Angscht a Schrecken mat Angscht a Schrecken

Dat leiten ass déi 100st Episod vun der Serie „Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg“.
Wat als Audio-Experiment ugefaangen huet ass mat der Zait zu engem onkommentéierten Podcast respektiv enger Radioserie ginn. Mat nach e bessi méi Zait ass et zu engem offensichtlech ziemlech populären, mä nach emmer relativ onkommentéierten Podcast ginn.

Elo ged et Angscht a Schrecken Buttons a Stickeren, et gouf eng – wann och net immens gudd besichten – Angscht a Schrecken Liesung an et ged AngschtaSchrecken.lu, wou een all d’Episoden lauschteren an roflueden kann. An iwregens och kommentéiren kann, mä daat maachen irgendswéi déi mannsten Leit. Mä wann ech dann awer froen, wéi se et fannen, fannen déi meescht et emmer gudd. Wat ech och komesch fannen.


Humor ass jo iwerhaapt eppes „komesches“. Ween kann schon genee definéiren, wouriwer een wärt laachen? An dann ass och d’Fro, ob Angscht a Schrecken onbedengt eppes ass, iwert daat een sech freckt laache misst. Emmerhin ginn oft eescht Themen wéi Drogenmessbrauch an Paranoia am öffentlechen Transport ungeschwaat. Ween wees, wéivill paranoid Drogeverreckter hautesdaags an Zich setzen? Dat erennert mech un den Typ, den ech op menger Rees an den reenege Süden getraff hunn an den mir do ongefroot vun senge riesegen Knospen geziehlt huet. Wat wuehl aus dem ginn ass? Vlaischt hunn se seng Plantage mettlerweil gestiermt an en zillt elo just nach Tomaten?

Emmer wann ech Leit dobai beobachten, wéi se Angscht a Schrecken lauschtren, mierken ech, dat déi meescht Leit net do laachen, wou ech laache géif. Mä op komplett aaneren Plaatzen, déi ech wesentlech manner witzeg fannen. An déi Pointen, déi ech speziell konstruéiren an dran setzen, fir daat een soll driwer laachen, ginn oft einfach ignoréiert oder d’Leit schmunzelen just. Mä do kann een wuehl net ganz vill dogéint maachen. Ech kann mech hechstens als onverstaanend Genie fillen.

Mä dat Gefill hunn ech oft genuch. Also net esou dat vum Genie, mä méi daat vum onverstaanen sinn. Déi Leit, déi oft iwerhaapt naischt verstinn an komescherweis „ironieresitent“ sinn, daat sinn déi, déi am haarsten jaizen. Zum Beispill wann ech eppes géint hier Lieblingshippiedisko soen. Dobai ginn ech am Fong och immens gären dohinner an wollt meng Erliewnisser just a spezieller Form eriwerbrengen. Ech hunn och d’Gefill, daat Leit, déi sech beschwéiren, dat nemmen maachen, well se sech eben gären beschwéiren. An vlaischt huet daat och e bessi mat Tabubresch ze dinn. Oft soen ech Saachen, déi eigentlech jiddereen wees, mä déi awer keen ausschwätzt. Zum Beispill, daat all Nationalfeierdaach d’selwescht ass an een roueg d’Geschicht vun virun zwee Joer ziehle kann, ouni daat irgendeen et mierkt.

Dann ginn et natirlech och Leit, déi sech an hirem nationale Stolz ungegraff fille, wann ech iwer Oberschlesien schreiwen, do géifen et net vill Autoen mat 4-Takt-Motor. Dat war zwar vilaischt bessen eng blöd Ausso, mä heinsdo muss een och en bessen méi blöden Witz duerchgoen lossen.

Mä daat ass quasi de Prais, wann een eng Serie mescht, déi irgendwéi hallewwegs funktionéiert an en klenge, awer duerchaus liewege Fankrees huet.

Dann hunn ech natirlech baal all Woch main ganz perséinlechen Horror. Nämlech wann et dann dorems ged, déi ganz Geschicht héi ze schreiwen. Ech fänken nämlech emmer vill ze vill speit domadder un. Meeschtens Sonndes owes um zeng Auer oder deelweis esouguer nach Méindes moies oder esouguer ereischt am Nometten. Esou wéi haut. Haut hunn ech um eng Auer ungefaangen, ze schreiwen. Mettlerweil ass et halwer 3 an ech muss ech mech elo wierklech flaissen, fir nach irgendwéi färdeg ze ginn an net völleg ausser Otem um Radio unzekommen, well ech hu misse laafen. Well wann een ausser Otem ass, leisst et sech net gudd schwätzen.

Ausserdem ass dann emmer d’Fro: iwer waat schreiwen ech? Deelweis ginn et Wochen, do kann ech mech virun Themen, déi sech lounen géifen, guer net retten. Et ginn awer och Wochen, do kann ech mech virun Leit, déi mir Themen virschloen, guer net retten. An dann ginn et Wochen, do ass einfach naischt geschidd. Summerlach. Oder Wanterlach. Oder Hierschtlach. Deelweis heinsdo och Freijoerslach. Heinsdo ass den Grand-Duché vun der Angscht eben net esou fuerchtbar, wéi ech en braischt, mä vill ze vill brav an biergerlech. D’Politik leeft hannert zouenen Dieren an op manst een vu mengen aalen Kollegen Angscht an Schrecken ass an der Vakanz an erféiert onschelleg Touristen op der belger Plage.

Angscht a Schrecken virum waisse Blaat. Oder eischter virum waissen Bildschirm. Wann ech och nach emmer alles misst mat der Hand schreiwen, géif ech verreckt ginn. Dat kann een jo awer och kengem zoumudden.

An daat enzegt, wat dann nach helleft, ass schreiwen. An seier schwätzen. An probéiren meiglescht keen Fehler ze vertuddelen. Voller Angscht a Schrecken ass dat natirlech schwéier. Mä als Gonzojournalist probéiert een natirlech emmer dat bescht fir seng Nolauschtrer ze brengen.
An deem Senn: op 100 wéider Episoden!