Angscht a Schrecken op enger Party no enger Anweihung

Wann en am Summer irgendwou schafft, an och daat muss en heinsdo als Gonzojournalist, dann kann et virkommen, daat en sech un komeschen Ritualer bedeelegen muss. Daat kennen ganz normal Saachen wéi zum Beispill Kaffispausen zu komeschen Zaiten oder Geschäftsiessen an exquisten Restauranten déi keen öffentlecht Dirscheld hun. Oder et muss en obskur Keschten vun A no B droen an et fillt en sech dobai wéi en schlechten Drogenkureirer. Waat en deelweis och ass.

Ech hun allerdengs naischt vun all denen Saachen missen maachen. Bei eis gouf et just eng Anweihung fir déi néi. D’Scouten ennert ierch, happy birthday nirwebai, kennen daat ganzt secher als “Monté”. Et gin och sou Saachen an denen verschiddenen Studentenkreeser an zirkeln. Am Allgemengen muss en bei esou enger Anweihung eppes ernieregendes an ekleges maachen. Et ass quasi en rituellen Mobbing, fir daat en herno net méi gemobt ged. An natirlech fir daat déi aal Huesen all hiren Frust an Agressiounen ausliewen kennen an sech gudd ameséiren.

Et ged an deser Episode awer net em meng eegen Anweihung, déi schons Joeren zerecklait. Ech hun och net méi wirklech vill Erennerung dorunner. Ech wees, daat en Videofilm mat präkärem Material existeiert, mee och daat ass net furchtbaar schlemm. Emmerhin heescht daat just, daat eng Dokumentatioun op BBC iwer main Liewen weinstens e bessi interessant wier.

Déi Anweihung waar furchtbaar laang an déi ze humiléierend Leit hun mir ab dem Moment, wou naas an kaal waaren an et trotzdem nach ze laang gedauert huet, och e bessen Leed gedo. Awer nemmen e bessi. En Tipp awer nach un all déi Leit, déi esou eppes plangen: Wann dir sou maacht, wéi wann d’Leit en Goldfesch essen missten, an dir gidd hinnen Gelatinestecker amplaatz, dann hudd dir eng gudd Idee. Daat klappt emmer.

Nodeems während der Aweihung schon ziemlech vill Alkohol gefloss waar an demenspriechend verschidden Leit net wirklech bei der Saach. Also, si hun schon matgemaach, mee sie hun all déi schlemm Saachen net méi wirklech matkritt. Leit, déi sech géint 10 Auer an kaalt Wasser werfen, nodeems sie schons eng hallew Stonn gefruer hun, maachen mir Angscht. An daat waar den eischten Optrett vun mengen zwee Kollegen Angscht a Schrecken.

Et ass dun en Lagerfeier ungemaach gin, gegrillt gin, gedronk gin an nach méi gedronk gin. Ausserdem huet irgendeen Musek iwert sain Autoradio laafen geloss, waat zu dem Zaitpunkt awer nach erträglech waar. Esou en Lagerfeier ass eigentlech eppes gemittleches. Mee haut huet d’Stemmung esou no Alkohol an Rausch gericht, daat ech erwaard hun, den Toni an den Rastamann geifen all Moment mat engem obskuren Paak optauchen an sech nirwt mech setzen.

Grillen wann et daischter ass ass eppes tückeges. Et ass fir d’allereischt mol daischter. Daat heescht normalerweis, daat en net vill gesait an virun allem am Geigenliicht erkennt en quasi just Konturen. Lo ass awer de Problem daat alles, waat op engem Grill, bzw. iwert der Glouss vun engem Lagerfeier am Geigenliicht lait. Et erkennt en also net wirklech, op eppes lo gegrillt ass oder net. Freier huet en dofir wahrscheinlech einfach eng Fakel oder eng Lanter mat bei de Grill geholl an et huet en gesin, op den Thüringer oder den Fleeschersaatzprodukt an Würterschersform nach reih, schon gegrillt oder verkuehlt waar.
Mee haut liewen mir jo am Zaitalter vun der Kommunikation, der Desinformatioun an dem onstoppbarem technologeschen Fortschrett, waat virun allem dorunner erkennen ze ass, daat et mobil Telefonen ged. Haut mescht en sech net mat enger Lanter oder enger Fackel Luucht, mee et liicht en mat sengem Handy op de Grill. Natirlech gin et mettlerweil Handyen mat agebauten Täschenluuchten, mee den Durschnettsrondremdegrillsetzer huet esou eppes net an probeiert am bleechen Liicht vun sengem Display ze erkennen, wéi wait sain Gegrills dann elo ass. Angscht a Schrecken maachen sech breed.

Ech hun probéiert, mech der allgemenger Stemmung unzepassen an mech mat Alkohol e bessi ze betäuben. Daat huet allerdengs net wirklech geklappt. Ech hun den Alkohol mol nach net wirklech gespuert an de Recht vun denen Leit, déi et sech zum Ziel gesaat haaten, desen Owend meiglechst aus hiren Synapsen ze verbannen, waaren schon ziemlech ellen.

Et ass eng Aart Krisenstemmung opkomm. Speistens nodeems et dem eischten esou schlecht waar, daat en huet missen vun zwee Leit gestaipt gin an heemgefeuert gin ass, souzen Angscht a Schrecken och beim Grill. An daat verdächteg no bei mir.

Verschidden Leit hun Gesten gemaach, déi relativ geiferlech waaren. Wann en voll ass an net méi déi voll Kontroll iwert seng Motorik huet, sollt en am beschten wait wech vun engem Feier bleiwen. Op alle Fall sollt en NET, ech wiederhuelen, NET probéiren, ze grillen. Geiferlech Brandverletzungen an ellen Narben sin gemengerhand d’Folgen vun esou Versich. Ausserdem leissen esou Gesten Angscht a Schrecken bei Gonzojournalisten, déi zoufällegerweis och um Feier setzen, aus.

Während déi Besoff rondremgetorkelt sin an daat gemaach hun, waat Besoffener gemengerhand maachen, nämlech besoffen lallen an deelweis och sangen, hun sech méi niichter Leit nirwt mir iwer Astralwanderungen ennerhaalen an hun deelweis gefeierlech ofwiesend gewirkt. Och daat huet main Angscht a Schrecken-Pegel net graad berouegt.

Dun ass d’Musek vill méi haard gin an trotzdem net onbedengt besser. Ech perseinlech hun se relativ ziemlech absolut grausam fonnt. Natirlech kann en doriwer streiden, (Maachen ech och gären!) mee et waar eppes aneschteres, waat nach méi schlemm waar. Jiddereen kennt den Phänomen, wann en Boxen esouwait opdreint, daat d’Musek just nach verzerrt ass. Dat hei waar esou. Just ongefeier nach 100 mol méi schlemm.
Daat Geraisch, waat aus denen Boxen komm ass, waar eng enzeg Verzerrung.

Dun sin och nach obskur Gestalten opgetaucht, déi net wirklech eppes mat der ganzer Party ze din haaten, mee trotzdem mol einfach sou opgetaucht sin. Sie waaren och schons besoff an hun sech dementspriechend net besonnesch manneierlech beholl. Vlaischt huet daat och einfach mat den Leit ze din. Alkohol an aaner Drogen soll en net als Excuse fir alles huelen. En vun denen “Gescht” huet op alle Fall relativ haard gejaut an vun irgendeppes geziehlt, waat hien wahrscheinlech um Fernseh oder, an daat ass wahrscheinlech net besser, am Internet gesin huet. Vun Leit, déi mat Hamburger op aaner Leit scheissen. Daat en esou eppes furchtbaar genial fennt an geschaaten 5 Minuten doriwer blären muss, ass engersaits furchtbaar absurd, aanersaits huet et mir wirklech Angscht gemaach.

Angscht a Schrecken haaten mech. Ech wollt keng Alkohollaichen méi gesin, keng schlecht an verzerrt Musek méi heiren, net méi matkreien, wéi besoffen Leit déi naischt mat dem ganzen ze din haaten eppes iwer Leit, déi mat Hamburger op aaner Leit scheissen zielen, ech wollt net onbedengt nach vill iwer Astralwanderungen heiren.

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht.