Angscht a Schrecken an der Calanque de Sugiton bei Marseille

Wann en an enger Stadt um Mëttelmier ass, huet een eigentlech keen Choix. Et kann een guer net anschecht, wéi un d’Mier ze goen, e bessi ze schwammen an herno jidderengem ze zielen, daat en den ganzen Daag op der Plage louch an sech en flott Liewen gemaach huet.
Wann dorunner besser ass wéi en Daag um Stau, kann ech net genee soen. De Stau huet de Virdeel, daat et keen Sand do ged.

En Sandstrand huet op mech ongeféiher déi selwescht Anziehungskraaft wéi een Owend mat Schleckeniessen beim Marc Toma an sengen Frenn. Et klengt am Ufank interessant, mee wann een eng länger Zait do verbrengt mierkt een, daat d’Nodeeler dann awer méi grouss sin, wéi een geduercht haat. Waat ech soss nach iwer Sandstränn denken, hun ech an dëser Serie schon eng Kéiher erklärt, dofir verweisen ech op d’Episode Angscht a Schrecken am Stuerm, Ufank 2007.

Ech waar also zu Marseille an hun mech, net zu Lescht well ech d’Mier un sech jo awer relativ gären hun, ziemlech verpflicht gefillt, eng Plage ze besichen. Oder un d’Mier ze goen.
Lo haat ech beruflech relativ vill mat den Calanques ze din. D’Calanques sin eng Art Mëttelmierfyorden, déi haptsächlech bei Marseille optauchen. An eng vun denen schéinsten an nootsten bei mener Wunneng waar d’Calanque de Sugiton.

Daat huet perfekt fir mech geschengt. Eng kleng Bucht, déi een nëmmen dann ereeschen konnt, wann een gudd 30 Minuten duerch en Naturschutzgebidd trëppelt an dobai gudd 200 Heichtenmeter iwerwënnt. Wahrscheinlech geifen do just e puer Hippies hinkommen, déi sech wuehl kaum un mengem hoergem, bleechen Werwollefkierper stéiren geifen.

Op en zweeten Bleck sin ofgeleenen Buchten normalerweis och ideal Spillwissen fir Drogenverreckter, Perverser, Nudisten an Auto..eh Bootsklauerten, déi hier kromm Geschäfter ongesinn wellen ofweckelen. Mee ech hun mir geduercht, eischtens gouf et eng Police des Parcs, déi heinsdo rondremgefuer ass fir all déi 100ten vun Verbueten, déi iwert esou en Naturschutzgebidd verhaangen gin, anzehaalen, an zweetens ged et Touristenbooter, déi d’Calanques besichen.

Ech hun also meng néi kaaften hipp Schwammbox ungedoen, hun mech mat hallewfesten Schong, engem Buedduch, engem Buch an enger Fläsch Wasser gewappnet an hun mech op de Wee gemaach.
Et waar nomettes, irgendwann géint drai Auer. Ech hu mir geduercht, daat dest eng gudd Zait kéint sin, fir an enger Bucht ze léien, e bessi ze liesen an heinsdo en klengen Tour am azurbloen Wasser ze dréinen.

Et gin ganz genau zwou Kategorien vun Leit déi an den Weer fir bei Calanques rondremtrellen. Daat engt sin Wandertouristen, déi mat Bengeln an groussen Rucksäck bewaffnet sin an an denen meeschten Fäll um Wee fir op Cassis. Eng Staadt déi wéi eng Fruucht an engen vun mengem leifsten Sorbetszorten heescht, kann am Fong naischt schlemmes un sech hun, mee ech wosst, daat en fir dohinner ze kommen d’Garidge iwerwannen misst, eng Art mediteran Stepp déi ausser Hetzt, pickegen an däregen Pflanzen an brennender Sonn naischt ze bidden huet. Virun allem keen Matleed virun engem Gonzojournalist.

Ech sin also an menger néier Schwammbox duerch déi onbequem Landschaft getrollt an waar graad dobai, den „Col de Sugiton“ erofzeklammen, wéi mech eng verwirrt drakuckend Fraa ungehaalen huet an mech gefroot huet, ob dest deen enzegen Wee wier.
Zwou Froen hun sech mier gestallt: Wiesou gouf ech emmer esou Saachen gefroot? Wiesou hun mech emmer irgendwelch Leit nom Wee gefroot, egal wéi schlemm ech no Tourist ausgesinn hun?
An virun allem: Wann een en klengen Pfaad ropklemmt, den zwee mol eng grous, betonéiert Stross kraizt, wéi kann en dann allen eeschtens unhuelen, daat den Pfad den eenzegen Wee ass?

Natirlech féiren déi meeschten betonéiert, befuerbaar Weer an esou Gebidder riicht zu enger Fielswand. Wann een déi dann enner Liewensgefohr eropklemmt, kennt en bei eng Hütt, déi wahrscheinlech dem Rastamann oder soss engem Drogenverreckten gehéiert.

Ech hun der Madame dunn erklärt, daat sie zwar den befuerbaare Wee kéint huelen, mee well deen ziemlech vill Schlangenlinnen geif fueren, braischt se op dem ongeféiher duebel esou laang. Domadd waar se offensichtlech zefridden an ech konnt main Wee no Ennen fortsetzen.

Irgendwann waar ech baal ennen ukomm an hun d’Mier an d’Calanque schon gesin. Eng kleng, wonnerbar azurblo Bucht. Voll mat bleechen Touristen an Privatbooter vun raichen Trilititen, déi alleguerten anscheinend een Bedürfniss haaten, esou haard wéi meiglech ze jaizen.

Angscht a Schrecken waaren also och um Mier an hun hier Zeiwen an d’Waaser gezappt.

Ech wollt den waiten Wee trotzdem net vir naischt gemaach hun an hun mech zweschen all déi Touristen an Jaizerten geluecht, hun en Buch ausgepaackt, e bessi aus menger Wasserfläsch gedronk an gelies.
Irgendwann ass mer daat och ze vill gin, well vun der aanerer Sait vun der Bucht dauerend irgendwelch Leit furchtbaar haard gejaut hun, wann se an d’Wasser gesprongen sin.
Ech kann daat net novollzéien, et stéiert mech, wann Leit ouni gudden Grond esou haard jaizen an blären, wéi wann se ze vill gesoff hätten.

Soss waaren d’Phänomener déi selwescht wéi op all Plage: Déi grous Fleischbeschau an Ausstellung. Jiddereen probéiert, sech selwer esou gudd wéi meiglech an eng unléiender Schwammkleedung ze präsentéiren. Waat natirlech net jidderengem gudd gelengt, virun allem wann een en bleechen, horregen Werwollefskierper huet oder soss irgendwelch Defiziter, déi vun eiser gephotoshopter, medienduzéierter Idealvirstellung ofweecht.

Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Virwaat ass et esou liicht, Leit dozou ze verféiren, eng Millioun Schéinheetsproduiten ze kaafen, fir um Strand ze blenken an no Vanillskichelscher ze richen?

Irgendwann haat ech d’Bedürfniss, och e bessi schwammen ze goen. Normalerweis waar ech bis elo emmer nemmen géint der Owend an des Bucht komm, dh. Ech haat dann keen Publikum. Daat ass mir awer och eigentlech relativ egal, d’Leit sollen eben denken, waat se wellen.
An trotzdem waar déi Kuliss vun heichglanzangecremten an Jaizerten net ganz gehéiher. Virun allem haat ech e bessi Angscht, daat irgendeen raichen Tirlititi mat sengem ultra-schnellen Motorboot geif an d’Bucht gefuer kommen an ech mech dann als Feschfudder eremfannen geif. Ech wollt lo „Fëschmiehl“ schreiwen, mee daat ass jo keen Miehl fir Fësch, mee aus Fësch.

Trotzdem hun ech mech an d’Wasser getraut. An do hun ech vun enger Sekonn op déi aaner festgestallt, wiesou esou vill Leit an der Sonn louchen an esou wéineger am Wasser waaren, waat eng wonnerschéin blo Faarw haat an… aiskaal waar.
All Zell an mengen Zeiwen, Féis an Been huet KAAL an Grousbuchstawen gejaut an ech hun mech en kuerzen Moment laang selwer mat bloen Lepsen an nach méi blaichem Kierper op der Plage léien gesin.

Angscht a Schrecken haaten mech. Wiesou waar daat Wasser esou kaal, wann et dach esou fuerchtbaar waarm héi baussen waar? Wiesou hun d’Leit héi alleguerten esou furchtbaar vill gejaut? Geif ech je rausfannen, wiesou een ongeféiher 15 verschidden Cremen an Sprayen brauch, just fir sech op eng stepseg Steenplage an d’Sonn ze leen?
An virun allem: Wouhinner huet den betonéierten Wee gefouert?

Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar eng schnell Flucht ennert der brennender Sonn vun den Calanques.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *