesch fonnt. Wiesou waar esou vill Knueweleg op der Pizza? Wiesou waar déi Toilett an engem daischteren Raum, den ausgesin huet wéi en Chantier verstoppt? Firwaat kruuten mir nemmen eng kleng Portioun?
Haat den Toni eppes mat der Saach ze din?

Ech hun mir naischt unmierken geloss an hun no der Aventure do roueg weidergiess. Mee ech wosst, daat ech vun Gleck keint schwätzen, wann ech des Keier keen Kortison geif brauchen.