Angscht a Schrecken mam Michael Jackson

Et ass scho komesch. Wann een mir virun e puer Wochen gesoot hätt: „De Michael Jackson ass doud“, dann hätt ech wahrscheinlech gesoot: „Ah, ma du bass séier. Den ass dach schon zenter Joeren just nach en Zombie.“
Net immens fain, mä wouer. An elo, wou de Mann dann wierklech doud ass, schengt et, wéi wann en erem géif liewen. Also wierklech bessi wéi en Zombie, wann och nëmmen en Medien-Zombie.

An trotzdem. Irgendwéi haat ech d’Wierkung vu sengem Doud ennerschaat. Den Internet war vun engem Moment op den aaneren voll mat Meldungen an „Rest in Peace“-Messagen vun trauernden „Fans“…


Joerelaang huet een kaum eppes vum „King of Pop“ héiren, an elo ass en erem als „Wiedereinsteiger“ an den Single-Charts. „Wiedereinsteiger“, daat klengt och e bessi wéi „Wiederkehrer“ an daat ass ganz kloer en Wuert fir Zombie.

Heemlech waarden ech jo bessi op den Daag, wann d’Zombien kommen. Eng Welt voller Angscht, Schrecken an liewegen Doudegen. Mä eigentlech ass alleng den Konzept vun Laichen, déi erem rondremwandern an Gehierer friesse wellen, esou absurd, daat een am Fong just driwer laachen kann. Oder huet irgendeen vun ierch schon en Zombiefilm gesinn, deen net op manst e bessi fir ze laachen waar? Wann ech mir en Weltennergang kéint raussichen, dann secherlech eng Zombie-Invasioun. Secherlech méi witzeg wéi en riesege Meteorit aus purem Eisen oder gobal Erwärmung. Ausserdem hätte mir schon den richtegen Soundtrack dofir. Bei all aanerem Weltennergang kéint een just dem Wagner sain „Ritt der Walkyren“ spillen, mä bei enger Zombie-Invasioun géif aus allen öffentlechen Beschallungsanlagen – bingo – Thriller vum Michael Jackson laafen.

Woumadder mir jo erem beim Thema wieren. De Michael Jackson ass doud. Endgülteg. Hien wärt – wahrscheinlech – net zereckkommen an et wärten keng wéider Skandaler ginn. Ab elo just nach Erennerungssendungen wéi beim Kurt Cobain. Dat wier dach och mol eng Sendung fir um ARA. Eng, déi just Musek vun Leit spillt, déi schons doud sinn. Déi kéint een dann och „The Zombie Show“ nennen. Mir faale jo emmer esou gudd Konzepter fir Sendungen an. Zum Beispill d’Nerd-Sendung, déi just Chiptunes, Mathrock an Nerdcore spillt. Oder eng satiresch Wochenreckblecksendung op europäesch Geschicht. Déi géif ech dann „State of the Onion“ nennen. Leider fehlt mir awer Zait, d’Motivatioun an d’Matarbeschter, fir esou eng Sendung op d’Been ze setzen. An elo, wou den Michael Jackson doud ass, ass vun deem och keng Hellef méi ze erwaarden.

Wat ech bessen komesch fonnt hunn: Déi selwescht Medien, déi den Mann vu Ufank un futti gemaach hunn, déi him sämtlech Privatsphär geklaut hunn an dauerend probéiert hunn, all meiglech Skandaler an lusch Geschichten géint den Mann, deen eigentlech nach emmer ee Kand waar, opzedreiwen, déi Medien haaten lo a be mol immens vill Matleed mam Mann an hunn getrauert. Bon, wahrscheinlech sinn bei e puer Klatschblieder elo Leit arbeschtslos ginn. Ech kann mir gudd virstellen daat et bei esou Klatschblieder emmer eng Abteilung fir „gefaale Stäre“ ged. Do setzen dann déi Leit déi keen Gewessen méi hunn, déi hier Seil an déi vun hiren Kanner un de Daiwel verkaaft hunn an durno en Artikel iwert dem Daiwel seng schrecklech Arichtung geschriwen hunn.

An denen Abteilungen setzen déi Leit, déi naischt méi ze verléiren hunn. Virun allem keen Gewessen. Wahrscheinlech, well se ouni Gewessen ob d’Welt komm sinn. Et ginn bestemmt och wéi bei den Buddhisten e puer Klatschblaad-Mönchen, déi stänneg op der Sich sinn no Kanner, déi ouni Gewessen op d’Welt kommen an déi dann an en Klatschblaad-Trainingslager stierchen. „En dreckegen Artikel iwert den Michael Jackson schreiwen“ stoung wahrscheinlech als Haaptfach um Stonneplang.

Angscht a Schrecke komme bei mir op, wann ech gesinn, wéi verzweifelt verschidde Medien reagéiren. Da ged einfach den ganzen Daach Michael Jackson gespillt. Komm mir spillen einfach den ganzen Daach Lidder vun dem doudege Mann, well wann mir eppes aneschteres spillen, dann laafen d’Leit vlaischt bei d’Konkurenz.
Ech sinn jo bei d’Konkurenz gelaaf, WELL se den ganzen Daach soss naischt méi ze ziehle wosste wéi daat den Michael Jackson doud war an daat hien en ganz super geniale Museker waar. Doriwer, dat en ziemlech krank am Kapp waar an vlaischt och heinsdo e bessi ze frou mat klenge Kanner, ass naischt méi gesoot ginn. Virun allem huet keen d’Roll vu de Medien am Liewen vum Härr Jackson erwähnt.

Wann een vu klengem un ennert groussem Drock steht an dann och nach zum Weltstar ged an nie eng Kandheet ged, huet een eigentlech scho genuch Problemer. Wann een dann awer och nach weinst allerlee Exzentrik un den Daach leet an déi permanent vun alle Medien kommentéiert ged, dann entweckelt een sech wahrscheinlech zu engem Zombie, deen net méi witzeg rondremdanzt, mä eng Aart öffentlech Gruselfigur ass. Den A-Typus vum gefaalene „Star“. Ennen ukomm, mä emmer nach ze berühmt, fir ignoréiert ze ginn.

Ech hunn jo déi geheim Theorie, dat d’Geschicht vum Michael Jackson och eng Geschicht vu latentem Rassismus ass. En schwaarzen, den sech an een waissen verwandelt huet. En huet quasi déi lescht Barriere duerchbrach an ech kann mir gudd virstellen, dat dat fir vill Leit onbewosst en immens groussen Tabu waar, den den Härr Jackson do duerchbrach huet. Beat it.

Angscht a Schrecken kommen ob, wann ech mir ukucken, wéi et monter weidergeht. Wéi Medien, déi eis eigentlech sollen iwer Politik an Weltgeschicht opklären, den totale Ausverkaaf vun der Privatsphär vum „King of Pop“ bis an de leschten Detail wéiderféiren. D’ass alles, dat et beim Begriefniss keng Kamera am Sarg gouf. Ech hätt mir eigentlech virgestallt se géifem dem Jacko seng Laich emmer ennen am Eck weisen, Bild in Bild. Dann hätt een och gudd gesinn, ab waat fir engem Moment den King of Pop ungefaangen hätt, sech a sengem gellenen Sarg emzedreinen.

Wéi wann dat elo déi grous Froen vun der Menscheet wieren, sinn déi dommsten Detailer emmer an emmer erem widderholl ginn: Ass en ouni Gehier begrouwe ginn? Wou ass den Helikopter mam Sarg higeflunn? Wat ged aus sengen Kanner? Ween ass den Toni?

Ech hunn viru kuerzem rausfonnt, dat ech keng Kéier mam Toni Theater gespillt ginn. Dat huet mech dach ziemlech schockéiert. Vlaischt esouguer méi wéi den Doud vum Michael Jackson.

Da koum a leschter Minut nach d’Meldung, daat d’Mettel Demerol och u Bord vun Apollo 11 waar, d’Astronauten et awer net fir hire „Moonwalk“ gebraucht hunn. Aua.

Angscht a Schrecken hate mech. Dat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht. Am Beschten irgendwou hin, wou et keen Fernseh, keen Radio, keng Zeitung a keen Internet gouf…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *