Angscht a Schrecken op der Fouer

En gescheiten Mann, op daitsch géif een en „weise“ nennen, soot eng Kéier zu mir, fir d’Braderie an fir d’Fouer géifen déi dommsten an ellensten Leit an d’Stadt kommen.

Ech wosst ganz genee daat en Recht haat, mee ween wees daat net? D’Braderie ass fir mech nemmen duerch eng direkt Verbindung zweschen der Hell an der Stadt Letzebuerg ze erklären.(cf. Episode 39) Virausgesaat, et glewt en un eppes wéi eng Hell, waat ech net maachen.
An dann ass do nach d’Fouer. Oh, d’Fouer!
Wann de Jang de Blannen weißt, waat hin ungeriicht hätt, hien geif seng blaan Aan verdreinen an den Deckel vun sengem steeneren Sarg an der Krypta vun der Kathedral opstemmen an als Zombie de Beschof zu Doud erféiren, iert hien dann seng „roaring rampage of revenge“ um Glacis géif fortsetzen.
Do géif hien wahrscheinlech an der Geisterbahn landen, déi dann endlech mol irgendeen ausser klengen Kanner am Spillschoulsalter géif erféiren.

Op irgendengem Hausfraensender huet et geheescht, et wier DEI BESCHTEN AN GREISSTEN BRADERIE VUN ALLEN ZAITEN. Wéi se daat am Virraus schon wessen konnten, hun se natirlech net verrodden. Daat huet geheescht, et waar DEI BESCHTEN AN GREISSTEN BRADERIE VUN ALLEN ZAITEN an Schueberfouer glaichzaiteg. Daat huet geheescht, doubel esouvill ellen an domm Leit an der Staadt, déi engem d’Liewen als Gonzojournalist schwéier géifen maachen.

An natirlech hun mir missten op d’Fouer goen, well do féiert jo keen Wee dolaanscht. Nodeems mir eis duerch all déi Leit gedreckt haaten, déi wéinst DER BESCHTEN AN GREISSTEN BRADERIE VUN ALLEN ZAITEN an der Staadt waaren, sin eis schon déi Leit entgéint komm, déi och op d’Fouer wollten respektiv vun do komm sinn. Angscht a Schrecken hun sech lues awer secher ungekennegt. Des Stadt waar nët fir esou vill Leit gebaut ginn, se waar iwerhaat net drop ausgeluecht, fir esou vill Leit matneen opzehuelen. Nirwt dem allgemengen Fakt, daat den Urbanismus irgendwann kuerz nom Mëttelalter an Lëtzebuerg ausgestuerwen ass, kennt erschweirend nach dobai, daat „Verkéiersplangung“ vun d’Stadthären wahrscheinlech ziemlech laang fir eng relativ ellen Erkrankung vum Verdaungsystem gehaalen ginn ass.
Fir et kuerz ze maachen: Ech haat Angscht, erdreckt ze ginn.

Duerch déi berühmten Entree sinn mir op d’Fouer komm an hun schon mol daat eischt „Spill“ gesinn, waat wahrscheinlech och daat ass, vun dem déi meeschten Leit emmer schwätzen, meeschtens mat dem fuerchtbaar witzegen Saatz:
„Daat enzegt Spill, ob daat ech ginn, ass daat gringt! Hahaha!“

Zu der Entree nach eppes: Ech haat gemengt, daat géif all Joer vun irgendengem aaneren Kenschtler speziell entweckelt ginn, mee dest Joer huet et mir esou onspektakulär ausgesinn, daat ech net mol genee gekuckt hun, ob daat wouer waar. War och ziemlech egal, emmerhin ass et just em eng Entrée gaangen, déi an der Nuecht e bessi liicht. Vlaischt. Wann se Loscht huet.

Angscht a Schrecken sprangen een op der Fouer vun all Sait un. All Scheissbued huet eng Persoun, déi et net emol gepackt huet, Moderator bei engem fuerchtbaar hippen Radiosender ze ginn an déi blärt ouni Paus irgendwelch Saachen an een Mikro. Et klengt dann emmer wéi wann et sech em rumänesch géif handeln. Oder soss eng Sproch, déi een selwer net schwätzt, déi engem awer wéinst der Synthax vague bekannt virkennt.

