Angscht a Schrecken an der Fuesend

Et gin Deeg, do ass d’Welt op Drogen. An et gin Deeg, do ass d’Welt net nemmen op Drogen, mee huet nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt. Des Zait nemmen mir Fuesend.
Ok, eigentlech sin et d’Menschen, déi esou maachen, wéi wann se voller Drogen wieren an nirwebai och nach en gewaltegen Gehirdefekt hätten. Mee et fillt sech esou un, wéi wann déi ganz Welt op dem fuurchtbaaren Trip wier, an een selwer wier den enzegen, den nach hallewegs normal kéint denken.


Heinsdo ass Menschenverstand déi enzeg Waff, déi engem bleiwt. An der Fuesend ass Menschenverstand d’Samuarai-Schwert daat en sech an engem ongewollten Harakiri-Ritual an de Bauch dreckt. Schein lues natirlech.

Ech waar net oft an mengem Liewen ob engem Fuesbaal. Ech packen daat einfach net. Ausserdem gin ech och normalerweis net ob Baaler, well mir d’Meschung aus besoffenen, lallenden Leit an schlechter Musek net zouseet. Ausserdem hun ech jo de Problem, daat main Verstand mat Alkoholkonsum virdeischt mol méi kloer ged an sech déi exisitentiell Froen wéi “waat mess du hei eigentlech?” “firwaat dees du der esou eppes un?” “Wier et doheem net méi schein?” stellt.
Wéi ech schons gesoot hun: Et ass oft gudd, en schaarfen, kloeren Verstand ze hun. Mee wann en ze scharf ass, leeft en Gefohr, Kierperdeeler ze verleiren.

Et gouf awer eng Zait, an der ech Fuesbaaler frequenteiert hun. Meeschtens hun ech mat Leit geschwaat, déi sech zwar och verkleedt haaten, an daat genausou hallewhärzeg wéi ech och. Ech hun mech immens déplaceiert gefillt an engem Sall, wou anscheinend jiddereen déi dibillsten Lidder immens leschteg fonnt huet. An gemengt huet, sain üblechen Weekendalkoholspiggel verduebelen ze missen. Well jo Fuesend waar.

Ech hun naischt geint Leit, déi drenken. Ech maan daat jo selwer och an erliewen dann meschtens ziemmlech schlemm Saachen, virun allem wann ech Wäschbenzin oder Desinfektionsalkohol amplaatz vun dem gewenschten Gedrenks serveiert kreien. Dann ass richteg Angscht a Schrecken ungesoot. Daat ganzt end dann domadder, daat ech den Wäschbenzin dofir benotzen, main Brell ze botzen an de Rescht vun mengem Glas um Bueden leit.
Mir kennen esou Geschichten.

Ech hun allerdengs eppes geint Leit, déi weinst stupider Fuesmusek nach méi drenken wéi üblech an ausserdem och nach en immens komeschen an onrealisteschen Kostum unhun.

Well daat ass och esou eppes an der Fuesend. Kaum een verkleed sech realistesch. Daat fänkt schon béi de Kanner un, déi en Superheldenkostum undin, wou zur Verdeitlechung vun der Verkleedung déi duergestellte Gestalt op de Bauch gemolt ass. Also zum Beispill en klengen Spiderman mat engem Spiderman um Bauch.
Bei denen méi eeleren Leit ass daat nach méi schlemm. Et geht just drem, irgendeppes aneschteres unzehun wéi normalerweis. Wann en sech weilt richteg verkleeden, also zB. ausgesin wéi eng Krankenschwester, dann geif en sech bei enger bekannter Infirmiere Arbeschtskleeder ausleinen. Oder sech eppes am Fundus vum Theater ausleinen.

Ech hun mir emmer méi oft d’Fro gestallt, wiesou en daat mam Verkleeden an mat der blöder Musek net einfach wechgelosst huet. An den Februar einfach zu engem Mount erklären geif, wou jiddereen daat doubelt drenkt.

Irgendwéi hun ech emmer mat denen Gestalten geschwaat, déi genausouweineg Loscht haaten, an enger Polonaise ze sin an dobai akkut Gefohr ze laafen, vum Hannermann an den Reck gekatzt ze kreien, well den gemengt hätt, hien misst ze vill drenken.
Allerdengs hun déi Gestalten meeschtens och just d’Musek esou blöd fonnt wéi ech an sin, je méi speit den Owend gin ass, emmer manner ze gebrauchen gewierscht.
Daat huet domadder obgehaalen, daat déi betreffend Leit hire Beier demonstrativ op de Buedem geschott hun. Wiesou, daat wees ech bis haut net.

D’Fuesen ass eppes, waat ech schon vun waitem gekuckt esou schrecklech fannen, daat all Unäherung, an sief et nemmen ob 100 Meter, esou schrecklech ass, daat se de Label “Angscht a Schrecken” verdengt.

Daat betrefft och Medienberichter oder Iwerdrohungen vun Saachen wéi zB. denen grousen Fuesverstanltungen an Daischland. Soubaal en de Fernseh unmescht, lallt irgendeen Besoffenen seng komesch Witzer, déi aus irgendengem blödem Grond och nach mussen reimen. Meeschtens ged et do iwerhaat naischt méi ze laachen. D’Witzer sin furchtbaar banal, an déi Unsammlung vun Leit, déi do ob Fuesmusek schunklen an daat alles furchtbaar witzeg sin, maachen mir eischter Angscht.

En aaneren grausamen Fait ass, daat op ville Radioen Fuesmusek leeft. Och eppes, waat mir Angscht mescht. Normalerweis kuckt en komerziellen Hitsender durno, waat fir Musek sengen Nolauschterer gefällt an probeiert demno ze handeln. Do gin och Lidder vun Superstaren net gespillt, wann do Dissonanzen dran sin. Mee während der Fuesend schengt daat alles egal ze sin, haaptsaach et geht em irgendeen Blödsinn wéi 2 Bullen Glace an all nach esou besoffenen Geck kann matsangen.

D’Fuesend leist bei mir Angscht a Schrecken aus. Ech sichen mir schon Wochen virdrun Excusen, fir net an d’Verleenheet ze kommen, daat ech misst soen “Ech fannen daat einfach just blöd”. Et gin Leit, déi geifen mech dann einfach mat hirem Auto entfeiren an mech op eng rieseg Fuesveranstaltung brengen. Do geif ech natirlech déi betreffend Persoun verleiren an dann alleng duerch besoffend an lallend Menschenmassen zeien.

Wahrscheinlech geif ech ob esou enger Veranstaltung main Enn fannen. Ech geif einfach vun Angscht a Schrecken gedriwen ennert en Auto sprangen oder, an daat ass méi wahrscheinlech, explodéiren.

One thought on “Angscht a Schrecken an der Fuesend

  1. Vir dei ganz konversatioun, dei sech hei hum site befend, aus engem intellektuellen an objektiven standpunkt zu kommenteieren kann ech nemmen daat heiten soen: ” In peru, in peru in den anden
    fliegt ne kuh fliegt ne kuh kannn nicht landen
    komm ein gei kommt ein gei kommt ein geier
    beißt der kuh beißt der kuh in die 1 2 3″
    oder ech keint och na soen:
    ” schnaps das war sein letztes wort, dann trugen ihn die englein fort.”
    oder och nach:” deine schwester ist ein richtig geiles luder ein luder ein luder …”
    an ouni des fantasteg föööszait keint ech och explodeieren well eng keier am joer oder och e puer mol mei muss een einfach de verstand ausschalten!!!!

Comments are closed.