Angscht a Schrecken an engem komeschen Tunnel zweschen zwou Kulturbauten um Kierchbierg

Alles huet domadder ungefaangen, daat ech déi Missioun ungeholl hun. Ech kann oft net nee soen, besonnesch wann et em Saachen geht, déi ganz kloer eng gonzojournalistesch Vue vun den Saachen verlaangen. Déi Missioun waar iwregens vum Projet Flash007, den ech nemmen jidderengem un d’Härz leen kann.

Ech sin also ausgerüst gin mat engem immens groussen an modernen Handy mat Kamera an soss technickschnickschnack, engem Batch, an virun allem mat Informatiounen iwert den komeschen Event, ob deen ech hin sollt. Mee daat waar och bessi de Problem. Et gouf keng Infos. Daat enzegt, waat ech wosst, waar, daat den Event am Tunnel zweschen dem Mudam an der Philharmonie um Kierchbierg waar.

Ech wosst bis den Owend guer net, daat do en Tunnel wier. Ech hun mir daat virgestallt wéi eng Unterführung fir Fousgänger, kleng an iwersiichtlech an un sech eng interessant Plaatz, fir Theater ze spillen. Ech waar nämlech der Meenung, et geif Theater gespillt gin, oder ob manst eppes an déi Richtung.

Vum Gronn ob den Kierchbierg ze kommen schengt en laangwiereg Geschicht ze sin, wann en sech dobai un déi normal Standartweeer wéi deen iwert déi “roud Breck” hällt. Main Chauffeuer, den iwregens en aalen, mee extrem komfortablen Auto gefuer ass, huet eng Retsch vun komeschen Schlaichweeer kann, déi eis an 10 Minuten op de Kierchbierg bruecht hun.

Elo hun ech gesin, daat ech onrecht haat. Den Tunnel zweschen dem Mudam an der Philharmonie waar net eng Unterführung fir Foussgänger, mee en grousen Autostunnel mat zwou Spueren. An en waar komplett ofgedaischtert, daat heescht mat schwarzer Folie zougepescht.
Ech waar mir net secher, ob mir ob der richteger Sait vum Tunnel waaren, well ech hun nämlech keen gesin. Keen Oppasser, keen Acteur, guer naischt.

Aus dem Tunnel ass komesch Musek komm. Ech hun ugefaangen, drun ze zweifeln, daat ech en Theatersteck geif erliewen.

An dem schwaarzen Plastik, den eigentlech daat waar, waat en normalerweis “Silofolie” nennt, waar eng Entree. Esou fuerchtbaar falsch konnten mir dann guer net sin. Vlaischt geifen mir elo direkt ob der Bühn landen, mee dann keint en emmer nach erklären, et wier en Gonzojournalist an domadder dierft en daat.

Iwerhaat ass “Ech sin Journalist, ech därf daat!” emmer eng gudd Excuse. Et kann en och soen “Ech sin Journalist, ech muss daat maachen!”, mee daat ass eischter wann en ze speit kennt.
Journalisten kommen, an daat ass einfach de kulturellen Anfloss, oft ze speit an maachen bei sou ziemlech allem en desinteresséierten Androck. Oft hun se och nach irgendwelch Drogen geholl, fir hieren ustrengenden Alldaach iwerhaat ze packen. Daat sin ob manst déi gängest Virurdeeler, déi sech oft och nach bestätegen.

Mir hun also den ominösen Angang fir den ominösen Tunnel benotzt an sin ran gaangen. Mir stoungen dun net ob enger Bühn, mee um Enn vun engem Tunnel, an dem ech méi wéi nemmen daischter waar. Wann ech soen mir, dann heescht daat, main Chauffeuer ass mat ran gaangen, fir ze kucken, ob mir ob der richteger Plaatz waar. Nodeems mir daat offensichtlech net waaren, huet hien fonnt, daat ech elo jo geif elleng de Wee fannen an huet sech aus dem Steps gemaach. Mat engem aalen, mee extrem luxuriösen Wohn op komeschen Schlaichweeer.

Ech sin duerch den komeschen Tunnel gaangen, deen wéi gesoot extrem daischter waar. Ech hun komesch, techno bis industrial-meisseg Musek heiren, an der sin ech einfach mol no gaangen. Et gouf un sech net vill Richtungen, wou en konnt hingoen. Eigentlech gouf et just viichentjez. Waat den Virdeel haat, daat en net wirklech konnt den falschen Wee huelen. An deem Senn haat main Chauffeuer schon Recht mat senger Schlussfolgerung, daat ech de Wee elo geif elleng fannnen.

Ech hun trotzdem gespiert, wéi meng zwee aal Kollegen Angscht a Schrecken erem méi no komm sin. Waat, wann et trotz allem den FALSCHEN Tunnel waar an ech elo an engem ennerirdeschen Drogenlabor oder enger illegaler Gelddreckerei geland waar?
Ok, et waar ziemlech onrealistesch, daat een ennerirdesch Drogenlabor oder eng illegal Gelddreckerei just eng Silosfolie als Entree hätten, mee ween konnt daat schon mat Secherheet soen?

Déi düster Musek ass emmer méi haard gin. Ech sin denen komeschen, mechaneschen Kleng emmer méi no komm. Ech hun nach emmer naischt gesin ausser Noutfallbeliichtung.
Sollt et an dem Tunnel je zu engem Noutfall kommen, sou geht et secher net mat der Noutfallbeliichtung duer. Ech rekommandéiren also jidderengem, den duerch den Tunnel zweschen Mudam an Philharmonie um Kierchbierg fiert, eng Täschenluucht matzehuelen. Am beschten wieren Halogenstrahler, mee eng kleng Täschenluucht kann enner Emstänn och schon Liewen retten.

Ech hun dunn eng Bühn gesin. Ausserdem en Meschpult, eng Batterie, Verstärker, an soss Audio-Krimskrams, den en eben esou brauch. Ech hun mech no menger Kontakfraa emfroot, mee et huet keen se kannt oder wosst net, wou se wier. Doweinst sin ech weider gaangen, an d’Richtung “no vir” an sin um aaneren Enn vum Tunnel erem rauskomm.
Do sin ech dann opgeklärt gin, waat daat ech tatsächlech déi falsch Entree benotzt hätt, mee weider schlemm waar et net. Ech haat schon gefaart, ech geif op manst beis gekuckt gin, mee dorunner huet keen geduercht.

No ongefeier enger halwer Stonn waarden ass et dun lass gaangen.Ech sin fir naischt erankomm, weinst mengem Batch, den mech als “Flasheur” ausgewissen huet. Mat dem riesegen Handy mat der grouser Kamera hun ech obskur Videon gedreint.

Mee wéi en dun erem am Tunnel waar, kruut ech eng ellen Iwerraschung.
Den ganzen Tunnel waar cyanblo angefirwt. Et huet ausgesin wéi wann en dest Joer net laanscht den onnatirlech gefirwten Paarhufer geif kommen, den de Logo vum Kulturjoer ass.
Ween iwregens net wosst, daat Hirschen Wiederkäuer sin, dem sief daat mat op de Wee gin. Onnetzt Wessen kann en emmer gebrauchen.

Angscht a Schrecken sin zereck komm. Op der aanerer Sait vun der Bühn ass en Film projeziert gin. Den huet eidel Metrosstatiounen gewissen an komeschen, mechanesch Kläng dobai gespillt. Et huet ziemlech gespenstesch gewierkt an ech kruut emmer méi Angscht. Irgendwann hun ech gemengt, ech hätt en Aan gesin an dun haaten Angscht a Schrecken mech wirklech. Ech hun mech gefillt wéi an engem ennerirdeschen Drogenlabor, wou d’Wirkung vun denen neien Kreatiounen graad geif um grousen Public ausgetest gin.
An ech haat leider en schlechten Trip erwescht.

No dem erschreckenden Film ass et weider gaangen mat Musek. Daat hescht, mat immens komeschen Tein, déi emmer méi sphäresch gin Sin. Elo waar ech iwerzeegt, daat se geifen Drogen un de Leit ausprobeiren. Ech haat en grousen Loftschlauch gesin, den stänneg Loft an den Tunnel gepompelt huet. Ech waar mir ziemlech secher, daat se domadder Drogen an de Public gespeist hun. Zu der Musek sin och nach Luuchten komm, déi en extrem komeschen Effekt haaten, waat net wirklech gehollef huet, meng Angscht ze bekämpfen.
Daat enzegt, waat elo nach Bliwen ass, waat d’Flucht aus dem komeschen Tunnel. Mee aus engem Tunnel, den sech an en enzegen Resoanzkierper fir elektronesch Kläng verwandelt haat, ass naischt einfaches. Seier an haard huet keen Zweck, wann daat, virun dem en flücht, 200 Meter laangen Hall ass…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *