Angscht a Schrecken an der lëtzebuerger Blogosphär

Wéi déi meescht vun mengen Nolauschtrer wahrscheinlech wessen, sinn ech relativ oft an vill am Internet ennerwee. Eischtens ged et do fuerchtbar vill Angscht a Schrecken ze erliewen (cf. Episod 57) an zweetens gefällt mir daat relativ gudd. Et ass net immens ustrengend an et leiert een immens vill interessantes a wichteges an nach vill méi onëtztes, daat engem fir eiweg am Gedierchniss stierche bleiwe wärt. Daat sinn dann esou Saachen wéi et zu Manchester den sougenannten Nico Ditch ged, den aus dem fréihe Mettelalter staamt an haut plaatzeweis nach d’Südgrenz vun Manchester markéiert.Oder dat an der schweizerescher Stadt Murten eng Kéier en Zirkuselefant fortgelaaf ass, den se dunn mat enger Kanoun erschoss hunn an d’Fleesch vum Déier durno verkaaft hunn? Bei esou Informatiounen kann dach all Magazin mat enger Sektioun déi sech „unnütztes Wissen“ nennt, apacken …


Ech sinn also relativ oft am Internet ennerwee, an well d’Internet jo esou en scheint interaktivt Medium ass, liesen ech net nemmen oder kucke mir schéin Biller un, mä ech schreiwen och an main eegent Blog. Dat schon relativ laang. Déi eischt puer Joer hunn ech daat ziemlech alleng gemaach. Eben virun allem fir mech an déi puer aarm Kollegen, déi ech dozou gezwongen hunn, et ze liesen, geschriwen. Mat der Zait sinn e puer Leit als Lieser dobai komm, déi ech net kannt hunn an irgendwann war et dann esou wait: Ech kruut Messagen vun aaneren lëtzebuerger Blogger.

Ech haat en ziemlech schlechten Daach an hunn do mol direkt, fein wéi ech sinn, all letzebuerger Blog, daat ech fonnt hunn, erofgemaach. Mat Erfoleg. Durno hunn se mech all kannt. Komeschweis huet et awer net laang gedauert, bis verschidde Leit mech gudd fonnt hunn. Leit, mat denen ech deemols gestridden hunn, sinn haut gudd Frenn. Dat klengt komesch, mä ech mengen déi meescht Begeignungen vun Leit, déi sech herno gudd verstinn, fänken mat Differenzen un. Dann sinn déi Saache scho mol geklärt an et kann een sech op méi wichteg Fakten konzentréiren wéi zum Beispill zesummen en drenken ze goen.

Mä net nemmen daat ass komesch. Et ginn an der letzebuerger Blogosphär vill Saachen, déi mir heinsdo dach e bessen Angscht maachen. Lo géif dann normalerweis den Deel kommen, an dem ech Beispiller nennen. Vlaischt hunn ech awer grad eppes besseres ze dinn. Zum Beispill ze twittern, daat ech graad un enger néier Episod Angscht a Schrecken schreiwen an se quasi als Premiere op engem Treffen vun Blogger a Bloglieser virliesen wärt. Oder, wann dir daat am Radio héiert, virgelies hunn. Oder, wann dir op dem komeschen Treffen vun Blogger a Bloglieser sidd, grad virliesen. Vlaischt sollt ech mir eng Kopie vun dem Grammairesbuch fir Zaitreesender kaafen, déi den groussartege Douglas Adams eng Kéier beschriwen huet. Dat géif mir och heinsdo hellefen, wann ech Saachen beschreiwen, déi ech maachen, währendem ech schreiwen, soen, währenddem ech Angscht a Schrecken anschwätzen oder héieren, wann ech et um Radio ofspillen.
Vlaischt géif et awer och just alles nach méi komplizéiert an nach méi schrecklech maachen.

Ech wollt eigentlech iwer komesch Saachen an der Blogosphär schreiwen. Respektiv Schwätzen. Vlaischt braischte mir einfach en Verb, daat ausseet, daat een eppes opschreiwt, waat een durno ausschwätzen wärt. Schreiwätzen oder sou.
Eng Saach, déi mech emmer erem bessen erstaunt an awer och färten deet, sinn Leit, déi sech an e puer Méint komplet wandelen. Déi haaten dann eng Zait laang e Blog op dem baal nemmen Blödsinn gepost gouf an deen een och nemmen doweinst gelies huet, well een wollt wessen, ob keen Blödsinn iwert een selwer am Internet steht. Well esou Saache soll et jo ginn.
An dann, ob een Schlag, schreiwen déi Leit just nach interessant, witzeg an wessenwärt Saachen an d’Internet. Wat jo awer komesch ass. Aus Leit, vun denen een eigentlech geduercht haat, duerch hier Publikatiounen hätt een een hallewegs gudd Bild vun hinnen, offenbaren ganz néi Saiten an ginn engem – ob manst e bessen – méi symphatesch.

Dann freet een sech, wéivill Leit nach gudd Saiten hunn. Vlaischt ass de Popst jo och en geniale Museker, den wonnerbar an intelligent Musek schreiwt, mä dovunner schwätzt nie een, well de Mann emmer nemmen daat falscht seet amplaatz einfach mol eng Kéier Musek ze maachen?

Dann tauchen och emmer erem komesch Leit op, déi an Kommentaren Radau schloen an déi komplett onbekannt sinn. Déi kommen all puer Deeg erem an schloe wéider Radau an den Kommentaren an dann verschwannen se erem a tauchen nie méi op. Wat mir perseinlech emmer e bessi Angscht mescht.

An letzebuerger Blogosphär ass ziemlech ennerschidlech,vun aaneren Blogosphären aus aanere Länner. Esou ged et zum Beispill baal keng Blogger déi iwer 30 sinn an normalerweis den greißten Deel vun de Blogs stellen. Déi mescht letzebuerger Blogger sinn Jugendlecher an Studenten. Do freet een sech dach, wiesou? Hunn Leit, déi zu Letzebuerg „matzen am Liewen“ stinn, naischt méi ze ziehlen?
Ausserdem kommen immens vill Blogger aus dem Osten. Wat jo esou gesinn och ziemlech komesch ass. An engem bessen Angscht mescht. Osten, daat klengt nie ganz gudd, eischter no knallhaartem Kommunismus oder Leit, déi vun hirem eegene Wain embruecht ginn, well deen komesch Gasen produzéiert huet.

Angscht a Schrecken ginn och grouss, wann Politiker ufänken, ze bloggen an sech dobai emständlech an immens komesch uleen. Zum Gleck waaren dat meeschtens nemmen Ausnahmen an vun denen richteg „decken“ huet nach keen unegfaangen, sech online auszeliewen. Dat géif wahrscheinlech ziemlech schrecklech ginn, nach méi schrecklech wéi wann Leit sech selwer als Maskotschen an der Navigatioun vun hirem Site hunn.

An esou begeinen engem Angscht a Schrecken all Daach, all Kéiers wann een den Computer u mescht. Mä vlaischt ged dat jo alles manner, wann een d’Leit „am richtege Liewen“ kennenléiert?