Angscht a Schrecken am furchtbaar hippen Melusina

Fir mol direkt eppes kloer ze stellen: Ech waar net ob engem regulärem Owend am Melusina. Ech wees net emol, ob se mech do einfach esou geifen eranlossen. Ech sin schon ob aaneren Plaatzen baal net erangeloss gin, an dofir hun ech do esou meng Zweifel. Eng ganz aaner Fro ass natirlech, ob ech iwerhaat an esou eng hip “Boite” eranwell.


Mir sollten zu zwee eng Mega-Event moderéiren. Daat ganzt huet sech Europe for You – klammer op – th – klammer zou geheescht an et ass em Europa an em déi Jonk gaangen. Et waar heich Prominenz do an et sollten verschidden Gruppen mat Danz, Gesang, Theater an durno och nach Rock optrieden. An déi sollten mir eben unmoderéiren.
Daat klengt am Fong net komplizeiert. Et kritt en eng Lescht mat denen Saachen, déi modereiert sollen gin, formt sech dorauser e puer Usoen an dann muss en just nach op d’Bühn goen an dann modereiert en monter drop lass.
Esou wait d’Theorie.

D’Praxis huet esou ausgesin daat mir en Ziedel haat wou Nimm vun Organisatiounen drop stoungen. Mee méi och net. Mir wossten also net wirklech, waat déi Leit geifen presentéiren. An et ass relativ normal, daat en dann och net wees, waat en zielen soll.
Mir stoungen um Ufank vun laangwieregen Telefonater an nervegem Nogerenns. Mir wossten net vill, mee ech wosst eppes: Et geif Angscht a Schrecken gin.

Nodeems mir den Owend virdrun eis en ob manst hallewt Bild vun denen Saachen, déi den betreffenden Daach am Melu sollten passéiren, gemaach haaten, sin mir den Daach selwer schon moies fréi an d’Staadt gegondelt. Fir Leit, déi net oft Auto fueren, a besonnesch fir d’Gonzojournalisten ennert hinnen, déi sech net an den 2 bis 3 Däller vun der Staadt mat hiren komeschen Nimm an krommen Gaasen auskennen, ass et relativ schwéier, bis bei de Melusina ze kommen. Virun allem, wann en net genau wees, wou deen lait.

Mir hun ongefeier eng Stonn gebraucht, bis mir gemierkt hun, daat mir do, wou mir eigentlech hin wollten, nämlech eng Parkplaatz no beim Melu, schon 2 mol laanscht gefuer waaren. Bon, schlussendlech waaren mir um Ziel unkommen. No enger onbedeitender an schneller Shopping-Tour stoungen mir dann am Partnerlook virum Melu. An wéi mir dun eran gaangen sin, hun mir mol missen deif durchotmen.

Ech hun mir hipp “Boiten” wou dran gedanzt ged emmer relativ grous virgestellt. Emmerhin kommen do jo honnerten vun Leit, déi gären geifen danzen an sech mat méi oder manner vill Alkohol beniwelen. Esou hun ech mir et ob manst virgestallt.
Et waar awer e bessi anescht.

De Melusina huet ausgesin wéi en besseren Luftschutzbunker. Betong, eraustehend Kabel, improviseiert Dekoratioun an ellen Neonsluuchten. Angscht a Schrecken hun sech an Grousbuchstawen an mengem Kapp visualisieert.

Wiesou huet esou eng hipp Boite ausgesin wéi en Bunker? Wiesou déi furchtbaar ellen Dekoratioun mat gellenen Papier-Maché Stären an bloen Dicher? Et huet geschengt, wéi wann déi fiicht Dreem vun engem Europa-patriot sech am Melu realisiert haaten.

No e puer Gespraicher hun mir rausfonnt, daat den Programm, also déi Lescht, déi mir haaten, e puer Fehler haat. Eng Grupp stoung zum Beispill zweemol drop, an ass awer nemmen eng enzeg Keier opgetrueden, an och soss gouf et aaner Konfusiounen, zum Beispill mat de Nimm an ähnlchen Saachen.

Kuerz gesoot: Angscht a Schrecken sin emmer méi grous gin. Mir hun an kuerzer Zait mat immens villen Leit missen schwätzen an eis méi oder manner passend Usoen ausgeduercht.

Irgendwann waar et dann esou wait. An et ass immens seier gaangen. Ech wollt nach irgendengem eppes erklären, wéi et dunn schon lass gaangen ass an déi eischt Rieden geschmass gi sin.
Ech hun déi Rieden immens onmotiveiert fonnt. An et huet en gemierkt daat déi Leit sech net wuehl gefillt hun an der Boite, déi eischter ausgesin huet wéi en improviseierten Partykeller an engem Luftschutzbunker aus dem zweeten Weltkrich.

Eis Moderatioun ass awer gudd gaangen. Zaitwais huet et esou guer richteg gerockt. Virun allem während déi Bands gespillt hun, déi eben Rock maachen.
Durno ass et weider gaangen mat Angscht a Schrecken. Musek aus der Mottenkescht vum schlechten Diskogeschmaach huet aus de Lautsprecher gedröhnt an direkt dorob hins sin wéi aus dem Naischt vill danzwüteg Leit, déi wéi déi normal Clientell vun der hipper Betongsboite ausgesin huet, op d’Danzpist gesprongen an huet ugefaangen mat Danzen.
Ech hun mech virdeischt mol missen setzen.

Irgendwéi sin ech op d’Danzpist geschleeft gin. Ech kann mech net méi richteg erenneren, wiesou, mee ech wees nach, daat ech grous Angscht haat, richteg missen ze danzen. Ech kann nämlech net danzen, an daat och just mat grouser Iwerzeegung an bessi Alkohol oder soss Drogen am Blutt.

Zum Gleck gouf et dun eng Rettung. D’Flucht. Mat engem Auto, deen furchtbaaren Kameidi mescht. Mee alles ass gudd, wann et d’Flucht aus der Betongsboit, goldenen Papiermachésstären an drogenverreckter Danzclientel ass..