Angscht a Schrecken op engem ganz normalen Samsdesnometten

Et gin Deeg, déi sin esou normal, daat en mengt, et keint eigentlech naischt besonnesch schreckleches passéiren.Samsdesnometteger sin oft esou Deeg, wou en nach e bessi am Jum ass vun Freides an sech awer och schon prett maachen well fir Samsdes Owes. Oder et mescht en all déi Saachen, fir déi en soss nie Zait huet.

Zum Beispill kann en op Versammlungen goen an sech mat Leit treffen, déi en soss net kann gesin, well en soss keng Zait huet. Well een irgendwelchen ultra-wichtegen gonzojournalisteschen Tätegkeeten muss nogoen.

Samsdes nomettes ass fir vill leit den idealen Zaitpunkt, fir Fernseh ze kucken. Do gin et dann „Wochenzusammenfassungen“ vun Seefenoperen an Wiederhuelungen vun all denen Serien, déi en während der Woch verpasst huet. Daat ass relativ gemittlech, an sou bleiwt en gären virun der Flimmerkescht setzen an et vertrendelt een den Daag, ob dem en eigentlech alles kéint maachen. Dann gin et och Leit, déi Samsdes nomettes akaafen gin.
Falls et irgendeen Zaitpunkt ged, den wirklech ongeschteg ass, fir akaafen ze goen, dann ass daat den Samsden nometten. Do gesait et an den Supermarchéen nämlech esou aus, wéi wann all Moment eng Hongersnout, en thermonuklearen Kirch, en Tsunami an en Popstbesuch iwert eis eranbriechen geif. Op gudd letztebuergesch: D’geht keen Meter virun.

Ech haat allerdengs net fir, mech an en Supermarché ze stirzen oder op der Kusch ze leien. Ech wollt op eng Versammlung goen, fir Leit ze treffen, déi ech soss net konnt gesin, well ech meng Zait soss mat ultra-wichtegen gonzojournalistescheschen Tätegekeeten verbrengen.

Dofir hun ech missen en vun mengem Lieblingstransportmettelen benotzen, also den Zuch. Ween Angscht a Schrecken vun Ufank un kennt, den wees, daat et bei den CFL emmer erem zu Angscht a Schrecken kennt. Ween daat net wees, den geht op www.joeladami.net an klickt op „fear and loathing“. Do fennt en dann eng Lescht mat allen Episoden, déi en sech kann unlauschteren.

Et soll iwregens Persounen gin, déi sech vun Zait zu Zait alleguerten d’Folgen vun A&S hannertneen unlauschteren. Ech geif daat net maachen. D’Welt ass esou schon schrecklech genuch. Ausserdem ass Ettelbreck net onbedengt déi flosste Stadt fir den permanente Wunnsetz.

Well et fir den weideren Verlaaf vun der Handlung wichteg ged, ech awer net wees, wéi ech et dramaturgesch besser anbauen kann: Mettes ass et Pizza ziessen gin. Geliwerter.

Op alle Fall sin ech an den Zuch geklommen, hun Musek gelauschtert, mir déi düster bis depressiv Hierschtlandschaft op engem kaalen, groen, Samsdesnometteg ugekuckt. Baal hun ech mir gewenscht, net am den Zuch, mee doheem an der waarmer Stuff ze setzen an d’Wiederhuelungen vun all denen Serien ze kucken, déi ech an der Woch emmer verpassen – net, well ech keng Zait hun, mee well se mech keen Pond interesséieren.

Irgendwann ass en Trupp vun Jugendlechen an den Zuch geklommen. Ech hun sie op den Alter vun 7e geschaat. Et waaren baal nemmen Mederscher, déi e bessi no der grasséierender „Emo“-Well ausgesin hun. Awer irgendwou och bessi esou, wéi wann se sech net richteg entscheeden keinten, ob elo se elo Emo, Hiphop oder irgendeng aaner Subkultur imitéiren weilten.
Angscht a Schrecken waaren also quasi mat erangeklommen.

Daat ass jo daat, waat mech un denen ganzen Trends verwirrt. Also, net, daat Angscht a Schrecken mat 7emesschüleren an den Zuch klammen, mee eischter, daat herno alles vermescht ged an et net emol méi kritiséiren kann, well et just nach en Mix vun Stiler ass, den guer net beineen passt an trotzdem Popkultur ass.

Waat mech nach méi duerchneen gemaach huet, waar de Fakt, daat déi jonk Leit keng Plaatz fonnt hun. Sie sin laanscht mech getreppelt, irgendwann gemierkt, daat se keng frai Plaatzen fir 10 leit beieneen geifen fannen an sin erem no hannen gaangen. Mee amplaatz sech emzedreien sin se virdeischt mol nach wiederneen geknuppt an hun sech durno reicht lues a lues emgedreint, fir dann eng manner ideal Setzplaatzkonstellatioun ze sichen.
Wéi gesoot, Angscht a Schrecken souzen an desem Zuch.

Daat den ganzen Spektakel vun Geschnatters an Gekikkels ennermolt waar, muss ech wuehl net erwähnen. Vlaischt ass de Fakt, daat ech des Geraischer trotz haarder Musek aus mengem Mp3-Player heiren hun, awer erwähnenswert. An ech haat gemengt, eng Hord Drogenverreckter op Kaffifahrt wier eppes schlemmes.

Déi ganz Zuchfahrt iwert huet irgendeen op dem Setz vun irgendengem aanerem getrommelt. Daat huet net nemmen mech genervt, mee och déi betreffend Persoun, déi wahrscheinlech weiblech an matzen an der Pubertéit waar. Dementsprechend brutal ass dann och reagéiert gin. Ech waar frou, mir daat Blutbad net hun missen unzekucken. Ech hun main Mp3-Player nach méi haard gestallt an komesch, spheresch Musek gelauschtert, déi mech ganz duerchneneen gemaach huet.

Irgendwann ass den Zuch dun ukomm an ech sin weltentrückt duerch den Zuch getrollt. Virun an hannert mit subkulturverwirrt Kanner, déi ouni opzehaalen gekikkelt an gelaacht hun. Ech hun mech gefroot, waat et esou vill ze laachen geif gin. Waat waar un engem groen, nassen an kaalen Samsdesnometten esou witzeg? Oder hun sie den Zuch esou witzeg fonnt? Wann en déi eischter Keier ouni Eltren an d’Stadt fiert, fir do eng Glace ze kaafen oder an de Kino ze goen, fennt den daat vlaischt nach sou witzeg, daat en stänneg driwer laachen muss? Angscht a Schrecken haaten mech.

Ech hun mech un meng eischt Zuchfahrten ouni elterlesch Beleedung erennert. Ech haat en groussen Ökohellegenschain deemols, mee gekikkelt hun ech nie.

Wéi ech dunn aus dem Zuch geklommen sin, huet den waissen Quaisbuedem mech verblend. Ech waar nach emmer ganz duercherneen vun der sphärescher Musek, déi mech irgendwéi an eng aaner Dimensioun bruecht haat. Eng Dimensioun voller Angscht a Schrecken. Den Himmel iwer mir waar gro, wéi wann och hien aus Beton wier. An rondrem mech en Trupp vun 7emesschüleren, deen net opgehaalen huet mat Kikkelen an Jaizen.

Wiesou waar ech esou voller Angscht a Schrecken an si hun just gelaacht an gejaut?

Ech wosst, daat des Keier net mol d’Flucht geif hellefen. Wann en bis an der Midlife-Crisis ass, hellefen just nach Drogen.
Oder komesch Versammlungen, fir déi en soss keng Zait huet.