Angscht a Schrecken zu Marseille

Fënnef Wochen zu Marseille verbréngen, dat klengt op den éischten Bléck guer net emol esou schlecht, virun allem am Summer. Wéi jiddereen, den vun engem atlanteschen Klima geprägt ass, dreemt den Lëtzebuerger un sech oft genuch vun Summer, Sonn an Mier.

Ech muss gestoen, dat ech do net onbedéngt eng Ausnam sinn, awer och vilaischt just, well ech léiwer Schweessen wéi fréieren. Obwuel ech mech iwwert déi zwou Saachen ëmmer gären beschwéieren.

Ech hu den Nuetszuch an de sonnegen Süden geholl an sinn also irgendwann fuerchtbar fréi moies an enger vun deenen gréissten Stiedt vun Frankräich ukomm. Wann een fir fënnef Woch fiert, peckt en och ëmmer esou vill wéi méiglech an, och wann een ganz genee weess, dat een heiansdo wäschen wäert mussen. Esou hat ech also gefillten 45 Kilogramm Gepäck, an hu verweifelt no irgendengem Schëld fir den Notransport gesicht. Esou eppes gëtt et ob der Marseiller Gare awer net. Ech hu schon missten hoffen, dat den Wee an den Metro den richtegen wier, soss hätt ech ni en Kaart mat dem Verkéihersnetz drop fonnt.

Angscht a Schrecken waren also och an der Provence präsent. An ech hat gemengt, ech hätt lo 5 Wochen quasi Vakanz, moies, wann et nach relativ kill ass, e bëssi schaffen an fir de Recht d’ Liewen an d’Sonn geneissen? Wait gefeelt, allem Unschain no.

Ech sollt am Studentenwunnheem um Campus “Luminy” wunnen. Den wier anscheinend direkt beim Mier, hat ech gezielt kritt. Vir deen Deel net ze spannend ze maachen: Wann een “et muss en virdeischt 30 bis 40 Minutten duerch en Naturschutzgebidd mat gutt 100 Meter Héichtenënnerscheed bis zum Mier lafen” no beim Mier läit, dann läit de Campus no beim Mier.
Den Bus, een vun deenen éischten den Sonndes moies gefuer ass, war zimlech voll mat Leit, déi offensichtlech net just eréischt opgestanen waren mee éischter lo schlofen goen wollten. Een Trupp Vollerten ass mat mir bis bei de Campus gefuer, wou ech meng gigantesch Valise een Hiwwel erop gezunn hunn an de Schlëssel fir mäin Zëmmer krut.

Dat huet sech dunn als een Kabuff vun ongeféiher 3 op 1,5 Meter eraus gestallt. Ech weess, dat et an Japan vill Leit ged, déi hiert ganzt Liewen laang ënner esou Konditiounen verbréngen. Mee éischtens ass Marseille net Tokio an japanesch Kabuffaparementer hunn trotz dem meeschtens een eegenen Buedzëmmer an Kacheck, wat bei mir gefeelt huet. Dës Reim waren gedeelt an hunn och esou ausgesin, wéi wann 20 Studenten vun engem Stack se ëmmer géifen benotzen. An se dann verloossen. Esou wéi se grad waren.

Als Gonzojournalist muss een sech mat esou Saachen och heiansdo zefridden ginn. Et kann een net ëmmer erwaarden, dat irgendeen Idiot d’Spesen fir en 5-Stären-Hotel ouni nozedenken bezillt. An wann een eben just eng gewess Zomm fir 5 Wochen zu Marseille ze hausen an ze liewen kritt, muss en kucken, fir mat der eenz ze ginn. Et gëtt jo schliisslech schlëmmer Saachen.

Den éischten Daach hunn ech geschlof an probéiert, een fräien an oppenen Hotspot ze fannen, wat zu Marseille eng kleng Onméiglechkeet duerstellt. Herno sollt ech eraus fannen, dat et um Campus eng Hütt ged, an der e puer Geeks dran sëtzen, déi den ganzen Daach World of Warcraft spillen an sech nirewenbai och nach dorëms këmmeren, dat de Recht vun de Studenten hir Emails checken an mat hirer Famill chatten oder skypen kennen. Relativ komesch Gesellen, mee am groussen an ganzen awer dann dach harmlos. Obwuel ech se net an der Sonn, wäit wech vun engem Computer wéilt gesinn. Dat wier wahrscheinlech een zimlecht ellent Bild. Computerlos Geeks sinn wéi Junkies op Turkey. Just ongeféier draimol esou schlëmm, well se meeschtens nach eng ganz Rëtsch onverbrauchter Energie an sech droen, déi se an hirer Rage all op een mol kennen lass ginn.
Wat géif passéieren, wann d’Internetverbindung géif ausfaalen? Wat géif den Trupp vun heichgradeg süchtegen Geeks op een mol ouni Connectioun géif do sëtzen? Géifen si probéieren hiert Spill an déi real Welt ze bréngen an wahlos iergendwellech onschëlleg Gonzojournalisten ungraifen, déi grad hir Mailen gecheckt hunn?

