Angscht a Schrecken op enger gonzojournalistescher Missioun op engem ganz normalen Nometten

Heiansdo erliewt en Saachen, déi esou normal sin, daat se engem Angscht afleissen. An heinsdo mengt een, et misst onbedengt eppes passéieren, an daat enzegt, waat geschidd, ass, daat en mat e puer Kollegen op enger Terasse setzt an naischt mescht. Waat jo och nie esou schlecht ass.

Et huet alles domadder ungefaangen, daat ech, wéi esou oft, op den Zuch gewaard hun. An nach méi: Ech hun op zwou Persounnen gewaard, déi mat mir sollten den Zuch huelen, fir eng Aart Flucht aus enger Stadt ze maachen, an der ziemlech vill Verreckter liewen.

Am leschten Moment sin déi zwou méi oder manner luguber Gestalten opgetaucht an sin quasi an den schon fuerenden Zuch gesprongen. Bei dem leschten Saatz huet et sech em eng Iwerdreiwung gehandelt. Wéi mir alleguerten wessen, gin et am Lëtzebuerg vum 21. Johrhonnert baal keng Zich méi, déi et technesch erlaaben, mat oppenen Dieren ze fueren, wou nach een kéint eransprangen. Wann ech soen „baal keng méi“, dann mengen ech domadder, daat ech nach virun e puer Wochen esou eng Situatioun erliewt hun. Do ass awer zu menger Entäuschung keen erangesprongen.

Allerdengs souz ech deemols bei der Zuchfahrt onglecklecherweis nirwt engem Trupp vun puberteirenden Mederscher, déi sech ziemlech haard ennerhaalen hun. Et ass mir onméiglech, och nemmen en Thema vun hirer Diskusioun eremzegin, déi anscheinend just dorauser bestaanen huet, déi jeweileg aaner Persoun als blöd ze bezeechnen an sech geigensaiteg d’Schong ze klauen an domadder ze scheissen. Angscht a Schrecken sin do ziemlech grous gin, allerdengs gouf et net wirklech eng Storyline, dofir hun ech keng Folg draus gemaach, mee just en Flashback, den dir elo graad héiren hudd.

Also souz ech mat enger Persoun, déi vun verschiddenen Leit fir en Elvis-Imitator gehaalen ged, obwuehl seng Frisur ganz kloer déi vum Johnny Cash ass, an engem Fotograph, mat dem ech wahrscheinlech irgendwann eng Kéier eng Web 2.0-Websait wärt opmaachen, déi dann 6 Méint drop endweder Fa-ite geht oder vun Google opkaaft ged, am Zuch an mir hun doriwer sinnéiert, wou eis Missioun eis wuehl geif hinféiren. Et waar en sonnegen Nometten, mir waaren midd an haaten net vill Loscht, irgendeppes aktives ze maachen.

Tennis an Minigolf sin also schon mol ausgefall. Mir hun eischter fir irgendeng düster Spelunk mat deifen Kanapéen optéiert, wou mir eis et kéinten den ganzen Nometten gemittlech maachen.
Eis sin spontan just zwou esou Plaatzen angefall, an déi waaren allen zwou am Gronn.

Et sollt also schon erem eng Kéier an daat Lach ennert der Staadt, an dem schon immens vill Leit emkomm oder oder manst voll gin sinn. En Höllenschlund, an dem sech net nemmen d’Haaptquartéier vun dem berühmt-berüchtegen Kenschtlerprojet „Flash007“ befennt, mee och eng Hellewull vun aaneren geféierlechen Plaatzen, déi en leiwer net ze no well kucken.

Op alle Fall ass den Zuch dunn no villen Zweschenstopps bei irgendwelchen Koudirfer, déi eigentlech keen Mensch well besichen, et sief dann, et gin do furchtbaar wichteg gonzojournalistesch Missiounen, der Staadt, eisem virleefegen Ziel, méi no komm.

De Fotograph, mat dem ech wahrscheinlech irgendwann eng Kéier eng Web 2.0-Websait wärt opmaachen, déi dann 6 Méint drop endweder Fa-ite geht oder vun Google opkaaft ged, huet gemengt, et wier besser gewierscht, den Schnellzuch ze huelen. Dozou ass folgendes ze soen: Op den Schnellzuch hätten mir eng Veirelstonn méi laang waarden missen an mir wieren 5 Minuten méi speit do gewierscht. Dofir hätten mir awer den Rausch vun der Vitesse gehaat.
Ech wees allerdengs net, ob den emmer esou vill Wert ass. Virun allem dann, wann een eng veirel Stonn huet missen drop waarden.
Ech haat meng GONZO-Poscht dobai, waat fir mech emmer en gudd Gefill ass. Un sech ass meng GONZO-Posch eng Posch déi en fir ziemlech bellegt Geld an engem schwedschen Miwelhaus an Restaurant kritt, an dem en Buch dran ass, am beschten natirlech engt vun mengem perséinlechen Held, Virbild an geeschtegen Papp Hunter S. Thompson, ausserdem eng Schachtel mat enger Dozend Schreiwutensilien an mengem Notizenheft, an dem ech oft meng gonzojournalistesch Beobachtungen dran kritzelen, fir se net duerch ze vill Angscht ze verléiren.

No engem kuerzen Spazéiergang iwert d’Gare hun mir eis iwerluecht, déi néiarteg an modern Vel-OHen auszeprobéiren. Nodeems ech awer erem eng Kéier festgestallt hun, daat et eischtens kascht an et an der Staadt net wirklech vill Velosweer gin, virun allem dann net, wann en eigentlech an de Gronn well, hun mir daat sin geloss. Zu Fouß ass en jo och meeschtens ganz gudd ennerwee.

Am Gronn unkomm, hun ech mech kuerz missen un den schrecklechen Wenzelspfad an der Prinzessin hier Schung missen erenneren. (cf. Episode 58) Ech wosst allerdengs net wirklech, waat ech mat der Informatioun sollt ufänken. Keen normalen Mensch denkt un engem sonnegen Nometten am Gronn un d’Schung vun der Prinzessin.

Mir hun eis entgeint eisen Grondsätz einfach mol op d’Terasse gesaat an hun op de Service gewaard, den dann och e bessen op sech waarden geloss huet.

No enger Zait haat dann awer eng wahrscheinlech relativ néi Persoun entdeckt, daat mir geifen do setzen an nach naischt ze drenken hätten, sou daat mir gefroot gin sin, waat mir weilten.
Mir hun eppes net extrem seelenes bestallt. No enger Zait sin mir dun gefroot gin, op grous oder kleng. Mir hun, well d’Hetzt den Duuscht net graad verklengert huet, no engem groussen Glas gefroot. No ongeféiher 5 weideren Minuten kruuten mir gesoot, daat bestallten Gedrenks wier net op Lager an mir sollten dach eppes aaneres bestellen.

Also hun mir eis Cider bestallt. Wéi allgemeng hoffentlech bekannt ass, schmaacht Cider no Esseg, virun allem wann en es vill drenkt. Ech haat en esou en owend, wou ech vill ze vill Cider gedronk hun. Um Schluss vun dem Owend haat ech dun d’Gefill, ech geiw puren Esseg an mech eranschedden. Vlaischt louch daat awer och den Bar, an der ech deemols waar. Ech haat do nämlech och schon eng Kéier Wäschbenzin ze drenken kritt (cf. Episode 6).

Eigentlech wollten mir och nach Darts spillen, well daat en Spill ass, bei dem drenken kann an well den Fotograph, mat dem ech wahrscheinlech irgendwann eng Kéier eng Web 2.0-Websait wärt opmaachen, déi dann 6 Méint drop endweder Fa-ite geht oder vun Google opkaaft ged, ziemlech professionell Darts spillen kann. Allerdengs stoung virun der Schweiw en ganzen Trupp vun verreckten an haard jaizenden Leit, denen mir leiwer net ze no kommen wollten. Bah, ech op manst net, mee ech sin jo och meeschtens eng ziemlech friedliebend Persounen an kommen net gären an Konflikt mat aaneren Leit, wann et net onbedengt muss sin.

Mir hun eis also an déi gemitterlech Fotellen plumpsen geloss an hun eis alleguerten nach en Mini bestallt, deen vill méi séier komm ass wéi bei dem Gedrenks virdrun den Service. Angscht a Schrecken hun et sech ebenfall gemitterlech gemaach. Ech hun mir zwou Froen gestallt: Geif ech et je nach eng Kéier packen, aus denen ultra-gemitterlechen Fotellen opstoen ze kennen? An waat waar mat den Schong vun der Prinzessin?

Relativ spontan hun mir eis entschloss, eisem Openthalt an der Bar, déi iwregens wéi en nordbrittescht Vollekt heescht an an déi ech eigentlech net méi wirklech eran wollt, obwuehl se am Nometten awer immens angenehm ass, en Enn ze setzen.

Déi Persoun, déi ech elo emmer als Fotograph bezeechent hun, huet sech dobaussen an Richtung Clausen gedréint an gemengt: Ech gin dann elo!
Mir haaten eis leiw Méih, him ze erklären, wou et geif hin goen an daat et fir hien vill méi einfach wier, den Lift ze huelen.
Emmer, wann irgendeen am Gronn seet „Ech huelen de Lift“, wees all Mensch, waat gemengt ass.

Ech hun un sech naischt geint Lifter, an trotzdem, den Lift vir an de Gronn hun ech net besonnesch gären. Vlaischt lait et dorunner, daat ech eng Kéier d’Traapen wollt huelen an net wirklech do raus komm sin, wou ech wollt, mee vlaischt ass et och, well ech einfach net gären matzen am Gestengs geif stirchen bleiwen. Besonnesch net mat engem Trupp vun japaneschen Touristen, déi wameiglech och nach Fotoen geifen vum Gestengs maachen oder sech iwert déi schéin Attraktioun freen geifen.

Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Op aaler oder néier Breck, ech verhaalen nie, waat fir eng wéi eng ass, wollten mir laanscht en Trupp Kanner. Daat ass awer méi einfach gesoot wéi gemaach, well Kanner hun hier ganz eegen Bewegungsphysik, déi en net méi versteht, wann en iwer 1 Meter 50 grous ass. Ausserdem huet e Kand rof gekuckt an geruff „Daat do sin jo e puer Dausend Meter!“

Op dem Wee fir op d’Gare sin eis en ganzen Trupp vun luschen Persounen entgeint komm. Opgetakelt Teenager mat Glitzerschmink, ausgemergelt Drogenverreckter mat starrem Bleck, Leit mat Kannerkutschen an Motorradfuerer mat Mannerwertegkeetskomplexer, déi op der rouder Luucht esou haard mat hirer Maschin gespillt hun, daat en net aanescht konnt, wéi op sie kucken.
Angscht a Schrecken haaten mech. Wou sin all déi Verreckter a be mol hir komm? Waat daat léi net einfach en ganzen normalen Nometten? Wiesou huet déi ganz Welt op een mol esou gemaach, wéi wann se op engem kollektiven Drogentip wier, vun dem ech naischt mat kritt haat?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d’Flucht. D’Flucht an engem vill ze vill vollen Zuch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *