Angscht a Schrecken bei enger Visite vun der furchtbaar dreckeger an chaotescher Haaptstadt vun der Belge

Wosst dir, daat et Schokolaseer vun M&Ms ged? Ech och net, bis ech der enges Sonndes Moies um Kaffisdesch léien hat. Ech hun mer geduercht: Wow, daat ass eng cool Idee, eng M&M an der Form vun engem Schokolasee. An Wirklechkeet waar et awer just en Schokolasee mat butzeg klengen M&Ms dran. Ech hun daat ziemlech entäuschend fonnt.

Ziemlech entäuschend waar och meng Rees an d’Haaptstadt vun der Belge deslescht. Ech sin Deel vun engem Group, den den letztebuergeschen Deel vun engem Concours zu 50 Joer Europa gewonnen haat. Manque de Concurence, mee emmerhin.

Et ass also Freides moies um Aacht mam Zuch op Breissel gaangen. Un sech mengt en jo, daat misst relativ schnell goen, esou wait ass déi belsch Haaptstadt jo eigentlech net. Mee wait gefehlt: Et huet baal bis Metteg gedauert, bis mir duerch sämtlech belsch Provenzstied getuckert waaren an an der Staadt vum Männeke Pis an dem Atomium ukommen waaren. Do sin dann och schon déi eischt Unzeechen vun Angscht a Schrecken ob eis zoukommen. Et huet geschnéit. Schnéi an Groußstiedt, daat ass eppes, waat sech net wirklech gudd verdreiht.
Ausserdem kruuten mir schon mol direkt gesoot, daat en Programmpunkt net kéint angehaalen gin. An ech haat mech schon gewonnert, daat d’Europäescht Parlament esou kuerz virun Ouschtren sollt ob sin.

Mir hun daat enzegt gemaach, waat en an esou enger Situatioun konnt maachen: Mir sin an eis Jugendherberg gefuer, hun eis Saachen do geloss an hun dunn d’Stadt onsecher gemaach. Aus irgendengem komeschen Grond hun ech mech no 100 Meter gefroot, ob mir net awer zu Istanbul wieren. Et hätt déi laang Zuchrees erklärt. An och den heichen Undeel un arbabeschen Schreftzeechen, Kebap-Buden an Burka-Geschäfter. Angscht a Schrecken hun sech breed gemaach. Waaren mir just an engem arbeschen Quartier oder haaten d’Physik an d’Reali sech kuerzerhand entschloss, fir en Moment nozelossen an d’Distanz zweschen der Breisseler Jugendherberg an dem Stadtzentrum vun Istanbul extrem kleng gin ze lossen?

Ech wosst net, waat fir eng Alternativ ech méi erschreckend fonnt hätt. Mee irgendwann ass en Auto mat enger belgscher Plack laanscht eis getuckert. Mir waaren also net zu Istanbul. Irgendwann sin mir dun an den Metro an sin an den Stadtzentrum gefuer. Den eischt beschte Café waar eisen, an mir hun direkt den berühmten belsche Béier geschmaacht. Bah, schmaachen ass esou eng Saach. No engem halwen Liter kann en jo awer net soen, et wéißt een, wéi den Béier wirklech schmaacht. An no engem och nach net. No annerhalwem waaren mir zwar nach emmer duschtreg, mee et waar Zait fir den eischten offiziellen Programmpunkt: D’Visite vun „Mini-Europe“.

Dohinner sollt et erem mat dem Metro goen. Ech waar irgendwéi den leschten, den et an den Metro gepackt huet an sin mat der Jacket an der Dir hänken bliwen. Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat geif passéiren, wann en während dem Zougoen an der Mett vun denen zwou Diren waar? Geif en dann einfach zerdreckt gin? Daat Erliewniss haat zwou Konsequenzen: Eischtrens: Ech hun mech vun elo un emmer geflass wann de Metro komm ass. Zweetens: Ech hun no doudegen Ausschau gehaalen, déi vun den Metrosdiren zerquescht gin waaren.

