Angscht a Schrecken um eischten Daag am Joer

Et wärt den Nolauschterer wuehl kaum verwonneren, daat mir deeler zu deser Episode beim Anraumen vum kleeder angefall sin. Emmerhin mussen mir alleguerten eis Kleeder anraumen, wann mer net wéi Drogenverreckter eis Kleeder vum Bueden oder aus dem Wäschkuerw fëschen wellen.

Ech waar mir net ganz secher, em waat des Episod sollt goen. D’Enn vum Joer haat ech jo eigentlech schon couvréiert, an soss waar net immens vill movementéiertes geschidd. Op manst naischt, waat den Prädikat „Angscht a Schrecken“ verdengt hätt.
„Luxemburger blicken angstvoll in die Zukunft“, muss ech op der Titelsait vun engem Produit vun eiser versoffener Presse liesen. Wéi soll en bei esou vill Angscht a Schrecken eigentlech nach optimistesch bleiwen?

Ech hun an enger Anthologie mat Texter vum HTS, dem Erfanner vum Gonzojournalismus gelies. Vun irgendwouhier ass en Bass komm. Schrecklechen bellegen Techno. Vun där Zort, op den déi verwinnt Nobless bzw. hieren Nowues an waissen Dolce&Gabbanna Hiermer irgendwou an Luxusdiskoen an der Skivakanz oder och heiheem probéiert ze danzen. Waat awer net geht, endweder well d’Nobless net danzen kann an sech bewegt wéi Roboter aus sowejeteschen Science-Fiction Filmer aus den 50er Joeren. Oder et geht doweinst net, well sech déi fein Herschaften an hirer Dekadenz eng 3-liter Fläsch Absolut kaaft hun an déi zu 15 hallef eidel gedronk hun. Wenn sech dann nach wonnert, virwaat de Letztebuerger net optimistesch an d’Zukunft kéint blecken, ass wahrscheinlech genausou voll.

Irgendwou an den Fear&Loathing Studios hun ech beim Opraumen eng Jack Johnson CD fonnt. Et ass net meng. Ech erenneren mech un eng schrecklech Nuecht mat engem Spazéiergang zweschen Aalstadt an Bouneweeg. Just nach Erennerungsfetzen. Mat Zaiten vergiessen, soss vermeschen sech an der Memoire Kopenhaagen an Letztebuerg. „Times like these“ sengt de gudde Mann. Daat berouegt mech vlaischt. Ech fille mech net gudd, mee vlaischt sin daat nach emmer d’Nowierkungen vun Néijoersdaag. Well, let’s face it – déi schlemmsten Geschichten passéiren net Sylvester. Sie passéiren op Néijoersdaag. Also um eischten Daag am néien Joer.

Ech war mam S. ennerwee, der Persoun also, déi dobai waar, wéi ech déi eischten Keier Angscht a Schrecken erliewt hun. Ausserdem mat engem Crumble-Moderator an sengem Brudder, déi glaichzaiteg och Podcaster sin. Virdeischt sin mir eng Glace iessen gaangen. An durno mexikanesch. Daat waar awer nach alles am aalen Joer. Et luch eng bedrohlech Stemmung an der Loft. Letztebuerg-Stadt, kuerz virum Joereswiesel. Héi huet sech keen drop gefreet, esou verbass ass no Meiglechkeeten gesicht gin, sech ze ameséiren.
Et geht net drems, einfach nemmen Spaß ze hun, et geht drems, do ze sin, wou en am meeschten Spaß huet, wou et am dekadenzsten zougeht, wou se d’Musek am haardsten opdreinen an wou déi meeschten Leit engem op d’Schong katzen.

Wéi decke Niwel ass déi Gewessheet duerch d’Strossen gezunn, an och am Gronn, wou mir virdeischt waaren, huet alles immens agressiv gewierkt. Tenue héi, Mindestalter do, an virun allem mescht keen virun 10 Auer op. Et huet en jo déi ganz Nuecht Zait. Mir wollten awer och schon den Owend geneißen. Also erem an den Lift erop an d’Uwerstaadt. Agressiv Gesiichter vun ameséierwütegen och hei.

An dem eischten Café, den eis do iwert de Wee gelaaf ass, hun se probéiert mat schlechten Techno-Versiounen vun schlechten Poplidder ze impressionéiren. Mir hun eis mat Alkohol dogeint gewierrt. Trotzdem, ech haat Gefill, verschidden Leit waaren impressionéirt an hun effektiv schon en immens festiven Androck gemaach. Angscht a Schrecken sin déi eischten Keier dogetaucht.
Mir hun eis duerch d’Bascht gemaach, hun d’S. Ennerwee op engem Busarret ofgeliwert.
Lanscht daat grousst Zelt vum Lecker Baal, dem Epizentrum vum letztebuerger Sylvester. En grousst Monster, haard an no Soff stenkend, an Grousbuchstawen DEKADENZ dropgeschriwen, mat engem scharfen S amplaatz Z.

