Angscht a Schrecken um Gebuerstsdaag vun engem Matarbeschter vum Radio ARA, den net eisen London-Korespondent ass, mee zu Cardiff an Wales setzt

Ed ged Deeg, do bleiwt en einfach gären méi laang leien. Zum Beispill, wann en graad dobai ass, sain souwiesou schon komplizéirten Biorhytmus op Nuetsliewen emzestellen. Ech perseinlech sin jo der Meenung, daat ech an der Nuecht vill méi produktiv wier, wann ech net emmer schon esou midd wier, well ech den gaanzen Daag schon op waar.
An et gin Deeg, do geif en gären leien bleiwen, mee kann et net, well den Handy schellt. Oder eben esou haard vibréiert, daat en dovunner erwäscht.

Eng bekannt Stemm huet sech gemellt, sech driwer mokéiert, daat ech nach geif schlofen an mir erklärt, daat et extrem wichteg wier, daat ech mech esou séier wéi meiglech geif op de Wee an d’Staadt maachen geif. Ech hun drai Minuten laang op d’Auer gekuckt an iwerluecht. Den nächsten Zuch geif an ongeféier 15 Minuten fueren. Ech brauch bei guddem Tempo 8 Minuten fir op d’Gare. Ech hun mech also esou séier wéi meiglech ungedoen, hu mir gesoot, daat raséiren souwiesou nemmen iwerflesseg Zaitverschwendung wier an hun mech op de Wee gemaach. An sin déi eischt 2 Minuten gerannt, durno just nach séier gaangen.

Ech hun den Zuch mat Zaiten kritt, hun main Buch, eng Antologie vun Artikelen vun mengem absoluten Held, geeschtege Papp an Virbild, dem Hunter S. Thompson opgeschloen an dran gelies, bis den Zuch d’Gare Centrale vun der Stadt Letzebuerg ereescht huet. Dunn huet mech eng Noricht ereescht, daat meng beschten Frendin, daat den Lieser net onbekannt ass, am Bistro de la presse geif setzen. Ech hun geäntwert, et soll mir 15 Minuten gin, dann wier ech do.

Ech hun mir iwerluecht, wéi daat wuehl virun 150 Joer gaangen wier, an enger Welt ouni Handyen: Ech hätt wahrscheinlech vun engem klengen Mann mat rouden Baacken en Telegramm an d’Hand gedreckt kritt an hätt dann mat engem Telegramm geäntwert, den en weideren klengen Mann mat rouden Backen an den Bistro de la Presse gedroen hätt – e puer Minuten, iert ech do angetraff wier.
Daat hätt wahrscheinlech méi Stil gehaat wéi eng normal SMS, mee ech glewen net, daat d’Welt virun 150 Joer weinger Angscht a Schrecken fir mech parat gehaat hätt wéi des. Mir liewen an enger Welt vum Bensin, deemols war et eng Welt vum Damp. En groussen Ennerscheed ass do net, eben just am Stil.

No enger klenger Interventioun am Bistro de la Presse, wou nach keen vun der versoffener Zunft souz, engem Mettegiessen an zwee Leit, déi mech am Restaurant bzw. op der Stross erkannt hun, sin mir op de Radio getrollt, wou mir dunn en ziemlech erfolegraichen Jingle-nometten absolvéiert hun.

Durno ass et dann an de Café gaangen, wou dann och schon den Apperetif gefloss ass. Dunn ass endlech déi Persoun, déi eng Keier fälscherweis als „London-Corespondent“ bezeechent gin ass, mee an Wirklechkeet awer déi meeschten Zait zu Cardiff an Wales setzt, angetraff. Hien haat Gebuerstsdaag, wourems awer eischter weineg Opwand gemaach gin ass. Et waar eischter allgemeng daat, waat en am daitschen esou schéin „Wiedersehnsfreude“ nennt.

Mir sin dun nach eng Kéier iessen gaangen, des Kéier allerdengs keng Pizza, mee italienesch. Héi sin schon déi eischten Unzeechen fir Angscht a Schrecken opgetaucht, wann och nemmen am Hannergrond. Mir haate net reservéiert an kruuten doweinst eng ziemlech ongemittlech Plaatz an engem ziemlech klengen Eck, waat awer net wieder schlemm waar. Ausserdem huet sech d’Gespreich verdächteg oft rondrem Operatiounen am Analberaich gedreint. Esou eppes ass mir onheemlech. Well en mat Leit en Owend verbrengen, déi schon beim Iessen iwer den henneschten Ausgang vum menschlechen Verdauungsapparat schwätzen?

Ech wollt. An demno sin mir geint 9 op den nationalen Treffpunkt gaangen. D’Post um Aldringer. Emmer, wann irgendeen irgendeen aaneren well treffen, ass den Treffpunkt do. Daat huet weineg Stil, well en emmer op op manst 20 aaner Leit trefft, déi en domm kucken, well en net déi Persoun ass, déi sie sech erwaard hätten, mee et ass awer relativ praktesch.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin, wéi mir gemierkt hun, daat mir op manst 5 Minuten missten waarden an et riicht eran gereent huet. Fir net ze soen: et huet gepisst.

Eng gewess weiblech Persoun huet eis dunn iwerried, an en Café ze goen, wou en Concert sollt sin. Zielpublikum waaren anscheinend 15jähreg Mederscher mat schwarz gefiertwen Aan an gestraifter Kleedung. Emo nennt een daat haut.
Ech hun verschidden Saachen ziemlech grujeleg fonnt, virun allem de Fakt, daat do Leit mat enger Polaroidkamera rondrem gespillt hun, wéi wann et eng digital wier. Ech froen mech un sech nach emmer, ob déi momentan Trendwell, Fotoen vun sech selwer mam Apparat an engem ausgestrecken Aarm dovunner kommen, daat verschidden Leit nie d’Geheimniss vum Selbstauslöser kennengeléiert hun oder ob daat wirklech sou soll ausgesin.

Nodeems den eischten Deel vun der Musek eriwer waar, sin mir dunn weidergezunn. An de Gronn. Daat Lach, an dem schon esou vill Leit gesturwen oder ob manst voll gin sinn. Do sin mir an den eischten Café, den eis entgeint kommen ass, mee do waar et dun och schon esou voll, daat mir keng Setzplaatz méi fonnt hun. Ausserdem hun se op engem Bildschirm Karaoke-meisseg d’Texter vun de Lidder projezéiert. Ech hun daat ziemlech gruseleg fonnt. Net nemmen, daat et mech un Kopenhagen (cf. Episode 44) erennert huet, nee, ech muss eigentlech net och nach wessen, wéi schlecht den Text vun denen Lidder ass, mat denen ech graad beschallt gin.

Dun sin mir an en Café, oder vlaischt eischter eng Saufhaal, déi sech no engem nordbriteschen Vollek benannt huet. Ennen waar et erstaunlech roueg. Ech sin souguer ouni Problemer vum Türsteher eran geloss gin, waat mech ziemlech gewonnert huet. Vlaischt waar daat, well ech main speziellen Sonnenbrell zu dem Zaitpunkt nach net un haat. Vlaischt haat en mech awer och, wéi e puer Stonnen virdrun déi zwee Leit am Restaurant an op der Stross erkannt an wosst em meng speziell gonzojournalistesch Missioun.

Op alle Fall waar et an der Saufhaal extrem voll, op manst um eischten Stack. Et waaren esou vill Leit do, daat ech gefaart hun, ech geif vun hinnen matgerappt an irgendwou an irgendeen dreckegen, steppsegen Eck gedreckt gin, wou ech dann en qualvolle Quetschungsdoud geif erleiden. Angscht a Schrecken haaten mech.

Et ass weider gaangen, an den nächsten Café, wou mer eng Setzplaat an relativ vill Cuba libr-en fonnt hun. Daat huet menger Laun gudd gedoen, obwuehl ech wosst, daat d’Auer geint mech geing schaffen.
An dun waar et esou wait: Eng Auer, et ass zou gemaach gin. Well mir alleguerten keng komplizéirt Persounen sin, hun mir eis einfach op den Wee gemaach. An den nächsten Café, wou mir no dem eischten Longdrink och schon erem geflunn sin.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Geifen mir iwerhaat nach irgendeng Spelunk fannen, déi em des Auerzait nach op hätt bzw. eis nach Gedrenks geif servéiren?

Ennert engem net onbekannten Radiossender hun mir dun dann nach en Café fonnt, wou et esouguer nach Béier gin ass, den mir allerdengs och méi „on the road“ wéi wirklech gemitterlech gedronk hun.

Elo waar alles zou. Aus kengem nach esou symphateschen Café ass nach Luucht komm, an mir hun eis op Siich no eppes ze Iessen gemaach. Irgendeng Dönerbud misst dach nach op hun! No enger Odysee bis op d’Gare, wou mir ouni Erfoleg probéiert hun, en vun denen néien cyanbloen (cf. All Folgen mat Bezuch zum Kulturjoer2007) Véloen ze klauen, hun mir et schlussendlech opginn an hun eis ouni Iessen geschloen gin.

Wiesou waar naischt méi op? Waat war daat vir eng Mentalieit, fir een no esou vill Gedrecks an Gedrenks einfach ouni Iessen do stoen ze lossen? Virwaat gouf et keng Zouflucht fir e puer Hedonisten, déi op der Sich nom Epizentrum vum letztebuergeschen Draam (waat och emmer daat ass) nemmen méi déif an en Alpdraam erantrellen? Firwaat haat déi Staadt, déi sech esou gären multikulturell an tralala ged, esou eng atavistesch Anstellung zu Öffnungszaiten?
Angscht a Schrecken haaten mech.

Daat enzegt, waat elo nach Bliewen ass, waar d’Flucht. An d’Flucht mam eischten Zuch fir heem ass en laang an ellen.