Nirwt dem Atomium waar dunn den Park, den vun baussen bessi de Flair vun engem Disneyland haat. Bah, vun engem Disneyland, an dem et riicht ran reent. Ech hun geduercht: Emmerhin huet et opgehaal mat Schnéien. Ech konnt net wessen, wéi falsch ech domadder léien sollt.
Angscht a Schrecken sin mir entgeint kommen, wéi ech dun dobannen waar. Net nemmen, daat meng Koordinatiounsfähegkeeten duerch den Alkoholkonsum liicht gestéiert waaren, nee, daat ganzt huet och nach ausgesin wéi eng Aart Legoland fir Aarmer. Oder eben ouni Lego.
Ausserdem huet et ungefaangen, ze schnéien AN ze reenen. Daat léi waar keen normale Schnéireen. Normale Schnéireen ass Schnéi, den während dem faalen schmelzt. Et huet glaichzaiteg gereent an geschnéit, waat natirlech dozou gefouert huet, daat en net nemmen fuerchtbaar nass, mee och immens kaal gin ass. Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat waar daat fir en furchtbaart Wierder? Wiesou waar Letztebuerg duerch den Pont Adolphe repräsentéiert? An virun allem: Waat sollte mir eigentlech héi?

No fennef Minuten huet et esou vill vum Himmel erof geschott, daat mir eis an de Bistro vun Mini-Europe gerett hun an do en Schocki gedronk hun. Mir huet daat gehollef. Net nemmen géint déi furchtbaar Keelt, mee och géint meng momentan Koordinatiouns-onfähegkeeten.

Durno sin mir zereck an d’Jugendherberg, hun ennerwee an enger Kebap-Bud eng Pizza giess an sin dunn ob Jonker aus aaneren europäeschen Länner getraff, déi alleguerten eng méi haart Konkurenz haaten wéi mir. Trotzdem waaren se méi oder manner fein mat eis an d’Rumänen hun eis gefroot, ob mir mat hinnen eppes drenken geifen goen.

Do hun mir natirlech net nee gesoot an sin erem eng Kéier mam Metro an den Café gefuer, den mir schon am Nometten onsecher gemaach haaten. An de Béier ass erem eng Kéier an Stréim gefloss. No enger Zait, wou d’Rumänen sech op rumänesch an mir eis op letztebuergesch ennerhaalen haaten, huet den Ethanol eis Hemmschwell esou roofgesaat, daat mir eis op englesch ennerhaalen hun. Iwer Filmer an rumänesch Souen. Wann ech haut an main Portmonnaie kucken, ass do en rumänschen Schéin. Graad beim schreiwen stellen ech mir fir, wéi ech am Studio setzen an den Schain mengen Co-Moderatoren wéisen, déi mat liichtenden Aan drop kucken. Dir därft ierch daat lo och gären virstellen.

Irgendwann sin mer erem an der Metro geland, wou en Member vun eiser Grupp, deen dem Johnny Cash net onähnlech ass, en Blannen gemimt huet an doweinst baal vun enger Frau, déi daat net witzeg fonnt huet, geschlo gin wier.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Waat geif passéiren, wann den Johnny Cash-lookalike elo wierklech blann geif ginn an keen et him geif glewen? Geif déi Frau lo hier Kollegen ruffen an eis op d’Gleisen vum Metro werfen?
Schnell sin mir an den Ennergrondzuch geflücht an hun eis mat den Rumänen zu enger „Afterparty“ an eisem Zemmer rendezvousséiert.
Den Owend ass nach ziemlech laang gin.
Dobai ass alles opgetrueden, waat ob enger Afterparty niemols fehlen därf: Besoffen Rumänen, trotz Verbued femmen, Leit am Pyjama déi desorientéiert duerch d’Geigend laafen an keen Béier wellen, Leit aus enger Fotosschoul an virun allem nach vill méi Béier, wéi en es eigentlech schon am Café haat. Irgendeen huet eng Kéier gesoot, déi beschten Partyen geifen sech an der Kichen ofspillen. Ech behaapten: déi Partien mat dem meeschten Angscht a Schrecken laafen an Jugendherbergen oof.