Och deen bekannten Hausfraensender, den mettes nach grousspuereg verkennt haat, daat d’Braderie dest Joer DEI BESCHTEN AN GREISSTEN BRADERIE VUN ALLEN ZAITEN haat en Stand op der Fouer. Virun engem Flipchart mat Buchstawen stoung eng Fraa, déi ausgesinn huet wéi eng Primairsschoulsjoffer aus den 50er Joeren an huet 12jähregen mat engem duerchsichtegen Wiederroodspill ameséiert. Angscht a Schrecken sinn méi grouss ginn.
Aus engem net-evenement wéi der Fouer, déi einfach nemmen do steht an esou wéi emmer ass, sinn EVENTER kreéiert ginn, déi keen wollt hun an och keen gebraucht huet. Mee haaptsaach et waar en emmer do, wou graad EPPES GESCHIDD ass, och wann iwerhaat naischt geschidd ass. (Ausser daat Fouer waar, mee et waar och schon eng Woch virdrun an eng Woch durno Fouer) Eventkultur ad absurdum.

Mir waaren op der Sich no eppes Iessbarem, waat ob der Fouer net esou einfach ass, wéi et schengt, virun allem wann en Leit bei sech huet, déi chronesch ondecidéiert sinn, waat de Choix vun hirem Iessen ungeht. Ausserdem waar meng beschten Frendin, daat de Nolauschtrer net onbekannt ass, der fester Iwerzeegung, d’Praiser op der Fouer géifen innerhalb vun Minuten no uewen korrigéirt ginn.

Eng Theorie, déi guer net emol esou abstrus ass, wann een bedenkt, daat esouguer d’Glaslabyrinth, daat emmer den selweschten Wee huet, méi déier ginn ass. Oh jo, d’Liewensmettelpraiser sinn geklommen! Dofir kascht lo alles op der Fouer en Euro méi déier, virun allem d’Pärderscherskarussell!

Mir hun eis irgendwou op eng Teresse gesaat an hun eis d’Leit ungekuckt, déi iwert Fouer getreppelt sinn. An mir ass opgefall, daat den aaalen, „weisen“ Mann Recht haat: Fir d’Fouer an d’Braderie kommen déi dommsten an ellensten Leit an d’Stadt. Wéi en Magnéit ginn Drogenverreckter, Proleten an Alkoholiker vun der Fouer ungezunn an kommen net méi dovunn lass, bis se völleg voll an mat engem giganteschen Plüschhärz am Grapp heemtorkelen.

Daat ganzt huet mech erennert un een Moment, den ech eng Kéier an der berühnmt-berüchtegter Hippiedisko, déi wéi een Piratenscheff heescht, erliewt hun. Ech waar zwou Minuten alleng geloss ginn, se hun een Lidd mat de Wierder „too much confusion in here“ gespillt an een Mann huet gedanzt. Dunn, soubaal déi Persoun op der Toilet waar, ass et lass gaangen mat de Komeschkeeten:
Eng fuerchtbaar deck Fraa huet ungefaangen mat Danzen, Leit vun der aanerer Sait vun der Disko hun mech riicht an d’Aan gekuckt an wahrscheinlech probéiert, mech ze hypnotiséiren. Dunn ass eng Grupp Persounen ran komm, ennert hinnen eng Zwergenfraa.
Angscht a Schrecken hun sech breed gemaach an ech hun mech gefillt wéi am Film zu „Fear and Loathing in Las Vegas“…

Weider ass et gaangen, laanscht all déi Buden, déi een mat maximaler Lautstärkt ob déi super Gewenner opmierksam gemaach hun, déi an Wierklechkeet just irgendwelch Ramschprodukter vum chineseschen Schwaarzmaart waaren, laanscht eng Onmass vun Gefreissbuden, déi Séissegkeeten verkaafen an emmer all hoergenee d’selwescht ausgesinn.

Irgendeen Student huet eis an d’Spill vun der Cinemathéik gelost. Daat huet net nemmen en Numm, den mir d’Zong brecht, wann ech versichen, en auszeschwätzen, mee och nach zwee belsch Virféierer, déi dauerend während den Stommfilmer quasselen an engem déi Filmer erklären.
Ech hun daat komesch an e bessi stéirend fonnt. Ech sinn einfach gewinnt, daat während engem Film keen schwätzt, virun allem keng Leit, déi net esou wiekrlech witzeg sinn.

Angscht a Schrecken haaten mech. Ech stoung am Zentrum vum letzebuergeschen Draam, der Schueberfouer. Déi Plaatz, wou fetteg Iessen, Schickimicki, Scheissbudenmentalitéit an schnell Gefierer zesummenkommen. Den Epizentrum vun dem, waat dest Land ausmescht. An et waar wéi all Kéiers en eenzegen Alpdraam.

Waat sollten déi haard Budden mat denen chineseschen Schwaarzmaartpraiser? Waat sollt déi Berichterstattung iwert een Event, deen keen waar? Wiesou waaren esou vill Voller, Drogenverreckter an ähnlech Gestalten héi ennerwee? Wiesou waar déi hallew Fouer iwerhaat naischt fir Kanner? An waat sollten déi komesch Flashbacks?

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht. An déi konnt wéinst mir och an de Bistro de la Presse goen…