Angscht a Schrecken zu Parais

Fir vill Leit stellt den eischten Weekend am August eng grous Herausfuederung un hier Fähegkeet, Entscheedungen ze treffen. Wéi gudd Manager sech mussen Entscheedungen fir hier Firma treffen, esou mussen se sech zweschen engem Festival um Ierchternacher Séi an engem Waifest op der Mousel entscheeden.

Aaner Leit maachen et sech méi einfach an fueren den Weekend ganz einfach op Parais. Die franseisch Haaptstaadt ass ganz secher emmer eng Rees wert an ass ausserdem sait dem TGV just nach 2 Stonnen wech …


An do hunn d’Problemer eigentlech och schon ungefaangen. Ob engem sonnegen Samsden-Nometten sollte mir d’Ticketen kaafen goen. Ech setzen mech also, wéi esou oft an den Zuch. Et waar en belsche Modell, mat Abteiler fir sechs Persounen. Ech hunn engt fonnt, an dem ech alleng souz an waar och glecklech doriwer, well ech wollt liesen oder Musek lauschtren an a Rou geloss ginn.
Falsch geduercht. Een eeleren Mann huet sech bei mech an den Abteil gesaat an huet direkt ugefaangen mat mir ze schwätzen. D’Natur géif de Mensch eng Kéier zerstéiren, well „sie“ weilte jo alles freckt maachen. Den Obama, den wier net besser wéi de Bush, den Drecksaack. Hien hätt et mam Härz, an et wier jo och esou eng Hetzt. D’Natur géif de Mensch eng Kéier zerstéiren.
Angscht a Schrecken souzen mat mir am Abteil an hunn sech ennert de Setzer virun dem Mann verstoppt.

D’Ticketen kaafen waar dunn vill manner schrecklech. Eng Reduktionskaart fir déi Jonk wollt de Mann eis ouni Passfoto awer net ginn, also si mir e puer Deeg méi speit nach eng Kéier gaangen. Ech hunn een aanere Vendeur dunn gefroot, ob ech him d’Passfoto sollt ginn. De gudde Mann huet dunn gemengt: Oh, wann der se dobai hudd!

Dunn, op engem Samsdenmoie, deen vill ze fréih ugefaangen huet, huet sech eise baal schon gonzojournalistesche Grupp op der Gare an der Staadt getraff an ass, lues awer zielsecher, an den TGV geklommen.

Mat 350 km an der Stonn duerch franseisch Landschaften ze briederen, ass am Fong guer net esou spektakulär, ewéi et klengt. D’Acceleratioun kritt een baal net mat an Vitesse mierkt een esouwiesou net. Lo wärte vill Leit, déi gären an séieren Autoen rondremfueren, komesch kucken: Vitesse spiert een net. Just d’Acceleratioun kritt een mat. Och en Fluch mat engem Passagéierfliger, deen ronn 900 Stonnekilometer mescht, ass jo naischt immens opreegendes. Trotzdem ass et ziemlech impressionant, an knapp 2 Stonnen zu Parais ze sinn an dozweschend och nach 2 mol stoen bliwen ze sinn.

Vill ze vill midd si mir dunn direkt an de Metro geklommen an hunn eis Paraiser Sehenswürdegkeeten ungekuckt. De Louvre, dem seng Pyramiden nie een Tetraheder sinn, och wann et Leit gouf, déi daat behaapt hunn. Dofir ass den Arc de la Défense jo anscheinend en Tesserakt, also en véierdimensionale Würfel. Parais, d’Stadt vun de komesche geometresche Figuren?

Iert mir eis an postmoderne Geometriecoursen verlueren hunn, si mir leiwer daat Symbol fir Parais schlechthinn kucke gaangen: den Eifelturm. Gebaut fir just e puer Méint während der Weltaustellung an nach emmer net ofgerappt, ass een en Magnéit fir Touristen an Leit, déi Touristen belleg Blech-Mini-Eifeltierm fir 13 Euro verkaafen wellen. Daat meeschtens mat de Wierder „Bling Bling, treize Euro“

Verzweifelt hu mir dann eng Metrostatioun gesicht, déi komescherweis main Ticket eng zweeten Kéier ungeholl huet. Ech hunn geduercht: Yeah, lo hues du en mageschen Ticket, den eiweg geht an du kanns elo emmer an eiweg fir naischt mam Paraiser Metro fueren.
Déi nächste Kéier, bei där mir eis duerch eng vun denen komeschen Statiounen gedreckt hunn, wollt déi deen Ticket awer net méi. Esou waar daat just eng komescht Geschicht, déi duerch irgendeen Zoufall funktionéiert huet.

Iwerhaat, de Metro. Ech hun öffentlechen Transport, den gudd funktionéiert, jo immens gären. Den enzegen Problem mam „gudd funktionéiren“ ass, dat de Recht vun der Menscheet daat och emmer séier spatz huet an dann emmer alles immens voll ass, wat dann net méi esou gemitterlech ass. Irgendwann während mir eng länger Streck gefuer sinn, ass eng Fraa erangeklommen, déi een komescht Heft an der Hand huet. Sie huet sech als Clairvoyannte an Autorin vu Kannerbicher virgestallt an huet dunn ungefaangen, een komescht Lidd op enger mir onverständlescher Sprooch ze sangen. Bei der nächster Statioun waar se färdeg a mir konnten berouegt rausklammen. Ob der Stross stoung dunn en Mann haart ze jaizen, wahrscheinlech hire Mann.

Nom Check-In an engem klengen Hotel mat pompöser Tapéit um Montmartre, midden rondrem-setzen an op den check-in waarden an dem Akaaf vun zwou Fläschen Wain an engem Fläschenöffner hu mir eis an een Park gesaat an hunn eis um Wain an un der Sprooch vergaangen. Komescherweis huet de Wain eis dozou bruecht, all meiglech Sätz ausserhalb vum Kontext an enger sexualiséierter Form ze gesinn. „Et kennt bluddeg“ ass genausou onschelleg wéi „relax Spiller bei mir doheem“, wann een se net graad duerch d’Ouren vun engem Wain-User zu Parais héiert.