Angscht a Schrecken am Verso

Wann irgendwou en néien Café opgeht, dann ass daat aus gonzojournalistescher Siicht emmer eng Interessant Geschicht. Net nëmmen eng néi Plaatz, ob der een Angscht a Schrecken kann erliewen, mee och eng néi Plaatz, ob der een sech virun Angscht a Schrecken verstoppen kann. Ausserdem kann een an engem Café oft probéiren, meng zwee aal Bekannter mat Alkohol ze erdrenken.

Lo haat ech vun dem Verso schon vill héiren. Oder eben och graad net. Daat waar jo daat, waat esou extrem komesch waar. All Mensch huet a be mol vun dem Verso geschwaat. Awer haaptsächlech doriwer, daat se net weißten, waat daat fir eppes wier. Daat ass oft eng immens gudd Pub. Wann ech an enger Pubsagence géif schaffen, géif ech mech wahrscheinlech embrengen. Mee huelen mer lo mol un, se hätten mech, nodeems ech den Kontrakt ennerschriwen hätt, dovunner ofgehaalen, aus der Fenster ze sprangen: Ech géif fir en néien Produit einfach 20 Sekonnen schwarzen Bildschirm an durno den Logo als Reklamm ausstrahlen. Iert ech dann um Lancementsdatum groußspuereg erklären géif, daat et sech just em eng néi Mark vun Inkontinenzbinden handelt.

Et gouf dann och irgendwann eng Eröffnungsparty. Oder zwou, well wann haut eppes opgeht, dann geht daat net nemmen een Daag lang op, mee am beschten eng ganz Woch, an seelenen Fäll och en ganzen Mount. Ganz Geschäftsmodeller ginn haut op Bars opgebaut, déi 6 Méint laang op ginn an dann 6 Méint laang „Save us“-Partyen hun, iert se fa-ite ginn an eng net onkleng Somm vun engem schwaizer zereck op en Letztebuergeschen Konto fléißt, Bankgeheimniss ahoi!

Iwer Banken schwätzen mir leiwer net. D’Welt geht enner an de letztebuergeschen Staat keeft Obligatiounen. Awer schon komesch, wann Politiker, déi emmer vun engem liberalen Marché schwätzen, op een mol Banken verstaatlechen. Angscht a Schrecken.

Mee eigentlech voll ech jo iwert den berühmt-berüchtegen Verso schwätzen. Virun zwee Méint nach total onbekannt an dann op een mol „in aller Munde“. Ech haat vun Leit geziehlt kriit, déi Eröffnungsparty wier ziemlech schlemm gewierscht. Net an dem gudden feucht-fröhlechen Senn, mee eischter am „et waar vill ze vill voll, ech kruut keng Loft méi an et gouf naischt ze drenken“-Senn.
Och Gerüchter iwer en extrem luesen Service waar mir zu Oueren komm. Mee ech wollt mir natirlech meng eegen Meenung iwert déi néi Concertsplaatz maachen, an esou hun ech direkt zougesoot, wou mech den Telefon mat der Fro erreescht huet, ob ech géif mat an den Verso goen.

Meng Begleedung, déi och gefuer ass, huet während der Fahrt ziemlech vill iwer perséinlech Problemer geschwaat. Ech hun esou Situatiounen net gären, wou ech Hannergrenn net wierklech kennen an mech dann an der Positioun befannen, eppes bewerten ze mussen, vun dem ech eigentlech keng Ahnung haat. Also hun ech einfach nemmen nogelauschtert an hun naischt gesoot.
Ausserdem waar ech esou ofgelenkt vun dem Gedanken, daat et elo géif fuerchtbar schlemm am Verso ginn an daat déi zwee Bedriwer net déi Leit vun „What’s Up“ wieren, mee meng zwee aal Bekannten Angscht a Schrecken.

Irgendwann waarne mir dunn an der Staadt an hun eis do e ganz kleng bessen verfuer, waat awer dem Navi seng Schold waar. Lo waar ech schons dobai, wéi sech Leit stonnenlaang verfuer haaten, well se probéiert hun, irgendwou an dem Höllenschlund, den mir Gronn an Clausen nennen, eng Parkplaatz ze fannen, mee trotzdem sinn ech der Meenung, daat en sech mam Navi méi oft verfiert wéi mam gesonden Menschenverstand an „op d’Schelder kucken“.

An Clausen ukomm, hun mir nach e bessi no enger Parkplaatz gesicht an och eng fonnt, fir déi een net huet missen bezuehlen an déi och nemmen eng 10 Minuten vun den néien „Rives de Clausen“ eweg ass.
Ech erenneren mech nach genee drun, wéi ech virun e puer Joer eng Kéier an dem fuerchtbar hippen Melu waar (cf. Episode 20). Deemols kruut ech geziehlt, den Direktor vun engem gewessen Jugendservice hätt gesoot, et géif vis-á-vis en „schaiß Akaafszentrum“ gebaut ginn.
Daat stemmt vlaischt, mee nirwendrunn sinn zenter e puer Wochen déi sougenannt „Rives de Clausen“ op. Wou fréier Béier gebraut ginn ass, steht haut den Verso an verkeeft Béier – an daat anscheinend ziemlech lues.

Vun waitem huet en den Verso schon liichten gesinn. Speider sollt ech feststellen, daat déi Luucht vun enger spezieller Beliichtungsanlaag kennt, déi anscheinend nemmen den Zweck huet, eriwer bei den Melu ze blenken an ze soen „Komm eriwer, héi ass deck eng Lass!“

Wéi mir eran kommen sinn, haat déi eischt vun den drai Bands schon gespillt. Trotzdem waar et net all ze voll, d’Euphorie vum Opening-Day haat sech also geluescht.
An der Entree hun mir 5 Euro géint en Stempel an 5 Euro an Bongen getosch. Ech hun daat komesch fonnt, well een esou jo iwerhaat keen Gewenn mescht. Mee vlaischt haat d’Brauerei, der den Site gehéiert, jo den eischten Mount Gedrenks geschenkt. Oder et waaren eben nach Souen vum Prêt do, an déi konnt een jo dann ausginn.

De Public waar den, den ech erwaard haat. D’Szen eben. Wann sech Myspace Letzebuerg fréier am Haff vun der KuFa zu Esch getraff huet, esou wärt se sech wahrscheinlech ab elo emmer am Verso treffen. D’Toiletten, fir déi en huet missen en Traap nirwt der Bühn huelen, waaren och wahrscheinlech doweinst esou gudd ausgeliicht, fir daat en gudd Konditiounen fir déi néisten Profilfotosession haat.
Angscht a Schrecken haaten mech. Verschidden Leit hun esou den Klichee enstprach, daat ech et baal net glewen wollt. Mee et waar esou.

Iwerhaat, Traapen am Verso. Et gouf eng Gallerie mat enger groußer Metalltraap fir rop, an e puer Meter hannendrun waar dann och schon déi gigantesch Traap fir op déi komesch Toilett.
Angscht a Schrecken sinn mir entgeintgesprongen, well schon op der eischter Traap sinn ech dem Commissaire Balzer begeint, den mech zwar charmant begreißt huet, dem seng Präsenz mir awer irgendwéi suspekt waar. Mee wahrscheinlech gouf et irgendwelch wichteg Ermettelungen.

Irgendwann ass d’Musek lass gaangen, an et waar wéi emmer. D’Leit stoungen do an hun vlaischt e bessi mam Kapp gewippt. Nemmen keng Gefiller weisen, nemmern keng Stemmung opkommen lossen, esou cool wéi méiglech sinn. Ech hun dobai festgestallt, daat déi Luuchten, déi vun baussen eriwer bei den Melu blenken, iwerhaat naischt mat den Luuchten op der Bühn ze dinn hun.

Déi auslännesch Band, wou den Numm grouß um Flyer gedreckt huet, huet net als Lescht gespillt, mee als zweet. Ech hun daat immens komesch fonnt an waar ziemlech duercherneen. Wiesou waar daat esou?
Angscht a Schrecken sinn méi an méi grouß ginn.

Bekannten Leit sinn aus der anonymer, emmer dselweschter „alternativ“ Mass opgetaucht an hun mir schrecklech Geschichten vun Pabéiren an Examen an gebotzen Zänn erziehlt, esou daat ech guer net méi wosst, waat ech dozou soen sollt.
Nodeems ech op der Toilett enger Persoun begéint waar, der eigentlech net méi iwert de Wee wollt laafen an se Shoten fir naischt verdeelt hun, hun ech un menger Opfassung vun der Realitéit gezweifelt.

Angscht a Schrecken haaten mech. Waat sollten all déi Leit, déi ausgesinnen hun wéi d’Karrikatur vun dem Cliché, den se repräsentéiert hunn? Firwaat huet en extra Diskoluuchten no baussen geriicht? An virun allem: Waat huet den Comissaire Balzer héi gemaach?
Daat enzegt, waat elo nach gehollf huet, waar en leschten Béier an durno d’Flucht an d’Keelt vun dem Höllenschlund, den mir Clausen nennen…