Angscht a Schrecken op enger halsbriecherescher Fahrt duerch d’Brousse

An de Kino goen ass un sech eng relativ ongefeierlech Saach, déi an denen seelensten Fäll Angscht a Schrecken ausleist. Ausser wann en mengt, et misst en duerch obskur Afkaafszentren laafen, wou en dann vun Chreschdaagskreatiounen vun engem perversen drogenverreckten Dekorateur iwerrascht ged. Mee daat ass eng aaner Geschicht, déi ech jo schon eng Keier geziehlt hun.


Ech sin aus menger Jugend gewinnt, vum Stadtkär aus op den Kierchbierg ze fueren an dobai den öffentlechen Transport ze benotzen. Et huet en jo net fir naischt en mat Angscht a Schrecken erkämpften Öko-Hellegenschain. Daat ass eng ziemlech flott symbolesch Saach. Et fiert en den laangen Wee den ganzen Bierg erop, wou een en Land voller Dreem bzw. en popcornverseuchten 10-Sall-Kino erwaard.

Mee des Keier sollt alles anescht kommen.
Ech waar mat e puer Freaks am Auto ennerwee. Eng Frendin, déi lo mol einfach “M.” nennen, haat e puer Stonnen virdrun mat mir ofgemaach, an de Kino ze fueren. Hat haat nach 2 aaner Leit dobai, ech ech net kannt hun, mee déi ech awer net onsymphatesch fonnt hun. Irgendwéi brengt d’M et emmer färdeg, nach Leit fir mat an de Kino ze fannen. Wann enges scheinen Daags op Chreschtdaag geif eng Atombom faalen an Kettenuwen geif explodéiren, d’M geif et trotzdem färdeg brengen, op manst 2 Leit rondrem sech ze versammelen, déi mat him en Film geifen kucken goen.

Aus irgendengem komeschen Grond fueren ech mam M emmer am heigen Tempo iwer irgendwelch obskur Schleichweer an der Brousse, déi direkt hanntert dem Kino erauskommen.
Fir an den Kino waar och alles an der Reih. Den Tempo waar zwar schnell, mee net halsbriecheresch. Mir sin zu Zait fir eisen Film komm an hun eis deen ungekuckt. Doriwer ged et net all ze vill ze zielen.

Mee no dem Film ass et méi interessant gin.

Hun ech soss emmer méi oder manner laang bei méi oder manner kaalen Temperaturen op en Bus gewaard, main Ökohellegenschain poleiert an mir virgestalt, wéi virun ech denen komeschen Drogenverreckten, déi hiren Kaffi moies mat 3 Leffelen Speed dran drenken an den selweschten Bus wéi ech huelen wollten, flüchten kéint.

D’Zait, déi en op en Bus virum Kino waarden muss an d’Lofttemperatur verhaalen sech antiproptional zueneen. Wann et aiskaal ass, dauert et op manst 45 Minuten an/oder den Arret ass weinst enger Motorscourse an den Foirshaalen op enger aanerer Plaatz. Mee wann d’Sonn schengt an naischt dogeint hätt bessi dobaussen ze stoen, steht den Bus schons do, wann en aus dem Kino kennt.

Mee mat denen Problemer hun ech mech des Keier net missen eremschloen. Keng schwiereg klimatesch Bedenungen, keng Drogenverreckter an main Ökohellegenschain keint ech och geschwen geint en Fligerticket bei CO2-Airlines emtauschen.
Waat net heescht, daat et des Keier sollt manner Angscht a Schrecken gin wéi mam öffentlechen Transport, well och den Individualverkeiher huet genuch Potential fir Horrortripper.

Zum Beispill, wann en mat zwee bis drai net nemmen eendaiteg suizidären mee och nach ziemlech verreckten Gestalten an engem Auto vill ze schnell op komeschen Schlaichweeer duerch d’Brousse ennerwee ass.

Ech souz also um Recksetz vun dem Gefir, daat net nemmen raschteg waar, mee och nach seier gefuer ass an komesch Manöver geamaach huet.
Ech hun probeiert verschidden Spannungen ze leisen. Sou zum Beispill d’Wiel vun der Musek, déi zwaar denen zwee Freaks gefall huet, d’M, waat um Steier souz, awer fuerchtbaar nervös gemaach hun.
Waat doranner resulteiert huet, daat haat net nemmen vill ze schnell gefuer ass, mee och nach ziemlech gereizt waar. Waat déi zwee, déi nemmen irgendwelch komesch synthetesch Drogen geholl konnten hun, ausgenotzt an ausgebaut hun.

Zum Beispill, an deem se probeiert hun, en Blaisteft mat den elektreschen Fensteren vum Auto ze spetzen. Waat, just nirwebai gesoot, net gelongen ass. Den Blaisteft ass just ofgebrach.

Et ass eng extrem domm Idee, den Chauffeur vun engem Auto nervös ze maachen.
Ech hun probeiert, mech ze berouegen. Angscht a Schrecken souzen riets an lenks nirwt mir an waaren mat dem selweschten Gurt ungestreckt wéi ech. Daat ass iwregens extrem gefeierlech. Also, zwou Persounen mat dem selweschten Gurt unzestrecken. Ech wees net wiesou, mee ech hun daat heiren an huelen un, daat et stemmt.
Ech hun probeiert, deif an an aus ze otmen an aus der Fenster ze kucken.

Et ass relativ schweier, sech ze entspannen, wann en obskuren Schlaichwee mat gefillten 250 Kilometer an der Stonn laanscht en flitt. Ausserdem ass et eng extrem domm Idee, den Chauffeur vun engem Auto dann nach méi nervös ze maachen, andeems en em stänneg irgendwelch erfonnten Fuerfehler virwerft.

Normalerweis sin ech jo fir eng schnell an rücksichtlos Flucht aus Situtiounen, wou Angscht a Schrecken sech opdrängen an et färt, et geif en en Been oder en Aarm verleiren. Mee meng enzegt Meiglechkeet wier gewierscht, aus engem Auto ze sprangen, den mat gefillten 300 Kilometer an der Stonn duerch d’Brousse gefuer ass an an dem 2 bis 3 Leit souzen, déi definitiv net bei kloerem Verstand waaren.
Ech hätt wahrscheinlech méi wei nemmen een Been verluer. Ech wier ausserdem an der Brousse geland an hätt nie méi heem fonnt.

Mir ass naischt aaneres iwreg bliewen wéi an dem Auto setzen ze bleiwen an ze hoffen. Ze hoffen, daat d’Drogen vun denen Freaks geschwen geifen hier Wierkung verleiren. Ze hoffen, daat irgendeen opmierksamen Passant, zum Beispill den Rastamann oder den Toni en Paack mat denen richtegen Drogen zur Fenster bei mech geif werfen an ech esou keint verdrängen. Ze hoffen, daat ech mech NET geif un déi lescht Verkeiherstatistiken geif erenneren…