Den aaneren Moien sin ech voller Duuscht erwäscht an hun virdeischt mol daat wirklech eklegt Breisseler Leitungswasser gedronk. Iert ech dun duerch den Gang getorkelt sin an eng Bechs fonnt hun, fir main gewaltegen Duuscht ze stellen.

Um Kaffisdesch hun verschidden Leit gemengt, mir geifen komesch gekuckt gin. Ech hun argumentéiert, daat et wahrscheinlech just bei him esou wier an d’Leit net all weissten, daat mir nach ziemlech vill Ethanol an eisem Blut hätten. Hien huet gemengt, d’Leit geiffen all ob eis kucken. Ech hun en haard gekachtet Ee geholl an et um Dech zerschlo. Domadd waar bewissen, daat un sech keen eis gekuckt haat. Der Meenung waar ech op manst.

Leit, déi wéi hallew doud ausgesin hun, sin no an no opgetaucht. Dorenner och eng Fraa, déi wéi déi heemlech Schwester vum Alice Cooper ausgesin huet. Sie haat eng Jacket aus Leopardenfell. Et hätt och kéinten just Leopardenfellmuster sinn, mee irgendeppes huet mir gesoot, daat déi Fraa mat hiren zwou Hänn en Leopard embruecht an em d’Fell iwert d’Ouren gezunn haat.

Den Moien an freien Nometten hun mir dann relativ friddlech an Breissel verbruecht. Mee och héi waaren Angscht a Schrecken net wait. An all Geschäft zu Breissel gin et furchtbar Soundsystemer, déi maachen, daat en sech stänneg fillt wéi an enger Disco, aus der en erem séier eraus well. Et fehlt eigentlech just nach, daat d’Kleederpoppen unfänken mat danzen. De Recht vun Breissel waar och entäuschend. D’Troitoiren waaren schief, dreckeg an voller Lächer. Stänneg huet irgendeen op der Stross getuut.

Méi speit sin mir dun op d’Praisverdeelung gaangen. Et huet erem eng Kéier furchtbaar gereent. Ob een mol waar ken Trottoir méi do, mee just nach eng Sandpist, déi sech bei Reen an eng Arena fir Schlammcatchen verwandelt huet. Angscht a Schrecken sin nach méi grous gin. Wiesou konnten d’Belge keng Troitoiren bauen? Waat geif eis op der Praisverdeelung erwaarden?

Virdeischt hun mir missen eng Stonn laang fir eng Foto poséiren, déi schlussendlech wahrscheinlech iwerhaat guer naischt gin ass. Durno sin dunn an engem Keller d’Praiser verdeelt gin, woubai en Mann moderéiert huet, den Franseisch an Englesch matneen geschwaat huet. Also eng Sproch, déi ausser him net wirklech irgendeen verstaanen huet. Vue daat awer keen ob eis gekuckt huet an aaner Leit gejaut hun, hun mir irgendwann erausfonnt, daat mir wuehl net déi europäesch Gewenner wieren. Relativ entäuscht sinn mir gaangen.

Dobaussen huet et weider gereent. Mir hun eis iwert déi knaschteg an schief Trottoiren gekämpft an hun probéiert, irgendwéi iwert d’Stross ze kommen. Ech well keng Clichéen verbreeden, mee et schengt an der Belge effektiv keen Code de la Route ze existéiren. Oder wann, ged et einfach verkéihert ungewend wéi an aaneren Länner. Sou zielen Roud Luuchten einfach net.
Dauerend huet irgendeen getuut, nach méi verreckt wéi zu Lyon (cf. Folg Nummer 2). Chaos an Dreck waaren an deser Staadt sou real daat se ze spieren waaren. Meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken hun eng Party an mengem Mo geféiert. Irgendwou ass eng Frau an en Busheischen gerannt. Ech hun mer erwaard, daat et geif an Flaamen opgoen an explodéiren.

Daat enzegt, wat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht.
Mee d’Flucht mat engem vollbesetzen belschen Zuch mat letztebuergescher Lokomotiv waar eng laang an ellen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *