Angscht a Schrecken net bei, mee och net ganz wait wech vun de Kakamaschinen

Lo stinn schon zenter puer Wochen an zwee Museen, awer och just well een ze kleng ass, déi berühmt berüchtegt Kakamaschinen, déi hiren Entweckler Cloaca genannt huet. Hien mescht aus Schaiss Suen an leisst och nach méi oder manner berühmt Käch fir seng Verdauungsträkt aus Stohl kachen. Dozou kann en elo stinn wéi en well, als Gonzojournalist muss en esou eppes gesin hun. Wann och just vun waitem.

Mir, dh. Ech an meng bescht Frendin, daat den Nolauschtern zwaar net onbekannt ass, mee awer anne-onym bleiwen well, wollten eigentlech just op en Konzert. Ech well d’Geleegenheet nach schnell notzen an mech fir den schlechten Wuertwitz entschellegen.
Mir waaren ursprünglech der Meenung, mir geifen en Konzert zweschen den Kakamaschinen gesin, quasi am Schaiss also.

Wéi mir den Musée, den ze kleng fir déi greißt vun de Kakamaschinen ass, ereescht hun, hun mir schon vun waitem gesin, daat irgendeppes net gestemmt huet. En schwarz-waiss gestraiften Fändel mat engem rouden Draach houng do. Als ausgebildeten Gonzojournalist mat Fähegkeeten an der Heraldik hun ech direkt erkannt, daat et sech em de Fändel vun der Republique Libre de Clairfontaine gehandelt huet.
Waar de Musée mat den Kakamaschinen besaat? Geifen domadder d’Eroberungspläng, déi secher irgendwou an engem Tirang an der aaler Molkerei geifen leien, wouer gin?

Angscht a Schrecken hun sech lues an lues ungeschlaach, och wann alles ganz friddlech gewirkt huet. Eng Onmass Leit huet Entrée bezuehlt, obwuehl ech ganz secher, irgendwou am Internet gelies ze hun, daat desen Event dach gratis wier. An wéi mir alleguerten wessen, stemmt alles waat am Internet steht.

Meng Begleedung huet sech daat och gesoot an huet einfach mol geziehlt, hat hätt eng Akkreditatioun. Oder hat geing Fotoen fir d’Band maachen, déi, an daat hun mir lo och mol rausfonnt, net am Schaiss zweschen den Kakamaschinen gespillt huet, mee am Keller. Daat waar Nouvellen, déi esou ziemlech alles geännert hun. Waat fir grausam Saachen geifen eis an dem Keller erwaarden?
Angscht a Schrecken sin méi grous gin, wéi mir eis bei Receptioun gedreckt hun an ech d’Kakamaschinen fir d’eischte Keiher erbleckt hun.
Meng Begleedung huet dunn d’Geschicht vun der Bandfotographin einfach nach eng Keiher erziehlt, an d’Leit hun him daat einfach geglewt. Waat erem eng Keiher en Beweis dofir ass, daat en den Leit egalwaat erziehlen kann, et muss just irgendeppes mat „Press“ oder „Veröffentlechen“ ze din hun, dann kennt een iwerall eran. Oder baal iwerall. Ob manst awer an de Keller ennert de Kakasmaschinen, wou en Konzert soll sin.

Daat, waat mir nämlech Angscht gemaach huet, waar folgendes: Meng Begleedung haat en Fotoapparat vun 100 Euro dobai, an naischt, waat irgendwéi no Fotographenausrüstung ausgesinn huet. Keng Stativen, Lichtmiesser oder soss Fotographenkrimskrams. An virun allem: wiesou hun se mech fir naischt erangeloss? Daat enzegt, waat ech gedroen hun, waar déi daitsch Iwersetzung vum Bret Easton Ellis sengem Roman „American Psycho“ an en Hawaiihierm. Daat ganzt an enger rosa Stofftuut.

Ok, et keint en lo argumentéiren, mir wieren alleguerten e bessi méi oder manner schick ungedoen gewierscht, mee daat kann dach net esou vill ausmaachen. Ech hun schon Journalisten an vill méi schlechten Kleeder gesin. Et mescht Angscht, wéi einfach et ass, wann en einfach heinsdo bessi daat ass, waat en op daischt „dreist“ ass.

Ech wees net, ob et am Lëtzebuergeschen en Wuert fir „dreist“ ged. Wann jo, geif ech déi Leit, déi wessen, waat fir en Wuert daat ass, mir daat matzedeelen. Meng Email ass joel@graffiti.lu an meng Handysnummer PIEEEEEEEP.

Mir sin also an de Keller ennert de Kakamaschinen gaangen. Do huet et no Iestebulli geriicht. Waat zwar keen schlechte Geroch ass, mee an engem Keller ennert Kakamaschinen hätt ech mir esou ziemlech all Geroch erwaard, mee net deen vun Iestebulli.
Angscht a Schrecken waaren och an desem Keller. Vlaischt haaten sie sech och als Fotographen ausginn.

Ech hun probéiert, daat alles ze ignoréiren an sin menger Begleedung an den Raum, wou sech den ominösen Konzert ofgespillt huet, nogetrollt.
Op een mol konnt ech mech net méi wirklech dorobber konzentreiren, Angscht a Schrecken ze ignoréiren. Cyanblo Neonstuben hun den Raum ausgeliicht, komplizeiert musikalesch Strukturen hun den Raum erfellt an de Buedem huet aus rengem Krässi bestaanen.

Meng Begleedung ass mat sengen heichen Stiwelen am Krässi angaangen. En Moment haat ech den schrecklechen Gedanken, daat daat ganzt just en Faal vum Wim Delvoye wier. Vlaischt wier den Krässi an Wirklechkeet Treibkrässi (esou wéi „Treibsand“) an mir geifen lues an lues angoen an dann geif den diaboleschen Wim Delvoye, Erfannen vun den Kakamaschinen kommen an eis un seng grausam verdauend Maschinen verfidderen.

Angscht a Schrecken haaten mech. Zum Gleck huet de Fakt, daat déi meeschten Leit net am Krässi angaangen sin, dogeint geschwaat. Ausserdem ass den Wim Delvoye, den Erfanner vun den Kakamaschinen, Vegetarier an huet och schon Schwain tätoweiert. Ech wosst net, ob daat geif geint d’These vum Treibkrässi schwätzen, mee et huet mech berouegt.

Et gouf drai Zyklen. En Set Musek, dann erem Paus. Daat ganzt drai Mol. An denen Pausen hun mir meeschtens mat irgendwelchen Leit geschwaat, déi mir méi oder manner gudd kannt hun. Ech hun mir och irgendwann eng Keier Zopp (Muertenzopp) geholl an en Glas Wain. Hei hun ech erem en Moment Angscht a Schrecken erliewt: Den Wain huet en missen vun enger Kaart ausssichen, an ech sin ungekuckt gin, wéi wann ech tatsächlech Ahnung vun letztebuerger Wainer hätt. Waat net de Fall ass.
Ech hun erem missen un d’Kakamaschinen denken. Vlaischt wollt en just, daat mir eis geifen de Bauch gudd voll schloen, fir daat d’Maschinen och ordentlech eppes ze verdauen hätten?

Ech hun un eng Geschicht geduercht, wou ech eppes ähnleches schon eng Keier heiren haat.
Demols ass et em eng aal Frau an en Uwen gaangen. Angscht a Schrecken sin nach eng Keier méi grous gin, mee de Wain huet mir gehollef, mech ze berouegen.

Irgendwann waaren déi drai Sets dunn eriwer an mir hun e puer aal Bekannter getraff, déi eis net nemmen flott Fakten iwert Kakamaschinen erziehlen konnten, mee mir och nach en secheren Heemwee versprach hun. Des Keier sollten jo och keng Drogenverreckter dobai sin.
Mir sin bis op eng Terasse gaangen, wou en eng Kakamaschin an engem Wantergaard stoen gesin konnt.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin.
Eng gigantesch Maschinn, déi am Endeffekt just eppes konnt: Schaiss produzeiren. Ech wollt net vun esou engem Koloss aus Stohl an Reiher verdaut gin, fir herno am Vakkum angeschweest vun Leit mat vill Souen an weineg Gehiir kaaft ze gin an dann an enger geruchsneutraler Vitrinn ze verstepsen.
Leit hun festgestallt, daat ech un dem Owend Gebuerstdaag hätt an hun all 5 Minuten „Happy Birthday“ gesongen. Ech hun daat relativ schrecklech fonnt. Mee emmerhin nach besser, wéi vun enger Maschin verdaut ze gin.
Irgendwann hun mir entschloss, mir hätten elo oft genuch Kaka gesoot an wollten dunn nach e bessi op komeschen Techno fetzen. Ausserdem waar déi Fraa, déi irgendwou an dem Kellerlabyrinth, vun dem ech mir emmer nach net esou secher waar, ob et net eng Faal vum diaboleschen Wim Delvoye wier, anscheinend relativ berühmt.

Mir hun also schon zu menger Begleedung an der Band, déi jo afin zu hirer Fotographin muss sin, Äddi gesoot, obwuehl en sech secher waar, et geif en sech nach eng Keier iwert den Wee laafen. Wouranner genau de Senn bestaanen huet, wosst ech net wirklech. Dem Comissaire Balzer sin mir och nach iwert de Wee gelaaf.

D’Stemmung an dem Keller, wou déi komesch, anscheinend berühmte Fraa net nemmen opgeluecht huet, mee och nach wéi well rondrem gesprongen ass, waar um Deifpunkt ugelaangt. Leit iwert 30 stoungen loschtlos mat hirem Wainglas an hirer Schossel Ietsebulli rondrem an hun sech geigensaiteg gefroot, ob se sollten danzen.
Mir hun et einfach gemaach.
Also, gedanzt. Wann mir schon sollten verdaut gin, dann net ouni virdrun gedanzt ze hun.
D’Musek ass emmer méi obskur gin, déi anscheinend berühmte Fraa, déi wéi well rondremgehopst ass, huet aal Diskoklassiker opgeluecht. Irgendwann hun mir beschloss, ze goen. Angscht a Schrecken waaren omnipräsent an de Gesiichter vun denen Leit iwer 30, déi sech einfach net entscheeden konnten, ob sie lo danzen sollten oder net.

Menger Begleedung ass bei där Geleegenheet ne Instrumentenstänner op d’Feiss gefall. Ech hun gespiirt, daat et elo heich Zait waar, ze goen. Mee eis Flucht aus dem Labyrinth ennert de Kakamaschinen sollt kuerz virun der Dir op en Enn goen.

D’Sucht no Nikotin vun engem Member vun eiser Grupp huet eis an d’Gespreich mat mir vun Biller bekannten Leit bruecht. Als Zeechen vum Fridden sin Iwerraschungseeer ausgetosch gin. No deser Zeromonie, déi mir erem Angscht a Schrecken angejoot huet, sin mir dun endlech geflücht.
Wech vun de Kakamaschinen vum diaboleschen Wim Delvoye an d’Parkhaus net wait dovunner, do an den Auto an mat dem dun Richtung Fraiheet.
D’Flucht mat zwee Leit, déi all Lidd um Radio matsangen, ass laang an voller Angscht a Schrecken…