Angscht a Schrecken an denen leschten 49 Episoden (Best Of)

Wéi der secher all wesst, haaten mir Vote gemaach, waat dir dann elo weilt als 50 Episode. En Kand vun mir, eng Best-Of Episode oder eng ganz normal Episode. Natirlech wollten déi meescht Leit en Kand vun mir, mee déi zweemeschtgewiehlte Äntwert waar eng Best-Of Episode, an déi heiert dir elo och…


Ech war mam S. En drenken.Naischt schlemmes. Ech haat nët fir, mir eng an d’Schaiss ze geheien an herno wei en Idiot ze flüchten.
Ech war mir secher, ech wann ech an engem Baam an Ostpolen geland wier, wier ennert dem Baam d’Hütt vun irgendengem Drogenverreckten oder der Hexe aus Hänsel und Gretel gewierscht. Oder d’Weekendheischen vum Rastamann.

Ech sin also ausgerüst gin mat engem immens groussen an modernen Handy mat Kamera an soss technickschnickschnack. Ech haat jo schon Erfahrung mat esou Saachen gemaach, an zwaar an engem Tunnel zweschen zwou Kulturbauten um Kierchbierg.

Angscht a Schrecken hun mech trotz dem Niwel fonnt. Geif ech je aus der Musekbar erausfannen? Waat geif mat mir passéiren, wann ech déi falsch Dir geif erwëschen? Ech hun mir virgestallt wéi ech d’Kellertraap geif erofaalen an an engem obskuren Raum geif landen, wou Leit wéi den Toni oder och nach den Rastamann setzen an Drogen ennertneen verdeelen. Déi Bar ass gerüchter no bekannt fir Leit déi gären mol hir Nues pudderen.

Zum Thema Kokain kruut ech vun engem, deen et wessen muss, d’Informatioun, daat an dem Pudder, den haut als Kokain verkaaft ged, just nach 4% richtegen Kokain dran ass. Daat ass och esou eng Saach. Ech hun do einfach meng Virurdeeler. Vun Kenschlter denken ech jo, daat se sech gären mei oder manner legal Drogen eranzeien an Filmer kucken wou een dem Aaneren mat der Buermaschin d’Aan erausbuert an wou mat raschtegen Kettenseen op Fässer getrommelt ged.
Mee et muss en sech just bewosst sin, daat Charme net emmer an der Form vun rosa Hieserscher oder kleng Kaatzen optrett.
Ausserdem ass mat Salzseier op Steng geschott gin. Wann eppes net gefeierlech genuch ass, kann en emmer nach Salzseier dobaischedden, dann ged et esou richteg flott.

Die net immens grous Bar huet sech emmer an emmer méi gefellt. Ech hun mech no der eischter Band net méi getraut, eraus ze goen. Ech haat dozou och keen Grond. Ech kruut nach genuch Loft, ech haat eng leif Persoun fir ze schwätzen an och eppes fir ze drenken. Och main Geheier huet nach, esou wait ech daat eben beurdeelen konnt, funktioneiert.

Et gin Nuechten, déi sin laang, well Sylvester ass, an et ginn Nuechten, déi sin laang, well en einfach eppes besseres ze din huet, wéi schlofen ze goen. Och, mee net nemmen Gonzojournalisten verbrengen esou Nuechten an niwelegen Cafén an danzen op méi oder manner elektronesch Kläng.
Irgendwann ass och déi fraisten Nuecht eriwer an et muss een heem goen. Oder op manst muss en aus dem Café eraus. Dann steht en virdeischt mol e bessi virun der Dir an et geht en déi verschiddesten Optiounen duerch. Heemgoen, nach „irgendwou“ eppes drenken goen, eppes iessen goen oder probéiren erem an de Café eranzekommen.
Dunn hun mir entscheed, daat elo Zait wier, fir raus ze goen an eis frou Botschaaft vun Alkohol an Gesang op d’Strossen vun Kopenhagen ze drohen, wou d’Leit secher vill Verständnis fir eis hätten.
Et waar schrecklech. Ech sinn et meéi esou wierklech riicht gaangen an hun probéiert, spuneschen Leit letzebuergesch Vollekslidder à la „An engem klengen Duerf“ oder „Un der Attert“ beizebrengen. Well ech awer an mengem normalen Zoustand relativ weineg Interessi un esou Lidder hun, waar ech net wirklech Textfest, waat awer zum Gleck kengem opgefall ass. Et waar jo jiddereen voll.
Waat waar daat fir eng komesch Famill? Wiesou waar esou vill Alkohol ankaaft gin?
Mee iert ech meng méi intensiv mat denen Froen beschäftegten konnt, ass eng Wolek aus engem seisslechem Geroch an meng Nues gedrongen.
Drogen!
Ech haat beim Club des Jeunes Gerüchter heiren. Et wieren anscheinend Leit do gewierscht, déi gesoot hätten, et geif op deser Hochzaitsfeier relativ vill Drogen gin. Ech hun daat fir daat dommt Geschwätz vun engem Club des Jeunes gehaalen, mee lo haat ech d’Gewessheet. Virun net all ze laanger Zait waar en verdächtegen Pack aus brongem, onopfällegem Karton mat obskuren Inhalt geliwert gin.
Daat waar eng aaner Horrorvisioun. Ech hun mir allerdengs och virgestallt, waat geif passéiren,
wann ech main Song-Wonsch geif härt an de Raum blären. Nodeems ech ganz härt “EX WHY
YOUUUU” gebläärt hätt, wier et ganz roueg am Sall.
All Mensch geif op mech kucken.
Den Billy Corgan geif sain Plektrum faalen lossen, waat en extrem gudd geif heiren.
Durno geifen em Haaren an d’Fliliken wuessen, hien geif soen: I am the Devil. Ech geif dovunner
awer naischt méi matkreien, well en Bletz hätt mech getraff oder ech wier an en deift feiergefelltent
Lach gefall, daat sech ganz spontan opgedoen hätt.

Angscht a Schrecken sin emmer méi grous gin. Waat dreiwt Leit dozou, hir Brescht méi grous erschengen mussen ze lossen, wéi se eigentlech sin? Wouhinner brengt eis den Schéinheets- an Fitnesswahnsinn? E kuerzen Bleck op en Desch mat Schminkutentsilien huet d’Flaamen an der Hell , déi sech virun mengen enneren Aaan opgemaach huet, nach méi heich schloen geloss. Verknascht an vermschmiert Eyelineren an Leppenstefter, Desch un Desch mat den Kessen fir sech och um Strand méi grous Brescht erschengen ze lossen.

Daat ganzt waar fir Angscht ze kreien. Ech waar op alles virbereed gewierscht, mee et waar ganz anescht komm, wei ech mir et geduercht haat. Irgendwou am heigen Norden waaren Iwereschter aus der letztebuerger Hippie an Drogenkultur aus den 70er Joeren zesummenkomm, fir eng Party ze feieren, an ech waar mattendran.
Angscht a Schrecken sin e bessi am Alkohol an an de Leit ennergaangen, mee vun Zait zu Zait sin ech erem baal iwer ze gefall. Nämlech all Keiers dann, wann en de Fallschirm um Plafong gesin hun oder main Bleck op net esou illuster Gestalten, déi an engem Eck souzen, aus denen en suspekten seißlechen Geroch komm ass, gefall ass. Déi hun mech dann meeschtens net esou frendlech zereckungekuckt. Ech hun also leiwer weidergedanzt.

D’Stemmung an dem Keller, wou déi komesch, anscheinend berühmte Fraa net nemmen opgeluecht huet, mee och nach wéi well rondrem gesprongen ass, waar um Deifpunkt ugelaangt. Leit iwert 30 stoungen loschtlos mat hirem Wainglas an hirer Schossel Ietsebulli rondrem an hun sech geigensaiteg gefroot, ob se sollten danzen.
Die Fraa klengt emmer, wei wann se vun engem bloen Hirsch an d’Schong gepisst kritt hätt. An bei all Haltestell mengt en, elo geif d’Noricht kommen, daat op der Plaatz eng Gasleitung explodeiert wier an et 5000 Doudeger gin wier, sou en ellenen Toun huet se drop.
Dem Comissaire Balzer sin mir och nach iwert de Wee gelaaf, just fir daat erwähnt ze hun.
Angscht a Schrecken haaten mech.
Trotzdem, oder gerade deswegen hatten Angst und Schrecken mich. Was würden die nächsten Tage bringen? Würde man mich wirklich in einen Sexshop zwingen? War Toni uns nicht doch gefolgt? Wo würden wir die Nacht verbringen? Würden gewisse Drohungen, in Tanzlokale mit getönten Scheiben zu gehen, wahr werden? Was war das omniöse Tourismusprogramm, das immer wieder erwähnt wurde? War das Getreidesilo explodiert? Und vor allem: Was war eigentlich mit Faust los?

Angscht a Schrecken waaren net nemmen do, mee si hun mech mat der voller Wucht getraff.
Meng aal Bekannten Angscht a Schrecken waaren och irgendwou an der Menschenmass.
Ech waar op Angscht a Schrecken gefaast. Mee ech haat net geduercht, daat et geif esou schlemm gin. Vun allen Saiten sin mir Angscht a Schrecken entgeint gesprongen an hun mech mat obzönen Gesten ageschüchtert.

ANGSCHT A SCHRECKEN…

Main Wee iwert Braderie waar keng Flucht. Daat lei waar Kriich.
Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’FLUCHT…

(originalopnahm: Ech woost, waat ech ze maachen haat. Ech wosst, waat desen Trip ze bedeiten haat. Dest waar… Angscht a Schrecken zu Letzebuerg. … (Piep))