Erem rof an de Gronn, wou schon déi eischt Leit erem aus de Cafén eraus geflunn waaren. Lallend an trellend Alkoholjünger, déi dem Drang, sech ze ameséiren, net länger wéi e puer Stonnen – wann iwerhaat – wiederstoen konnten.
Mir sin an eng gemittlech Bar mat anluedenen Couschen, wou mir eis an en Eck manövreiert hun an
eis weideren Alkohol gin hun. Och hei waar de generellen Public schon méi ungeheiert wéi mir, waat sech virun allem an sennlosen Laachkrisen an vill ze haardem Geschwätz ausgemaach huet.

Irgendwann waar et dann esouwait. Deen néien Tour rondrem d’Sonn ass lass gaangen. Ech haat schon baal vergiess, wiesou mer eigentlech geifen do setzen an eis allen drai en Glas roude Wain bestallt haaten. Angscht a Schrecken sin opkomm, wéi – menger, eisen Auren no eng Minut ze speit, deen néien Tour mat engem Countdown an haardem Gebläärs begreißt gin ass.
Zum Gleck ass keen vun eis vun engem Schampesstopp getraff gin. Dobai kann en nämlech liicht en Aan verleiren. Verschidden Saachen sin nemmen witzeg, bis irgendeen en Aan verleiert. Dann sin se fir sech futti ze laachen.

Epes virun Eng sin mir weider gezunn. D’Stemmung op de Strossen waar eng aaner. All déi Cafén, déi virdrun esou agressiv gewierkt hun, hun lo Leit erausgespaizt, déi et net méi gepackt hun an lallend wéi Idioten duerch d’Strossen getorkelt sin an jidderengem, den et heiren wollt, en schéint neit Joer gewenscht.
An enger aanerer Bar hun mir eis méi Alkohol bestallt, mee mir kruuten och direkt eng Portioun Angscht a Schrecken matgeliwert. Vill ze jonk Leit hun aaneren Leit Beier iwert d’Feiß geschott an dobai blöd gelaacht. Mech hun Leit erkannt an hun mir d’Hand gin.
Virun den Toiletten huet en Meedschen meng Hoer ungepaackt. Wéi ech gefroot hun, ob mir eis geifen kennen, huet et gesoot, et hätt just eng Keier weilten meng Hoer kucken. Angscht a Schrecken sin méi an méi grous gin, während Musek propotional zu de Leit, déi an den Café komm sin, emmer méi schlecht gin ass. Och héi sin mir irgendwann gaangen.

Op de Strossen: Nach méi lallend an torkelend Idioten, déi engem mat haarder Stemm en scheint neit Joer gewenscht hun. Angscht a Schrecken sin méi grous gin.
Am Lift, den voller Leit ass, déi net méi esou ganz riicht goen kennen, kann och een sech net zereckhaalen an blärt: „Vill Gleck am néie Joer!“
„Dir waard et brauchen“, hun ech em dreschen geäntwert. Mir haaten Chance, daat de Lift net stoen bliwen ass. D’Leit hätten sech virdeischt secher mol all aus Zaitverdreif gewenscht, iert se een am aaneren op Feiß gekatzt hätten.

Mir haaten een Schutzfilm vun Alkohol rondrem eis, den eis gehollef huet, déi schlemmsten Saachen net matzekreien oder rauszefiltern. Waat batter neideg waar. Och daat groust Monster Lecker Baal huet stänneg Leit erausgespaut, déi dann kreesförmeg duerch d’Uwerstaadt getorkelt sin, wéi wann se am Orbit vun dem groussen haarden, waissen dekadenten Zelt wieren an net méi erauskommen. Och héi, wéi eng Parol, emmer erem Idioten déi der ganzer Welt en schéint néit Joer an vill Gleck gewenscht hun. Dir waart et brauchen, hun ech mer geduercht.

Mir sin zereck an den Café mat den schlechten Technoversiounen getrollt an hun eis, vir eis dem allgemengen Niveau unzepassen an eisen Ideen nozegoen, Cocktails bestallt. Déi waaren zwar gudd, mee ech wosst, daat se deidlech wieren. Durno wier keen méi vun eis am Stand, sech ze wieren, egal waat eis an den Kapp kéim. Dofir hun ech, esoubaal d’Glieser eidel waaren, déi eischt bescht Geleegenheet geholl an mir hun zesummen d’Flucht ergraff.
D’Party waar esou lues awer secher eriwer. Esouguer aus enger Imbissbud hun se eis schlussendlech erausgeshait, well se wollten zou maachen. Keng Zouflucht op denen kaalen Strossen, wou irgendeen eng hallefvoll Schampesfläsch vergiess haat. De Schampes waar awer net gudd. Angscht a Schrecken haaten mech. Wiesou all den Zodi, all de Stress fir sech krampfhaft ze ameséiren? Wiesou waar jiddereen esou versess drop, onbedengt daat beschten Erliewniss ze hun, just vir herno festzestellen, daat um 11 Auer souwiesou schon jiddereen voll waar an sech knapps bis 1 Auer op de Been haalen konnt?
Ech sin geflücht. Fir en weidert Joer…