Angscht a Schrecken am botaneschen Gaart vu Marseille

Een botanescher Gaart ass wuehl net onbedengt eng typesch Touristenattraktioun, net zu Marseille an och net enzwouschanescht. Et sief dann, et ass soss naischt do, waat d’Touristen beandrocken kann – mee daat ass jo eischter seelen den Fall.

An trotzdem kann een an esou engem Gaart oft villes gewuer gin, waat engem Ruinen oder verstepste Kierchen net esou direkt verroden. Exotesch Beem, déi e puer honnert Joer aal sin, sin emmer een Unzeechen fir irgendeppes, an sief et nemmen vun engem Herscher, den sech eng Fraa plus Baam aus dem Orient importéieren geloss hues.

Wéi jiddereen wees, sollen Spazéiergäng no ausgedehnten Mettegiessen eng gudd an gesond Saach sin. An no eben esou engem ausgedehnten Mettegiessen hun mir beschloss, eis den botaneschen Gaart vu Marseille unzekucken.

Wann ech als Gonzojournalist eppes geléiert hun, dann ass et d’Gewessheet, daat et oft duergeht, mat engem Steck Pabéier ze wedelen an haart genuch „Ech sin Journalist! Presse, loss mech duerch!“ ze jaizen, fir quasi iwerall fir naischt eranzekommen. Bei denen Plaatzen, wou daat nët duer geht, muss en meeschtens just e puer Wochen virdrun eng Akkrediatiounsunfro stellen.
Oder eben eng Persoun kennen, déi en Schlessel fir den Hannerangang huet.

Den botaneschen Gaart vun Marseille ass net immens grous, mee en huet eng net kleng Sammlung vun Pflanzen, déi virun allem dem letzebuergeschen Spektateur net geleffeg sin. Wann ech een botaneschen Gaart zesummenstellen dirft, geif ech och eng Sammlung vun psychoaktiven Pflanzen unleen, fir daat all déi Drogenverreckt kéinten kommen an sech just missen verhaalen, wéi all déi komesch Pflanzen geifen ausgesin. Fir se dann an de Bësch sichen ze goen an durno un enger Iwerdosis ze stirwen oder sech d’Hänn ofhaken.
Ausserdem héiert sech „An eisem botaneschen Gaart hu mir eng Sammlung vun psychoaktiven Pflanzen“ vill méi cool un wéi wann eng Sammlung vun Palmen huet.
Och wann Palmen heinansdo komesch Ausmoss an Formen kennen hun, vun denen nie een Mënsch geduercht hätt, daat et Palmen wieren.

Eng vun den Attraktiounen am botaneschen Gaart vun Marseille ass den chineschen Gaart. Den ass nämlech net um Schreiwdesch vun engem Marseiller Gaardeningenieur entstaanen, mee effektiv an China, genauer an Shanghei.
Et muss en wëssen, daat Shanghei mat der Staadt Marseille „jumeléiert“ ass. Ech hun nie genee verstaanen, waat daat heescht, wann zwou Stiedt matneen verbriddert oder verschwestert sin, mee an desem Fall huet et offensichtlech geheescht, daat se een dem aaneren en Gaart schenken.
Et muss en allerdengs och wessen, daat zu Shanghei 2010 déi nächst Weltaustellung ass. Op enger Weltaustellung gin emmer immens grous Gebaier fir „eng kuerz Zait“ opgeriicht, fir daat technescht Können vun der enger oder aanerer Natioun ze beweisen. Esou zum Beispill den Eifelturm zu Parais oder d’Biosphäre zu Montréal. An dem Fall hun des Gebaier eischter d’Onfähegkeet vun denen jeweilegen Natiounen bewissen, eppes wéi ugekennegt ofzerappen.

Op alle Fall huet Shanghei all sengen „jumeléierten“ Stiedt en chineschen Gaart geschenkt. Irgendwann ass zu Marseille en Fliiger geland mat engem klengen Trupp vun chineseschen Spezialisten an Materalien, déi just een Ziel haaten: En Gaart mat Pagode, Koi-Karfpen an allem chineseschen Schnickschnack innerhalb vun drai Méint opzebauen.
Angscht a Schrecken sin opkomm, wéi ech duerch den rouegen Gaart getreppelt sin, d’Koi-Karpfen ungekuckt hun an mir op een mol kloer ginn ass, wéi effektiv déi chinesch Propagandamaschinerie dach ass, daat se et färdeg brengen, innerhalb vun drai Meint esou eppes gigantesches opzeriichten, waat net nëmmen gudd ausgesait, mee och nach sain Propagandazweck voll an ganz erfëllt.
Wieder ass et gaangen laanscht eng wonnerschéin Zär aus dem 19ten Joerhonnert, déi awer schon sait e puer Joer eidel steht, well irgendeng heich Persoun et net angesait, wiesou en esou eppes aales soll erhaalen. Och héi hun meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken net laang op sech waarden geloss.
Wiesou därf Shanghei en giganteschen Propagandagaart bauen, mee eng duerchaus erhaalenswärt Zär ged einfach verkommen geloss?

Durno sin mir an eng modern an offensichtlech funktionéierend Zär gaangen, déi vun baussen esou ausgesin huet, wéi wann se graadesougudd eng Fliggerhaal hätt kéinten sinn. Op alle Fall waar keen frendlecht Scheld drop, daat een zum Erangoen angelueden huet. Ech hu mech gefroot, op esou en subpotimalt Ausgesin an Beschelderung net vlaischt zu eischter schlechten Besucherzuehlen féiert.

Op alle Fall waat déi Zär nach vill méi waarm wéi daat esouwiesou schont ziemlech waarmt Marseiller Klima an sollt d’Vegetatioun vun Südafrika duerstellen. Ech kennen mech mat Südafrikaneschen Pflanzen net esou gudd aus, dofir kann ech dozou naischt soen, mee verschidden Pflanzen hun gewierkt, wéi wann se eischter aus den Kulissen vun engem Science-Fiction geklaut wieren wéi vun sossentzwousch.

Erem dobaussen ukomm, haat ech déi eischten Kéiher d’Gefill, et wier nawell ziemlech frësch zu Marseille, waat natirlech decke Kabbes waar, well et waar nach emmer esou bedreckend waarm wéi de Recht vum Daag, an daat enzegt logescht wier gewierscht, sech eenert een vun denen groussen exoteschen Beem ze leen an eng Siesta ze haalen.

Wéi esou oft, wann en eigentlech Pflanzen kucken soll, déi an engem Wéiher stinn, kuckt een d’Fesch, d’Fräschen, Mouken an Deckelsmouken, déi an dem Wéiher rondremschwammen amplaatz sech op déi secherlech net onintressant Pflanzen ze konzentréiren.
Aanersaits huet jiddereen schon Algen gesin an déi meescht Leit verbannen net graad immens positiv Erennerungen mat glischtegen glibberegen Wasserpflanzen, déi engem um Strand entgéint geschwommen kommen. Mee et muss en bedenken, daat Algen och – zum Beispill an Japan – een wichtegt Liewensmëttel sin, déi nët nemmen beim Sushi zum Ansaatz kommen.

Irgendwann sinn mir dunn wéider bei déi medzinesch Pflanzen getreppelt. Ech hun mer erwaard, daat op manst e puer psychoaktiv Pflanzen drenner wieren, well och wann am botaneschen Numm „officinalis“ fir eng medizinesch Wierkung oder Notzung steht, esou ass fréiher „medizinesch“ dach oft anescht interpretéiert gin wéi daat haut de Fall ass.

Den Gaart mat den medzineschen Pflanzen waar Kierperdeeler no gedurdnet, dh. et gouf een Eck mat Pflanzen déi géint Reckwéih hellefen, een Eck mat Pflanzen fir Liwerwéih an och een fir den „Systeme nerveux“. An do stoung en ziemlech groussen Strauch mat groussen, mauven Blummen, déi wéi eng Anluedung fir all Insekten do houngen.

Ech hun mol een Mann kannt, den emmer erem betount huet, daat et sech bei Blummen em Geschlechtsorganer geif handeln. Wann een senger Frendin also geif Blummen schenken, geif en hier eng Buquet Geschlechtsorganer schenken. Waat dorunner esou schlemm sollt sinn, haat ech nie verstaanen. An mengem iwerdréinten Kapp huet daat direkt d’Visioun vun enger vun Pflanzen beherschten Welt ausgeléist, an där sech Monsterpflanzen geigensaiteg Buqueten mat Déirengeschlechtsdeeler schenken. Heinsdo komesch, waat en als jonk Persoun alles esou geduercht huet.

An graad an dem Moment, wou ech d’Wuert „Insekten“ geduercht haat, ass en gigantescht Exemplar vun der Gattung op eis zougeflunn komm. Op manst 8 cm laang, schwaarz mat e puer gielen Punkten an d’Ongeféiher Form vun enger Harespel.
Wou mer schon bei Gedanken an Witzer sin, déi ech als Kand haat: Als Kand hun ech den Witz „Madamrespel“ als Geigendeel zum „HerrRespel“ immens witzeg fonnt. Haut wonneren ech mech just nach, waat ech fir en komescht Kand waar.

En kuerzen Bleck huet verroden: Den Strauch, den ech virun e puer Sekonnen nach bewonnert haat, waar voll mat giganteschen Insekten, déi geradesougudd aus der Austellung „Megabugs“ (1995 zu am Kader vum deemolgen Kulturjoër zu Lëtzebuerg) entsprongen hätten kéinten sinn.
Et ged eng einfach Regel, waat Insekten ungeht: Ech fannen se interessant an deelweis och faszinant, esou laang se net méi laang wéi meng Hand sin oder net op mier setzen. Wann ech déi gigantesch … Härespeln hannert enger Scheiw gesin hätt, hätt ech wahrscheinlech „cool“ geduercht, mee esou eppes grousses well een net onbedengt „in freier Wildbahn“ gesin.

Virun allem dann net, wann een déi Déiren net kënnt an doweinst unhuelen muss, daat se wahrscheinlech furchtbaar agressiv sin an bei der klengster Stéierung mat hirem op manst 5 cm laangem Stachel op een lass gin.

Angscht a Schrecken haaten mech. Waat geif passéiren, wann déi gigantesch Insekten geifen ungraifen? Geif meng schon relativ matgehollen Krankenkeeskaart, mat der ech mech eng Kéiher iwert déi dänesch Grenz geschmuggelt haat, och Insektenstechlächer vun 5 cm Duerchmiesser an der Haut ofdecken? Wiesou gouf et keng psychoaktiv Pflanzen am dem botaneschen Gaart héi? Waat géingen d’Chinesen zu Shanghei „fir kuerz Zait“ bauen an durno nie méi ofrichten?

Daat enzegt, waat lo nach bliwen ass, waar d’Flucht duerch déi hennescht Dier vum botaneschen Gaart vu Marseille…