Angscht a Schrecken um Virowend vun Nationalfeierdaag do, wou jiddereen waar

Den Virowend Nationalfeierdaag keint en schon baal Nationalsaufdaag nennen. Mais dovunner mol ofgesin bezeechnen vill Leit den Owend och nach als “den enzegen Daag am Joer, wou an der Stadt eppes lass ass.”. Ech woen dem prinzipiell ze wiederspriechen. Et muss en just wessen, wou en hingeht, dann kann en all Daag Angscht a Schrecken erliewen. Ausserdem kennen ech op manst nach eng aaner Manifestatioun, bei der en ähnlech weineg duerch d’Gedrecks kennt an sech wenscht, et wier en nie an de Gronn gaangen.


Ech waar also mat e puer mat mir méi oder manner gudd befrendten Leit ennerwee. Mir hun an engem Fastfood-”Restaurant” giess an hun eis dun méi oder manner seier an Richtung Gron gemaach. Fir déi eischten Keier.
Et waar zu dem Zaitpunkt nach relativ frei am Owend, mee trotzdem waaren déi schmuel Strossen vum Gronn schon ziemlech voll. Iwerall gouf et Musek, Stänn mat Gefreis an Danzvirstellungen. Op Nationalfeierdaag huet anscheinend all Folklorgrupp den Drang, hir Dänz an/oder Lidder ze präsentéiren. Dobai ass et anscheinend relativ egal, waat fir eng Folklor do virgestallt ged. Haaptsaach et danzt an/oder sengt irgendeen.

Knapps haat ech daat gesin, ass et och schons erem erop gaangen, well do allem Unschain no Konzerten waaren. Um Helleggeeschtplateau waar effektiv en Konzert, den allerdengs ziemlech weineg Leit interesséiert huet. Virun der Bühn waar also sou ziemlech déi enzeg Plaatz, wou en net Gefohr gelaaf ass, vun enger Menschenmass, déi keen wirklecht Ziel haat, erdreckt ze gin. Oder, an daat waar keen manner schlemmt Schicksal, vun hir matgerappt ze gin an op irgendenger Plaatz erauszekommen, wou nach méi Leit sin an do erdreckt ze gin.

Meng aal Bekannten Angscht a Schrecken waaren och irgendwou an der Menschenmass. Ech hun se zwar net gesin, mee ech wosst ganz genau, daat se do waaren.

Daat waar en vun den Grenn, wiesou ech virun der Bühn do stoen bliwen sin an zu der Musek gedanzt hun. En aaneren waar deen, daat Musek mir tatsächlech gefall huet. Ech haat sou eppes nach nie heiren. Et waar irgendwéi elektronesch, mee irgendwéi och nach instrumental an et konnt en relativ gudd ziemlech ironesch dorobber danzen.
Et sin och nach komesch Fotoen entstaanen, vun denen ech hoffen, daat se niemols wärten un d’Öffentlechkeet kommen. An bee mol sin Leit vun eiser Grupp verschwonnen. Mir hun daat net direkt gemierkt an hun geduercht, wann mir einfach nach bessi geifen weiderdanzen, geifen sie schon zereckkommen.

Daat waar en relativ dommen Gedanken. Um Virowend vun Nationalfeierdaag ass ongefeiher d’Halschent vun der gesamter Populatioun an der Staadt. An dovunner op manst drai Veirel am Gronn. Wann en sech also net andauernd mat den Hänn hellt oder sech mat engem Seel uneneen streckt, verleiert en sech doudsecher. Wann en sech bis eng Keier verluer huet, ass et baal onmeiglech, sech erem ze fannen. Dann fennt en nach eischter Leit, déi en schon laang net méi gesin huet an vun denen en geduercht haat, sie wieren an den Tibet ausgewandert oder vun Drogenverreckten embruecht gin. Wann en esou Leit trefft, muss en daat natirlech ordentlech feieren, an waar mat meiglescht vill Alkohol. Am beschten sou vill, daat en sech herno guer net méi un déi Leit erenneren kann. Dann kann daat Joer drop déi ganz Prozeduer wiederhuelen.

Mir haaten op alle Fall Chance. Mir hun eis Kollegen wirklech eremfonnt. Also, sie sin op déi Plaatz zereckkomm, wou mir gedanzt hun. Durno ass et zereck an den Gronn gaangen, wou mir sie no kuerzer Zait erem verlueren haaten. Ech haat emmer méi Gefill, daat ech aus dem Gronn net méi lieweg eraus kommen geif, mee irgendwou geif an enger enker Gass erdreckt gin. Mir sin e puer mol den laangen Wee erop an erof gaangen, an hun dobai sou ziemlech all Wee ausprobéiert, den et ged.

Angscht a Schrecken sin mir begeint. Sollten mir den ganzen Virowend domadder verbrengen, erop an erof ze laafen? Waat wier, wann ech dem Toni geif op een mol begeinen?
Oder wann mir enger Grupp Drogenverreckten geifen iwert den Wee laafen? Angscht a Schrecken waaren vun lo un meng stänneg Begleeder op desem Virowend vun Nationalfeierdaag.

Irgendwann hun mir dann festgestallt, daat mir vun dem berühmten Freedefeier naischt matkritt haaten ausser e bessi Geknupps an e puer Bletzer. Daat huet eis natirlech Leed gedoen, mee et waar eigentlech méi wichteg, nach um Liewen ze sin.

Mir sin erem op den Plateau gaangen, wou mir eng wichteg Decisioun getraff hun. Verschiddener vun eis wollten sech duerch déi geschätzten 100.000 Leit drecken, fir irgendeen furchtbaar interesannten Konzert ze kucken. Mir waaren awer nach zu 2, déi nach e bessi weiderliewen wollten.

Mir hun eis bei en Baam gesaat. Soss konnten mir och net vill maachen. D’Stross waar voller Leit, déi alleguerten an eng Richtung gaangen sin. Mir hun eis gefroot wéi en keint an déi aaner Richtung goen ouni zertrampelt ze gin. Ech hun mech gefillt wéi wann rondrem vun der Insel, op der ech souz, en geiferlechen Stroum geif fleissen, oder eischter: Lava, bei der all Kontakt deidlech waar. Angscht a Schrecken souzen leider och op der Insel…

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. Mee d’Flucht mat engem Spezialzuch waar eng laang…

Stop mol, wärten verschidden Leit, déi mech bessi méi no kennen, elo soen. Du waars dest Joer dach guer net an d’Staadt!
Daat stemmt. Mee ech hun daat dommt Gefill, daat meng Virowend-Geschicht esou zaitlos ass, daat en se all Joer erziehlen kéint…