Dat erënnert mech un eng Persoun, där ech eng Kéier an enger Schoul begéint sinn. Et war en ganz normalen Daach, relativ sonneg. An do ass op een mol en Medschen an voller Elfen-Montur laanscht getrëppelt. Liederen Broschtschutz, Emhang, stilecht Stiwwelen, en Haar vun enger Kou fir draus ze drénken, asw. Mir ass de Mond op stoe bliwwen an meng zwee al Bekannten Angscht a Schrecken sinn dran gesprongen. Vilaischt war et jo och WIRKLECH eng Elf gewiescht an net nëmmen enkt méi oder manner harmlos Verréckt, wat Spaass drun hat, sech ze verkleeden?

Wéi ech de Leit gezielt hu, ech géif 5 Wochen op Marseille goen, krut ech bal ëmmer ze héieren, dat dat eng Gangsterstaadt wier an ech op passen misst, soss kritt ech alles wat ech bei mir hätt geklaut.
Mir war scho kloer gewiescht, dat Marseille net Lëtzebuerg ass, mee et ass eben och net Chicago. Op passen ass also OK, mee ëmmer an éiweg Angscht hunn, dat ass net menges. Ech hu schon ze vill Angscht a Schrecken erliewt, fir un Paranoia ze gleewen.

Mee schon den drëtten Daach vun mengem Obenthalt sollt ech gesinn, dat et eben net ëmmer esou einfach ass. Ech si, ganz menger Missioun entspriechend, duerch een Gebitt gefuer, wou ausser den “Voitures de Service” keen däerf fueren, krut hei an do e puer Erklärungen geliwwert an hunn den herrlechen Ausbleck op Marseille an op d’Mier genoss.
Abemol hunn mir en Motorad an en Auto virun eis gesinn.

Déi haten natierlech näischt an dem Gebitt ze sichen, dofir huet mäin Chauffer Gas ginn. Stepps ass duerch d’Luucht geflunn an den Auto virun eis huet Vollgas ginn, d’Motorad war schnell fort.
Bei der nächster Kéier huet den Chauffer vun dem schwaarzen Auto den Kropp gezun, ass aus dem Auto gesprongen an fortgelaaf.
Angscht a Schrecken haten mech. Dat war also offensichtlech en geklauten Auto. Dat war och zimlech offensichtlech den gewiescht, den en geklaut hat. Wat géif lo passéieren? Géif hien mat sengem Motorradfrend zeréckkommen an eis an eng Schéisserei verwéckelen? Géif den Auto aus engem mysteriéisen Grond explodéieren? Hat de Rastamann eppes héimadder ze dinn an d’Male war voller heichgeféierlecher psychoaktiv Drogen?

Mir hunn d’Police geruff. Déi ass iwwer eng Stonn laang net kommen. Wéi mir nogefroot hunn, hunn se eis gesot, momentan wieren zwou Schéissereien zu Marseille an dowéinst kéinten si momentan net kommen. Mir sollen einfach alles esou loossen, wéi et wier.

Owes hunn ech am Metro gesinn, dat do alles vun Polizisten an esouguer vun der Arméi bewaacht war, déi mat hiren Maschinnegewierer do stoungen an op gepasst hunn, dat keen ouni gültegen Ticket an de Metro géif klammen, oder esou.

Angscht a Schrecken haten mech. Hei war ech, 5 Wochen zu Marseille, iergendwou an der Provence beim Mier, zwëschen geféierlechen Autosklauerten, Drogenverreckten am Bus, computersüchtegen Geeks an ëmmer ënnert der béiser provenzalecher Sonn, déi net nëmmen eng ganz speziell Vegetatioun hervirbruecht huet, mee och nach d’ Tendenz huet, ouni Gnod op een ze schengen an ganz normal Beweegungen wéi Ootmen zu enger ustrengender Saach ze maachen, déi engem den Doudschwees aus goen loossen.
Wat géif mir alles passéieren? Géif ech iwerfall ginn? Géif ech vun der Organmafia ausgeweidet ginn? Wat géif passéieren, wann de Rastamann spatz kritt, dat ech dobäi war, wou säin Lieferant säin Auto verluer huet? An virun allem: Ween war dat Elfen-Meedchen?

Dat eenzegt, wat elo nach bliwwen ass, war d’Flucht. Un d’Mier, zum Beispill…