Angscht a Schrecken op enger Tankstell irgendwou an der Pheripherie

Et gin Nuechten, déi sin laang, well Sylvester ass, an et ginn Nuechten, déi sin laang, well en einfach eppes besseres ze din huet, wéi schlofen ze goen. Och, mee net nemmen Gonzojournalisten verbrengen esou Nuechten an niwelegen Cafén an danzen op méi oder manner elektronesch Kläng.


Irgendwann ass och déi fraisten Nuecht eriwer an et muss een heem goen. Oder op manst muss en aus dem Café eraus. Dann steht en virdeischt mol e bessi virun der Dir an et geht en déi verschiddesten Optiounen duerch. Heemgoen, nach „irgendwou“ eppes drenken goen, eppes iessen goen oder probéiren erem an de Café eranzekommen.

Ech stoung relativ helleflos virun dem Café, well ech un sech naischt dogeint gehaat hätt, an en net-friemt Bett ze kommen an trotzdem awer nach wackreg genuch waar, fir mech mam Kapp no vir an all meiglech Art vun Angscht a Schrecken ze stirzen. Sou huet zum Beispill en relativ luschen Typ eis ungebueden, bei hien heem ze goen an do nach eppes ze drenken. Hien geif och just 5 Minuten wait wech wunnen. Ech sin mir secher, daat dat ziemlech vill Angscht a Schrecken gin wier, mee denen meschten Leit vun dem klengen Grupp, déi nach virun der Bar stoung, waar daat so ZE suspekt.
Et well en jo net op irgendwelchen Orgien landen. Oder ieren bei Daiwelsubieder oder Drogenverreckter. Daat sin déi drai grouß Gefohren vum Letztebuerger Nuetsliewen: Orgien, Daiwelsubieder an Drogenverreckter.

Irgendwann hun verschidden Leit eng gesond Decisioun getraff, an daat heescht, sie sin heemgefuer. Mir hun eng manner gesond Decisioun getraff an sin an d’Parkhaus gaangen. Den luschen drogenverreckten Daiwelsubieder, den mat eis eng Orgie wollt feiren, hun mir einfach do stoen geloss. Hien huet bessi traureg gekuckt, mee mat esou Leit soll en eigentlech keen Matleed méi hun. Virun allem net, wann se en nach virun 5 Minuten op eng Orgie entfeieren wollten.

Mir hun eng mir bis dohinner onbekannten Entree an d’Parkhaus, oder eischter den ennerirdeschen Parking, gewiehlt. Et ass en sech heinsdo guer net bewosst, waat fir Hannerangäng et iwerall ged. Op alle Fall stoungen mir dunn irgendwann virum Auto, sin erangeklommen an lasgefuer. Wéi déi meescht vun de Nolauschterer, déi regelmeisseg Parkhaiser besichen oder schon mol vun esou Arichtungen heiren hun, wessen, muss an do un sech bezuehlen, iert en rausfiert.

Eisem Chauffeuer ass daat opgefall, wéi en bei der Barriere stoung. Ok, esou eppes kann passéiren, an wann et just um halwer 4 an der Nuecht geschidd, dann ass daat och guer net emol esou schlemm. Trotzdem hun ech fonnt, daat esou Aktiounen d’Vertrauen an d’Fahrtüchtegkeet vun de Leit e bessi erschütteren kann. Waat och emmer daat genee heescht, elo waar et sowuesiou ze speit. Mir souzen an engem Auto mat ze haarder Musek, engem nach bessi alkoholiséierten Fuerer, den behaapt huet, et geif 5 Minuten brauchen bis bei hien heem, mee hien geif awer lues fueren. Ech mengen, letzten Endes waaren mir eng Veirelstonn ennerwee.

Ech mengen, iwert den Plang vum weideren Verlaaf vum Owend waar sech keen vun eis esou richteg eenz. Daat heescht, jiddereen haat en aaneren Plang am Kapp, waat e bessi problematesch ass. Wann ech soen: mir, dann mengen ech, eisen Chauffeuer, meng beschte Frendin, daat den Nolauschterer net onbekannt ass an meng gonzojournalistesch Weinegkeet.

Ech haat also d’Kontroll iwert d’Situatioun verlueren. Ech souz um Recksetz vun engem Auto, den mat vill ze haarder Musek Richtung Kierchbierg gebriedert ass an am dem déi drai Inassen sech net wirklech eenz waaren, wouhinner et elo geif goen. Daat heescht net, daat gestridden gin ass. Jiddereen haat esou vill Rechtalkohol an sengem Blut, daat en gemengt huet, daat sain Plang einfach geif emgesaat gin.
Irgendwann sin mir dunn op eng Tankstell gefuer, fir d’Optioun „nach eppes iessen“ ze erfellen. Déi meeschten Tanksstellen maachen irgendwann owes zou, mee anscheinend ged et nirwt der berühmter emsaatzstärkster Tankstell an Europa, iwert déi jo och en Film gedreint gin ass, och nahc eng aaner, déi déi ganz Nuecht iwer op ass. Eng kleng Tankstell, net un enger Autobunn, mee eischter irgendwou an der Pheripherie vun der Haaptstadt, fir net ze soen: irgendwou an der Brousse.

Tankstellen wärten denen meeschten Nolauschterer wahrscheinlech op manst vun Erziehulungen hier bekannt sin. Eigentlech méi esou eppes wéi en 24-Stonnen Supermarché, oppen fir all déi, déi mat engem Auto ennerwee sin. An bessi méi groussen Stiedt gin et och 24-Stonnen Supermarchén ouni daat en do kann Benzin kaafen, mee an engem Land, wou all Awunner mat engem Autosschlessel um Schlesselunhänger op d’Welt kennt, brauch en esou eppes net, well et gin jo Tankstellen.

Daat ass oft en gaanz eegenen Mikrokosmos. Wéi den Film iwert déi greißten an emsaatzstärksten Tankstell vun Europa secher ganz gudd beweist. Ech hun en nach net gesin, mee eigentlech sin do wahrscheinlech just Saachen, déi mir souwiesou wessen, well mir jo sou oft op Tankstellen ankaafen goen mussen. Et gin do also Leit, déi just Bezin wellen, et gin Leit, déi just irgendeppes fir ze drenken well an am beschten durno net méi geifen fueren, an et gin Leit, déi hongreg sin an irgendeppes iessen wellen. Esou wéi mir.
An dann ged et do nach en gaanz aaneren, méi speziellen Typus vun Leit, an den gouf et vlaischt och just nemmen den Owend op deser spezieller Tankstell irgendwou an der Pheripherie. Gescheitert Topmodel-Kanidatinnen an hier Kollegen, déi sech an dem net méi ganz esou hellen Liicht vun dem freiheren B-Promi sonnen. Mir wessen all, ween lo gemengt ass, an falls net: Et heescht Mandy.

Angscht a Schrecken souzen och op der Tankstell. Et waar eng gefeierlech Nuecht op deser 24-Stonnen Tankstell. Waat huet daat net esou wirklech-Topmodel hei gemaach? Wiesou stoungen sou vill Meller hei an hun an hiren Autoen gies? Wouzou geif daat ganzt feieren?

Mir sin eran gaangen an hun eis eppes fir Ziessen gesicht. Hei hun sech komesch Geschichten ofgespillt. Aus irgendengem komeschen Grond wollten verschidden Leit Ärdbieren kaafen. Do muss en vlaischt erem e puer Saachen erklären. Eigentlech ass d’Ärdbiersaison eriwer. Wann en elo nach Ärdbieren kritt, dann bezillt en endweder deier oder sie schmaachen haaptsächlech no Waaser.
Mee bon, fir sougenannten Knaschtereien gin se vlaischt awer nach duer. Mee Leit, déi am Hibleck op Kiwien behaapten, sie wieren Schwengerscher, sin mir e bessi suspekt. Virun allem, wann se de Chauffeur vun dem Auto sin, an den ech mech setzen wärt.

Mir hun eis Pizza kaaft an hun no bessi Chaos mat Suen dunn och bezuehlt. Mir waar daat ganzt onheemlech. Geif herno irgendeen mir daat elei glewen? Daat ech um 4 Auer an der Nuecht engem baal-Promi begeint wier, den irgendwou op enger klenger Tankstell irgendwou an der Pheripherie gesiess huet? Angscht a Schrecken sin méi no komm. Bei engem Ufall vun Klaustrophobie haat ech d’Impressioun, daat alles immens einfach wier an d’Liewen no engem festen Muster geif oflaafen. Eng aart Endloschlaif, aus der en net méi kéint ausbriechen. An sou geif d’Mandy eiweg op deser Tankstell stoen bleiwen, an wier eiweg op der Flucht. Wéi schon sait 40 Episoden „Angscht a Schrecken“.

An desem Moment haat ech d’Gefill, ech wier no um pulséirenden Härz vum letztebuergeschen Albdraam. Eng Nuecht mat bessen ze vill Alkohol, engem Topmodel an enger Tankstell, wou se keng Ärdbieren hun. Angscht a Schrecken haaten mech.

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Fluucht. Wouhinner? Daat waar egal…