Angscht a Schrecken op enger Party vun Studenten vun der Uni.lu

Wann een un d’Uni Lëtzebuerg denkt, denkt een kaum un Partyen. Ech denken eischter un leit, déi sech op der Uni unmellen fir kennen Kannergeld ofzesahnen oder déi alt een Semester héi am Land maachen, well se soss néirens ugeholl ginn.

Ech wosst zwar, daat et eng Rescht vun „auslännesche“ Studenten géif ginn, mee daat déi an hiren Studentenwunnheemer géifen Partyen schmeissen, dorunner hunn ech nët emol geduercht. Fir mech waar d’Uni emmer eppes ziemlech langweileges, wourunner daat witzegst d’Tshirten mam Sproch „D’Uni.lu ass iwerhaat keng Uni“. Mee ech wosst nët, wéi Onrecht ech domadder sollt hunn.

Ech waar also vun e puer Studenten op eng sougenannt „House“party angelueden, waat naischt mat der Musekrichtung oder engem Dokter ze dinn haat. Een Studentenwunnheem zu Bouneweg sollt d’Plaatz vun dem ganzen Event sinn. Bouneweeg , daat heescht fir mech Fixerstoff, Rotonden – an en relativ aarmen an dreckegen Quartier. Domadder verbend een net onbedengt Partystemmung. Eischter Angscht a Schrecken.

Ech hun mech also vun der Gare aus iwert déi grous Autosbreck Richtung Bouneweeg gemaach. Do waar ech dann an der relativ blöder Laag, zwar eng Hausnummer, mee awer keng Ahnung, wou daat genee sollt sinn, ze hunn. Well ech schlauerweis och keng Handysnummer vun irgendengem haat, waar ech also op mech alleng gestallt.

Wéi hunn d’Leit daat eigentlech fréiher gemaach? Vlaischt am Virraus gefroot an sech eng Weebeschreiweung ginn geloss, amplaatz sech op „Google Maps“ an sain eegent méi oder manner gudd Orientéierungsgefill ze verlossen.

Waat soll den Gaiz hunn ech mir geduercht, du bass Gonzojournalist an du hues eng Fläsch Rum dobai – waat kann do scho schief goen?

Natirlech sinn ech beim éischten Versuch glaat lanscht déi onscheinbar Residence gelaaf. Zu Bouneweeg waaren déi meescht Fenstren schon daischter. Keen Liewen héi, virun allem keng well Studentenparty. Vlaischt géif „Houseparty“ an deem Fall jo heeschen, daat 5 Leit em een Desch setzen an drenken géifen. Just daat ech daat Haus mat dem Desch nach nët fonnt haat.

Nodeems ech eng Zait laang duerch Bouneweeg gegeschtert waar, hin an zereck, hun ech vunn an engem daischteren Eck hannert engem Parking déi ominös Résidence fonnt.

Vun dobaussen huet et immens roueg ausgesinn. Ech hun och nach e puer Minuten no der Entree missen sichen. Wéi gesoot, et waar ziemlech bis ganz daischter, esou daat déi Aufgab net déi einfachst waar. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Wiesou waar et an esou engem ongemittlen Quartier emmer esou daischter?

Schlussendlech sinn ech dann awer eran komm an hunn heiren, daat schon eng lass wier. Musek an Stemmen waaren ze héiren. Ausserdem hunn ech een Deschtennisdesch gesinn. Irgendwéi schengt daat eng Aart Naturgesetz ze sinn, daat iwerall wou Jonker sinn, emmer direkt en Pingpongsdesch stoen muss. Ech wees mol guer net, ob ech dem Pingpong esou eng grouss Popularitéit enner Jonken attestéiren géif, mee vlaischt sinn ech jo och déi falsch Persoun dofir, emmerhin fannen ech Kicker jo och langweileg, an daat ass deffinitiv populär.

Vlaischt ass och graad eng Art Emschwong an den Gesellschaftsspiller bei Jugendlechen ze beobachten. Waat virun e puer Joer nach den PingPong an den Kicker den A an O vun der net-alkoholgesetzer Jugendennerhaalung, esou schengen haut kierperlech weineger unstrengend Spiller wéi Poker an den Mettelpunkt ze trieden. An enger Welt, déi all 2 Wochen duerch irgendeng futtis Bank ennergeht, schengt Risikobereedschaft an d’Fähegkeet, ze blöffen, eng Grous Valeur an der Gesellschaft vun muer ze kréien. Ech perséinlech liesen jo léiwer en Buch, ginn op en Konzert oder trellen voller Drogen duerch eng Stadt an diskutéiren mat Leit. Mee daat kann en jo och alles alleng maachen.

Ech sinn dunn an en Sall rankomm, den wahrscheinlech als eng Aart Kichen an Openthaltsraum funktionéiert. Wéi esou vill Staatsgebaier haat och dest en zweeten Plafonk aus Gipsplacken, wou d’Luuchten dran waaren. Déi waaren mat transparenter rosa Folia iwerkliewt, esou daat den ganzen Raum an en schummeregt rosaroud Liicht gekleed waar. Et huet e bessi gewierkt wéi an engem Puff. Mat dem Ennerscheed daat eben Studenten an keng Puffclientell op villen Fotoellen souzen an sech mat Wain, Conniag an soss Spirituosen ofgefellt hunn.

Ech sinn vun Leit begreißt ginn an stoung relativ domm am Raum, well ech iwerhaat keen kannt hun. Also hunn ech no mengen Gaschtgeber gefroot an hun déi dunn och een Stack uwendriwer fonnt, wou ech mol direkt en Béier ungebueden kruut, déi ech natirlech direkt geholl haat. D’Party wier awer leider net esou den Renner, net immens vill Leit. Leider.

Angscht a Schrecken sinn opgesprongen an hun gejaut: “NET ESOU VILL LEIT?” Waat soll daat dann wannechglift gewierscht sinn, wann net vill Leit? An virun allem: Wéi géif et an dem klengen Studentenwunnheem ausgesinn, wann do richteg vill Leit géifen optauchen? Vlaischt sollt ech virsichtshalber schon mol Otemloft an eidel Plastiksfläschen fellen an déi esou no wéi méiglech um Kierper droen, fir am Noutfall nach e bessi Loft ze kréien?

Mat der Fläsch Béier an der Hand sinn ech erem roof gaangen an sinn direkt mol irgendwelchen Leit virgestallt ginn. Haut géif ech déi wahrscheinlech net méi erkennen, vun hirem Numm net emol ze schwätzen. Mee den Moment huet et wichteg geschengt, sech mat hinnen ze ennerhaalen. Virun allem well een sech mat denen meschten Leit héi op all Sproch ennerhaalen konnt, just net op Letztebuergesch. Am Laaf vum Owend sollt ech rausfannen, daat ech den enzegen Letzebuerger op der Party waar. Vlaischt waar ech och den enzegen Letztebuerger, den je an desem Studentenwunnheem gewierscht waar!

Mee daat waar mir am Moment egal. Angscht a Schrecken waaren zwar definitiv op deser Party, mee je méi spéit den Owend ginn ass, emsou méi Leit sinn et ginn. Ech hunn den Rum ausgepackt, en mat bessi Cola gemescht an gedronk. Durno hunn ech meng hallew eidel Fläsch op den Desch gestallt, esou daat jiddereen sech servéiren konnt. Daat haat den Virdeel, daat ech keng eidel Fläsch hun missen mat heem schleefen an keen konnt soen, ech hätt naischt zu der Party beigedroen.

An esou ass et weider gaangen, den Rum ass dem Wain gewasch, d’Daitsch dem Franseischen, den Wain dem Coniac, d’Franzseisch dem Engleschen. Et gelt bei Friemsprochen jo souwiesou emmer d’Regel, daat, je méi voll een ass, esou besser kann een se schwätzen. Et sollt en just oppassen, net engem engleschsprochegem Mensch wellen ze erklären, daat Englesch eng Sproch ass, déi souwiesou nemmen am vollen Zoustand richteg artikuléiert kéint ginn. Net jiddereen huet den Witz verstaanden, an mir wessen alleguerten, an waat fir engem Land den Hooligan erfonnt ginn ass.

Irgendwann ass et dunn emmer méi an méi eidel ginn. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Et waar ereischt drai Auer – an ech haat fest domadder gerechent, daat des Party esou laang géif goen, daat ech ouni Problemer den eischten Zuch fir zereck kéint huelen an net laang waarden misst.

Dem waar elo net esou. Wéi bis déi meescht Leit fort waaren, hunn sech déi eischt Wunnheembewunner un d’Botzen an Raumen gemaach an mir ze verstoen ginn, daat ech elo am beschten sollt goen. Angscht a Schrecken sinn opkomm… Waat géif ech elo maachen? Wou géing ech op den Zuch waarden? An wiesou waar déi Party esou séier riwer?

Ech hunn mech mat e puer Leit op de Wee gemaach. Déi waaren Richtung Lampertzbierg ennerwee. Ech hunn beschloss sie bis op den Aldringer ze begleeden, fir dann ze kucken, waat ech géif maachen.

Et waar aiskaal an der Staadt, an de Niwel ass duerch d’Strossen gezunn, genee wéi Angscht a Schrecken duerch main Kieper gezunn ass. Ech hunn déi lescht Meldungen iwert erkaalten Strummerten rekapituléiert. Meng zwee aal Bekannter haaten mech fest am Greff.

Waat géif mat mir passéiren? Wiesou sinn nie letztbuerger Studenten op denen Partyen gewierscht? Wou waar all den villen Alkohol hier komm? Ween waaren all déi komesch friemsprocheg Leit? An virun allem: Wiesou waar eng Studentenparty speistens um halwer 4 riwer?

Zum Gleck hun ech an menger Täsch en Schlessel gespirt, den mir op manst fir eng hallew Stonn eng waarm Zuflucht garantéiren géif…