Angscht a Schrecken op der Hochzait vun menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, senger Tata

Et gin emmer méi Leit déi mir zielen, waat daat elo graad fir eng grandios Folg “Angscht a Schrecken” geif gin. Ech sin dann emmer spektesch. Am schlemmsten sin déi Leit, déi mech absichtlech irgendwou hinschecken wellen, just fir herno eng Folge Angscht a Schrecken doriwer ze heiren. Bei eng Rauhseidenhandschuhmassage zum Beispill. Oder op den Tour mat komeschen Leit, déi vill ze seier obskur Schleichweer fueren.

Et gin natirlech och Leit, déi net wessen, waat dann lo alles sou schrecklech un gewessen Saachen sin soll. Am Allgemengen ged et och eng Tendenz, daat d’Leit emmer all déi Folgen, wou sie dobai waaren, am beschten fannen.

Et ass schwéier, et jidderengem Recht ze maachen. Dofir maachen ech einfach daat, waat et mir Recht mescht. Waat net heescht, daat en keng Folgen “akaafen” kéint. Bei veierstellegen Zommen kéint en driwer nodenken, en Nirwensaatz anzebauen, wann en Loscht huet.

Ech waar also op eng Hochzait angelueden. D’Hochzait vun menger beschter Frendin, daat den Nolauschter net onbekannt ass, senger Tata. Et kéint en sech lo immens vill Meiglechkeeten ausdenken, wéi an wiesou ech dann elo op des Hochzait angelueden gewierscht wier. Vlaischt einfach, well déi Frendin eng bekannt Persoun bei sech wollt hun, fir weinstens mat engem schwätzen ze kennen. Oder, well ech, wéi en daat esou schein nennt, “en Frend vun der Famil” wier. Oder well ech sollt DJ spillen, waat op Hochzaiten jo net emmer besonnesch einfach ass. Oder einfach, well ech eng Berühmheet wier.

Mee et waar alles vill vill méi komplizeiert. Ech waar angelueden, well ech op den Scoutschâlet, den des Keier en wirklechen, echten Scoutschâlet waar, déi Nuecht virun der Hochzait opgepasst hun. Mat menger beschter Frendin. An den Daag drop, während déi eigentlech Hochzait waar, och e puer Stonnen.
An doweinst waar ech also op déi Hochzait angelueden.

Daat ganzt huet schon ziemlech heckteg ugefaangen, well ech vill ze laang ennerwee waar. Wéi ech dun endlech do ukommen sin, hun ech een bessi verwirrt nach-net-Brautpuer an en hallewdekoréierten Scoutschâlet virfonnt. Mir hun daat bessi verwirrt nach-net-Brautpuer heem gescheckt an hun eis un eis Aufgab gemaach. Ob den Scoutschâlet oppassen. Mir hun dozou daat benotzt, waat all gudden Gardien braucht: zwee Still, eng Fläsch Sprite an eng Baguette. Nee, daat waar lo keen Insiderwitz, an wann dir et net verstaanen hudd, musst dir ierch firchterlech schummen.

Déi Nuecht ass relativ roueg verlaaf an et ass och alles, op waat mir hun missen oppassen, stoen bliwen. Trotzdem hun sech an mengem Mo schon déi eischt Unzeechen vun Angscht a Schrecken breed gemaach. Waat geif daat fir eng Hochzait gin? Sollt ech eppes op déi Ukennegungen, et geif secher Angscht a Schrecken gin, gin?

Den Moien ass séier eremgaangen mat Virbereedungen an Dekoratiounen. Fir déi méi graff Saachen geif en Club des Jeunes kommen. Also hun ech matgehollef, Moosgummihärzen op en Zelt ze peschen an Glieser an Pyramidenform, also eischter an engem Draieck, opzestellen. Ech hun geduercht, et wier wahrscheinlech besser, sech einfach keng Froen ze stellen, well en soss, dach nemmen Angscht a Schrecken geif erliewen.
Irgendwann ass dun den Moment komm, wou all Mensch aus dem Haus waar, fir bestued ze gin oder beim Bestueden nozekucken an mat Rais op d’elo-net-méi-nach-net-Brautpuer ze werfen.

Ech waar also elleng am dem Scoutschâlet an hun mech nach e bessi em divers Dekoratiounen gekemmert. Irgendeen haat ongefeiher allguerten d’Sonnenblumen aus dem ganzen Land gepleckt an an eng Onmass vun Vasen gestach. An déi hun ech allguerten irgendwou an dem Scoutschâlet an och ronderem verdeelt. Ech hun mech gefroot, op irgendeen daat op der Feier ze würdegen weißt. Mee oft sin déi ongesin Arbeschten déi schweierst. Virun allem, wann et em Dekoratioun geht.

Irgendwann ass dun den Club des Jeunes komm. Ech sollt denenen eigentlech e puer Aufgaben gin. Déi hun ech schlussendlech baal all selwer erleedegt, well sie aaner Informatiounen an virun allem Prioritéiten haaten wéi ech. Sie hun ugefaangen Holz ze maachen.

Et schengt net wirklech vill Saachen ze gin, déi quasi all Toppert kann an déi méi “männlech” sin wéi Holz ze maachen. Mat enger Axt sou fest wéi meiglech op irgendeen Punkt op e Steck Holz ze haaen, daat ass net sonnerlech schweier, mee et kritt en schnell d’Gefill, et hätt en eppes geschafft. Virun allem, well aus engem groussen Steck Holz seier 2 méi klenger gin an sech esou d’Friichten vun der Arbescht emmer méi schnell vermehren.

Ech hun mech gefroot, wiesou sie net einfach Holz vun dem Stapel, den schon färdeg an Stecker gehaaen do louch, geholl hun. Mee eng wirklech Äntwert dorobber kruut ech net. Angscht a Schrecken waaren als en vague Schiet um Horizont ze erkennen.

No engem méi oder maaner laangem Nometten bei dem ech meeschtens relativ onbedeelegt bei dem Club des Jeunes rondremstoung an mir soen geloss hun, sie wieren net emmer esou topeg an geifen sech net emmer sou behuelen, oder, an mengem Vokabluär, sie geifen sech net emmer sou angschteinflössend an wéi en Trupp Junkien no enger Kaffeefahrt op den Malediven behuelen.

Vlaischt, hun ech mir geduercht, sin daat och déi normal Domheeten an en mettelmeissegt Behuelen vun der letzebuerger Landjugend. Bei dem Gedanken sin Angscht a Schrecken aus dem Schiet gesprongen an hun mech an d’Been gebass. Ech hun en stommen Kreesch vun Peng vun mir gin, den, an daat lait an der Natur vun der Saach, keen heiren huet. Glaichzaiteg hun ech mech gefroot, wéi sech sou en stommen Kreesch, wéi en oft an schlechten Groschenromaner beschriwen ged, sech eigentlech unheiert. Mee wann en Radiogonzojournalismus mescht, kann en sech net laang mat stommen Saachen beschäftegten. Daat ass eischter eppes fir “d’Kollegen vun der geschriwener Press”.

Un deser Plaatz sin ech lo versicht, eng Beschreiwung, wéi ech eng Häressbel mat enger Jeans verdirwen an baal futtigeschloen haat, anzebauen. Daat ass sech allerdengs net op der Hochzait, mee elo graad beim Schreiwen vun der Episode geschidd an et gin schon ze vill chronologesch Interferenzen, sou daat ech oft net wees, waat fir eng Zait ech benotzen soll.

Irgendwann waar et dun endlech Owend, den Grill ass gelaaf, an aus dem Osten vum Land ass d’Meldung komm, daat den Konvoi mat der Hochzaitsgesellschaft elo ennerwee wier. Ausserdem waar schon eng Bluesband, bestehend aus 2 Membren, angetraff an stoung virun Scoutschâlet ze waaren an daat mat enger Rou, wéi nemmen en Bluesband waarden kann.

Eng hallew Stonn drop ass den Konvoi dann endlech unkomm. Jiddereen, den op manst schon eng Keier vun enger Hochzait heiren huet, kennt daat. Autoen mat Loftbäll déi tuuten. Normalerweis klengt daat, wéi wann erem irgendeen Land am Futtball gewonnen hätt, mee bei méi geneem Kucken mierkt en, daat et do Ennerscheeder gin. Zum Beispill eben déi Loftbäll, déi bei denen weinesten Futtball-Supporter um Auto sin.

Waat geif déi Hochzait do brengen? Wiesou huet de Club des Jeunes selwer Holz gemaach? Huet do net en bestemmten Auto am Konvoi gefehlt? Geif et je eng net ofgeschlossen Angscht-a-Schrecken-Episode gin?
D’Äntwert op déi Froen… d’nächst Woch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *