Angscht a Schrecken am Bikinisrayon vun enger bekannter Kleederketten mat zwee Buchstawen

Et ged am Liewen emmer Momenter, wou en Schwammbekleedung kaafen muss. Lo sin ech zwaar obgrond mengem Y-Chromosom net onbedengt fir Bikinien geegent, mee heinsdo ged en einfach matgeschleeft, och wann en selwer graad keng Schwammbox brauch.

Lo ass Schwammbekleedung jo eppes immens kriddeleches. Se muss setzen an, vlaischt ass daat och graad den Problem. Et ass en, an daat lait nunmol an der Natur vun der Saach, jo baal plakeg. An wann en evtl. mengt et misst an ausserhalb vum Wasser an Strand verschidden Kierpereegenschaften durch gescheckt Kleeder an/oder Faalen vertuschen, sou ass daat an engunleiender Schwammbekleedung net méi meiglech. Alles, waat méi grous oder méi kleng ass, wéi et schengt, ass héi ze gesin. Hun ech op manst geduercht.

Ob alle Fall sin ech also mat enger Arbeschtskollegin an en Geschäft vun der bekannter Kleederketten mat den zwee Buchstawen. Ok, et gin der Kleederketten e puer, dofir vlaischt en Tipp: Et waar keen Vokal am Numm vun der Kleederketten.
Hat huet gesoot, wann ech him hellefen weilt, soll ech no Jeans Ausschau haalen. Ech hun daat registreiert, mee net weider driwer nogeduercht. Herno hun mir d’Jeans net emol bekuckt.

Mir sin dann och ziemlech direkt an den Bikinisrayon. Wobai, Rayon ass vlaischt bessi vill gesoot. Et ged an dem Geschäft en Raum oder eng “Abteilung” mat Ennerwäsch. An wéi mir alleguerten wessen, geheiern Bikinien zu der Ennerwäsch.
Stop. Nee, eigentlech net. Mee daat schengt an dem Geschäft mat denen zwee Buchstawen wuehl egal ze sin.

Ennerwäsch ass eppes, waat en virun allem dann flott fennt, wann aaner Leit ze un hun. Also, Leit, bei denen een d’Ennerwäsch well gesin. Am Regal ass Ennerwäsch wéi all aaner Kleedung och. Ech hun mech eischter nach erfeiert, wéi vill dämlech Comic-Motiver et op Ennerwäsch geif gin. Et kann en minimalistesch Comickaatzen jo leiw an flott an schéin an rosablummenohwiesüüüüß fannen, mee ech wees net, ob en domadder wirklech den gewenschten Effekt beim Weisen erziehlt. Emmerhin soll en den Träger vun der Ennerwäsch leiw fannen, net daat, waat ob der Ennerwäsch drop gemolt ass. Iwerhaat wier minimalismus bei Ennerwäsch heinsdo guer net esou verkeihert.

Mee zereck zu der Schwammbekleedung bzw. der Sich nom richtegen Bikini. Wéi secherlech denen meeschten Nolauschtrer bewosst ass, gin et wéi bei sou ziemlech all Kleedungstecker och bei den Bikinien ennerschiddlech Greißten. An zwee Deeler. An sollt och den Problem sin. Nodeems mir vun engem dreibaaren Stänner daat richtegt Ouwerdeel an der richteger Greißt (Farw an Muster huet am Moment nach net wirklech vill Roll gespillt) gekroopt haaten, hun mir eis an Richtung vun den eneschten Deeler gemaach. Daat waar bessi méi komplizeiert.

Normalerweis dirft daat ganzt jo net esou komplizeiert sin. Wann ech Vendeur oder Innenaustatter oder Generol bei esou engem Buttek wier, geif ech D’Bikiniiwerschter an enneschter vun enger Farw all beineen hänken. Vlaischt och souguer semantesch korrekt d’Iwerweschter uwen an d’Enneschter ennen hin. Dann misst en sech virdeischt en Muster oder eng Farw eraussichen an dann kucken, op engem seng Greißt do ass.
Esou ass et jo bei sou ziemmlech all Kleedungsteck op der groußer waiter Welt an denen meeschten Buttiker op eben deser Welt.

Angscht a Schrecken sin hannert den String-Tangaen erausgesprongen an hun mech vun hannen ugefall, wou ech den Duerchneen am Bikinis”rayon” gesin hun. Faarwen, Greißten, Ennerschter an Iwerweschter waaren gemescht. Nee, net nemmen e bessi gemescht, wéi en sech daat vlaischt am Nometten, wou de Buttek schon e puer Stonnen op haat, virstellen kann, mee vollkommen duerchneen. En Chaos. Wéi wann irgendeen Drogenverreckten gemengt hätt, en misst d’Bikinisdeeler no engem bestemmten krypteschen, nemmen fir hien verständlechen Muster ophänken an geif dann duerchduerch erausfannen, wou den hellegen Graal verstoppt lait. Oder esou eppes ähnleches. Letzten Endes geht et dach emmer em den hellegen Graal, d’Templer oder den Popst, den an Wirklechkeet eng Fraa ass. Sou, oder sou ähnlech.

Mir hun keen Ennescht fonnt, daat farwelech och nemmen e bessi bei daat Iwerescht gepasst hätt. Also hun mir erem en aanert Iweescht gesicht, well daat den eenzen Uhaltspunkt waar, den en konnt huelen. Emmerhin ass d’Geometrie vum weiblechen Uwerkierper eng bessi méi komplizeiert. Meng Kollegin huet mir dann gewissen, daat en bei Bikinien genausou mat der Greißt kann fuddeln wéi bei der Ennerwäsch. Eng klengt, onschengbaart waisst Kessen ass daat, woumadder hautesdaachs op de Stränn vun San Tropez bis op den Cap d’Agde geflunktert ged. Ween den Witz bei dem läschten Saatz erreid, kritt eng CD mat allen Folgen vun Angscht a Schrecken heemgescheckt.
Angscht a Schrecken sin emmer méi grous gin. Waat dreiwt Leit dozou, hir Brescht méi grous erschengen mussen ze lossen, wéi se eigentlech sin? Wouhinner brengt eis den Schéinheets- an Fitnesswahnsinn? E kuerzen Bleck op en Desch mat Schminkutentsilien huet d’Flaamen an der Hell , déi sech virun mengen enneren Aaan opgemaach huet, nach méi heich schloen geloss. Verknascht an vermschmiert Eyelineren an Leppenstefter, Desch un Desch mat den Kessen fir sech och um Strand méi grous Brescht erschengen ze lossen.
Ech hun mech gefroot, ob et sou Kessen och fir Leit mat zwee X-Chromosomer geif gin. Angscht a Schrecken sin emmer méi staark gin, an ech wollt net wieder doriwer nodenken.

Mir hun eis dunn zwee Uwerdeeler geholl, an hun eng Vendeuse gefroot, ob et wirklech dann neirens geifen passend Enneschter gin. Nee, soot d’Madame, déi wieren alleguerten fort. All déi Bikinien wieren eben Restposten.
Eng weider Hell huet sech mier opgedoen. Waat waaren daat fir Leit, déi méi Bikinisiwerschter fir de Verkaaf bestellen wéi enneschter? Oder gin et irgendwou op deser Welt Drogenverreckter, déi sech aus Spaß un der Freed oder aus irgendengem Drogenfantasieimpuls eraus zwee Bikinisenschter kaafen?

Meng Arbeschtskollegin huet beschloss, einfach passend unisfarwend Ennerwäsch ze besuergen an déi um Strand unzedoen. Mir sollt daat Recht sin, well mengen Emfannen no waar et schon länger Zait fir d’Flucht.

Un der Kees ass mir opgefall, daat ech keen eent schéint Bikinismuster gesin haat. Alles am Stil vun Tapeiten aus den 70er Joeren gehaal. Retrokitsch, den zwaar op den eischten Bleck flott ironesch wierkt, mee eigentlech guer net flott ass. Virun allem, wéi mir bewosst gin ass, daat daat net onbedenkt misst ironesch sin, mee eischter eng furchtbaar Moudewell, hun meng Kollegen Angscht a Schrecken nach eng Keier zougeschloen. En ähnlecht Beispill: D’Invasioun vun denen furchtbaaren Pornobrellen mat giganteschen Ausmossen. Ok, et ass flott, eng domm Foto mat sou engem Brell ze maachen, mee eigentlech wessen mir jo, daat se firchterlech ausgesin. An dach schengt et “Moud” ze sin.
Angscht a Schrecken haaten mech voll a ganz. Ech hun baal ugefaangen mat Zidderen. Scheinheetswahn, Chaos am Bikinisrayon, an déi grausam Gewessheet, daat daat léi déi wirklech Welt, ouni Ironie, ouni Witz waar.

Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d’Flucht. Eraus aus dem Geschäft, wou ech d’Impressioun haat, daat eischter Dreem wéi Kleeder geifen verkaaft gin…