Angscht a Schrecken an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht

Et ged an desem Land nach e puer Iwerreschter vun den 60er Joeren. Ech mengen domadder keng ellen Schoulgebaier oder soss architektonesch Schandflecken, déi en un traureg radioaktiv verseucht Stiedt aus dem Ostblock erenneren.
Riets geht vun der sougenannter Hippie-Kultur. An dozou geheiren och Danzlokaler, wou Aalhippien an hier geschteg Kanner verkeiren.


An wann mir schon bei Relikten sin: Net nemmen d’Disko selwer, mee baal den gesamten Interrieur schengt aus original-Hippiezaiten ze staamen. Woumadder en roueg soen kann, daat et e bessi versifft ausgesait.
Zum Beispill d’Dekoratioun vum Plafong, déi aus zwee groussen Fallschirmer besteht, schengt nach original aus den 60er Joeren ze sinn. Mee dozou speider méi.

Ech haat mir also virgeholl, en Owend, wou ongefeiher eng Millioun Leit an der Staadt wieren, an den Osten vum Land ze fueren. An mengem Plang waar och virgesin, ze danzen. Daat ass nach sou eng Eegenschaft vun dem ganz bestemmten Lokal. Et ass relativ onmeiglech, net ze danzen. An wann en sech selwer net beweegt, sin sou vill Leit rondrem en erem, daat en ganz einfach beweegt ged.
Et ass normalerweis net neideg, ze danzen. Et ged en gedanzt.

Esou Reesen starten meeschtens op enger Bushaltstell. Net, well een den Bus hellt, mee well et eng gudd Plaatz ass fir ze waarden. Et ass en ennerdaach, et kann en sech setzen, an den Auto, den en sichen kennt, huet eng relativ secher Plaatz fir stoenzebleiwen. Heinsdo kennt och en Bus laanscht, den verwonnert stoen bleiwt an en dann nach vill méi verwonnert kuckt, well en net well matfueren.

Ech stoung also op enger relativ kaaler Bushaltestell ze waarden. A be mol ass en, den sech och als Passageier vun mengem Auto ausginn huet, opgetaucht. Hien huet an enger Plastiktuut gekroomt an irgendwelch subspekt Substanzen an en Becher aus engem Fastfood-Restaurant geschott. Wann an mam Fligger flitt, därf en jo bekanntlech keng Flessegkeeten mat huelen, well daat keint jo Flessegsprengstoff sin. Ech fannen daat komesch. Un sech keint och all Knätsch Plastiksprengstoff sin.
Op alle Fall sin mir Leit, déi suspekt Flessegkeeten an den Fastfood-Restaurant-Becher schedden, net ganz geheier. Ausserdem haat ech en liicht aaneren Passageierplang am Kapp. Mee un sech sollt mir daat egal sin.

Den relativ aalen Auto, den och deelweis komesch Geraischer mescht, ass och relativ direkt komm an mir hun eis dun alleguerten erangedreckt. Ech sin abendteuerlech Geschichten gewuer gin. Et ass dobai virun allem em voll Leit gaangen, déi virun den Auto getrollt sin. Héi ged et vlaischt erem Zait, dem Bildungsoptraag vum Medium Radio nozekommen: Alkohol am Strossenverkeiher ass eng gefeierlech Saach. Och als Foußgänger. Et ass méi angenehm, am Grueff ze schlofen an eng Nirenentzündung ze kreien wéi iwerrannt ze gin.

Während der Fahrt ass mir den Typ mat sengen suspekten Flessegkeeten emmer méi onheemlech gin. Sollt hien um Enn en vun denen gefeierlechen Drogenverreckten sin, déi emmer ganz harmlos wierken, bis se eng Keier net méi daat kreien, waat se eigentlech wellen? Angscht a Schrecken waaren ganz eendeiteg mat un Bord. Mee am Moment souzen se nach am Handschuhfach.

Um Wee fir an den Osten vun eisem dach net esou furchtbaaren breeden Ländchen muss en duerch eppes, waat ech geif als “Brousse” bezeechnen. Kleng Dierfer, eng an schaarf Keieren, bei denen en sech freet, op den Strossenplanger den Daag gesoof haat oder just en fanateschen Fan vun Biergcoursen waar.
Mee irgendwann waaren mir dann en dem Duerf am Osten unkomm, wou déi versifften Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht, steht. Nodeems mir den Recht vun der Grupp vun dem mir op manst e bessi suspekten Tipp mat den obskuren Flessegkeeten an sengem Becher begreißt haaten, hun mir irgendwann entschloss, eran ze goen. Dozou muss en vlaischt soen: Bei der Disko ass et och schon een Erliewniss, just virun der Dir ze stoen. Ob manst, wann en zu speiderer Stonn virun der Dir steht.
Verschidden Leit bleiwen och einfach gären an der Heck stoen an huelen illegal Substanzen zou sech, och wann eng domm Idee ass, wann en an daat speziellt Lokal well goen. Do, sou ged gemunkelt, huelen och Leit an daischteren Ecken ongesin illegal Substanzen op.

Mee d’Fro ass eischter déi, ob en daat dann iwerhaat nach muss. Nodeems ech den ziemlech bellegen Entree vun drai Euro bezuehlt haat, hun ech mat Freed festgestallt, daat et haut net esou voll wier wéi soss. Waat sech mat der Zait awer nach änneren sollt, waat awer net onbedengt schlecht waar. Ech hun mir den erwähnten, ziemlech versifften Kader ungekuckt an wosst: Angscht a Schrecken geifen desen Owend och danzen. Mee daat hellt en quasi mat an Kaaf.

Ech hun mir déi besooten Fallschirmer ungekuckt an mir d’Fro gestallt, wievill Stebs do geif drop leien. Mee nach eng aaner Fro huet mech beschäftegt, an daat waar en Fall fir meng zwee Kollegen. Wéivill Spuren vun illegalen Substanzen sollten do nach dran sin. Ech hun mir virgestallt wéi e puer drogenverreckt Hippien den Fallschirm an den 60er mat LSD getränkt hun an sech dun all zesummen drenner geluecht an all puer Minuten eng Keier drun geleckt hun. An Nikotin setzt sech jo bekanntlech an Ridoen of, wiesou also net och aaner, pyschoaktiv Substanzen?

Waat geif passéiren, wann den Fallschirm geif op mech faalen, während ech amgaangen wier, ze danzen? Ech hun mir virgestallt, daat dat en relativ ellenen Trip wier. Polytoxikomanesch Visiounen sin virun mengem enneren Aan opgetaucht. Ech wollt déi net wirklech erliewen. Ech hun also einfach missen hoffen, daat naischt geif passéiren. Alkohol huet et méi einfach gemaach, net dorunner ze denken.

Alkohol haat awer och den Nirweneffekt, daat ech d’Musek besser fonnt hun an der Meenung waar, ech keint richteg gudd danzen, waat ech dann och gemaach hun. Mettlerweil waar ausser engem aalen Hippie, den wahrscheinlech schon 50 Joer laang an der Disko, déi heescht wéi en Piratenscheff, danzt. Emmer d’selwecht. Egal wéi d’Musek graad aas. Wahrscheinlech danzt en och nach, wann d’Musek aus geht an dann muss een him soen, daat hien muss heemgoen.
Ech huelen un, hien waar en vun denen, déi deemols ennert dem Fallschirm souzen, wéi en mat LSD getränkt waar.

Angscht a Schrecken sin e bessi am Alkohol an an de Leit ennergaangen, mee vun Zait zu Zait sin ech erem baal iwer ze gefall. Nämlech all Keiers dann, wann en de Fallschirm um Plafong gesin hun oder main Bleck op net esou illuster Gestalten, déi an engem Eck souzen, aus denen en suspekten seißlechen Geroch komm ass, gefall ass. Déi hun mech dann meeschtens net esou frendlech zereckungekuckt. Ech hun also leiwer weidergedanzt.

Irgendwann kennt de Punkt, wou en sech völleg verausgabt huet an weinst der fehlender Ventilatioun eraus muss fir Loft ze huelen. Dann schwätzt en normalerweis e bessi virun der Dir, wou op manst e puer méi Leit stinn, déi daat och maachen.

Mir hun decidéiert ze goen. Ech waar frou doriwer. Angscht a Schrecken haaten mir den ganzen Owend iwer emmer an emmer erem en klengen Stouss geint d’Schinnebeen gin, sou daat ech mir guer net méi secher waar, op ech net einfach duerch Otmen vun der Loft an dem Lokal op engem schlechten Tripp waar.

Ausserdem haat ech daat schlecht Gefill, daat den owend esou fantastesch gewierscht waar, daat ech mech net wonneren geif, wann den Toni geif optauchen. An daat geif wahrscheinlech bedeiten, daat ech herno wirklech op enger Art vun Tripp gewierscht wier.

Mir hun eis Leit angesammelt an sin dun bei e puer Leit stoen bliwen, déi eng komesch friem Sprooch geschwaat hun. Ech hun mir virdeischt d’Fro gestallt, op ech oder sie Drogen geholl oder ange-otemt hätten, an doweinst geifen eng komesch Fantasiesproch schwätzen, déi mech ganz wait un d’Sprooch vun den Elben aus enger gewesser Romanserie, wou et em en Rang geht, erennert huet. No enger Zait hun ech dun gemierkt, daat et Hollänner waaren, déi probéiert hun, letztebuergesch ze schwätzen.

Waat hun déi hei am Osten vun Letztebuerg, matzen an der Brousse, virun enger versiffter Hippiedisko dei heescht wéi een Piratenscheff gesicht? Geif den Fallschirm eroffaalen an den polytoxikomaneschen Trip “des Todes” ausleisen? Waar den Toni dach irgendwou an der Geigend? Waat geif mat dem aalen Hippie passéiren, wann en misst heemgoen?

D’Flucht waar elo daat enzegt richtegt. Mir hun do nach en Gespraich iwer Journalismus gefouert. Ech hun kengem geziehlt, daat ech Gonzojournalist wier.

One thought on “Angscht a Schrecken an enger relativ versiffter Hippiedisko, déi wéi en Piratenscheff heescht

Comments are closed.