Angscht a Schrecken zu Amsterdam

Ech well nach eng Kéier drun erenneren, daat Angscht a Schrecken oft fiktiv ass an och wann et oft esou schengt, wéi wann déi héi erziehlten Geschichten direkt aus dem Liewen vum Auteur gegraff wieren, dem net emmer esou ass.

Amsterdam. Déi enzeg Haaptstadt an Europa, déi net zouglaich Regierungssetz ass. Kaum eng Staadt ged esou mat Drogen, Sex an Exzesser verbonnen. Ged et eng aaner europäesch Staadt, déi sech esou fir en gonzojournalisteschen Trip offréiert, wéi Amsterdam?
A waat fir e besseren Daach, fir op Amsterdam ze fueren, wéi 40 Joer no Woodstock?


Also an den Auto an no knapp 4 Stonnen an villen Warnungen vum Navigatiounsgerät, mir wieren ze séier ennwee sinn mir zu Amsterdam ukomm gewierscht. Wann een bis an esou enger grousser Staat ass, ass et schwéier, de Wee ze fannen, well et iwerall Einbahnstrossen an schlechte Satelitenempfang ged. Héi sinn schon Angscht a Schrecken opkomm. Mä net all ze laang, well irgendwann hu mir en Parkhaus an durno och eisen Hotel fonnt. Daat heescht, mir hunn eng Dier fonnt, déi hannert engem luschen Geldwieselschalter an engem schmuelen Hausagang luch. Op engem Ziedel mat schlechtem Englesch stoung irgendeppes vun enger Receptioun an engem aaneren Haus. Do si mir dunn hi gaangen an kruuten och de Schlessel fir eise Raum, den mir offensichtlech mat aanere Leit gedeelt hunn, wéi mir un Rucksäck an Kleeder op verschiddenen Better gesinn hunn.

Ech fannen et emmer erem komesch, waat fir Betrieber sech „Hotel“ nennen kennen an wéi verschidden dach d’Verdeelung vun de Stären sinn kann. Nach vill méi komesch fannen ech et, wann een no engem „Hostel“ sicht an dann bei engem Hotel rauskennt, daat awer eischter ausgesait wéi en schlechten Hostel.

Mä dat waar grondsetzlech mol egal. Mir waaren an engem vun Asiaten gefuerten Hotel an nach vill méi wichteg: mir waaren zu Amsterdam!
Also virdeischt mol raus, d’Stadt entdecken. Ob enger grousser Plaatz waaren allerlee Strossenkenschtler ze gesinn. Daat waaren virun allem Leit, déi sech als bekannt Figuren verkleed haaten an roueg do stoungen oder Fotoen mat de Leit gemaach hunn. Et waaren zum Beispill den Darth Vader an den Batman ze gesinn. Wiesou sech déi Leit virun allem als Figuren verkleed hunn, déi een schwaarze Kostum hunn an sech dann an d’prall Sonn stellen, hunn ech net ganz verstaanen.

Irgendeen Mellen mat laangen Hoer an enger Stemm, déi no vill Whiskey, Gauloise ouni Filter an Brennspritius geklongen huet, huet d’Leit bei sech geruff an mat secher schrecklecher Stemm irgendwelch konfus Geschichten erziehlt. Hien huet zwar vun sech behaapt, hien wier Féierschlecker, huet awer am Fong just geschwaat an d’Leit no bei sech geruff. Mir sinn relativ wait wech vun em stoen bliwen.
Irgendwann huet en gemengt, mir missten och no bei hien kommen oder mir sollten eis verpissen.
Angscht a Schrecken sinn méi grouss ginn. Wiesou stoungen esou vill Leit rondrem een offensichtlech Drogenverreckten, deen just haart jaizt an keen enzegen vun sengen ugekennegten Tricker mescht?

Mä Amsterdam ass net nemmen voller Meller, déi ob enger grousser Plaatz rondremjaizen, nee, Amsterdam ass och voll mat Hippien an Kifferen. An Leit, déi et gären géifen ginn oder et op manst interessant fannen. Dofir ass Amsterdam och voll mat Butteker, déi Hippie- an Kifferkitsch aus Plastik made in China un Touristen verkeeft, déi dann doheem erziehlen, sie wieren an engem Coffeeshop gewierscht an hätten echt Hanflimonad kaaft, mä do wier awer naischt dran.

Drogenkonsum un allen Stroßenecken. Iwerall an Amsterdam richt een daat, waat bei eis emmer nemmen an Policemeldungen an schlechtem Daitsch als „süßlicher Geruch“ beschriwen ged. Dofir richt een awer guer keen Zigarettendamp. Et ass e bessi esou, wéi wann een epes kriebserregendes, dreckeges, stenkeges mat eppes ersaat hätt, waat op manst mol guer net esou schlecht richt.

Drogenkonsum also. Mir huet daat komescherweis keng Angscht gemaach. Oder soen mir esou: D’Gewessheet, daat zu Amsterdam immens vill Leit rondrem laafen, déi irgendwelch Drogen geholl hunn an wahrscheinlech och oft net genuch Erfahrung mat denen Drogen hunn, fir mat denen Saachen, déi se graad erliewen, emzegoen, huet mir keng Angscht gemaach. Zu Letzebuerg hunn ech vill méi Angscht virun Drogenverreckten, déi op knaschtegem, blaiverseuchten Heroin hänken an mir Zännfleesch aus dem Mond kraatzen wellen, fir et un thailänesch Organhändler ze verkaafen, wéi ech zu Amsterdam Angscht virun irgendwelchen Drogenverreckten haat.

Zu Amsterdam kritt een legal net nemmen Gras an Shit, mä och divers Champgionen, Meskalin-Kaktussen, lusch Saachen wéi Kratom an wahrscheinlech nach genuch aaner psychoaktiv Drogen, déi déi komescht Saachen mam menschlechen Gehier maache kennen. Trotzdem muss een keng Angscht hunn. Konsumenten vun psychoaktiven Drogen verzeihen sech meeschtens an hier Kummer an blocken stonnenlaang op een Labyrinth-Bildschirmschoner oder Mandelbrotequationen.

Mir hunn eis entscheed, eng Glace z’iessen an eng Bootsfahrt duerch d’Kanäl vun Amsterdam ze maachen. Um Scheff hu mir dunn mol direkt geléiert, daat Kanäl zu Amsterdam Grachten heeschen an et der ongeféiher 23 Milliarden dovunner ginn. An ongeféiher genee esou vill Brecken. Amsterdam ass also net nemmen e bessi wéi San Fransicso, mä och e bessen wéi Vendeg. Just, daat während enger Bootsfahrt keen komesch sengt, mä just op 4 verschiddenen Sproochen emmer erem daat selwescht erklärt ged. Wat virun allem dann nerveg ass, wann een op manst 3 vun denen Sproochen versteht an no an no ufänkt, och nach déi hollänesch Erklärungen ze verstoen.

Mä mir hunn awer vill gesinn. Den scheinste Gracht. Den eelste Gracht. Den Gracht mat denen scheinsten Haiser. Een vun denen scheinsten Grachten. Déi schéinsten Breck. An natirlech daat schmuelsten Haus. Daat waar allerdengs net um Band, mä den Kapitän vum Scheff huet extra de Mikro geholl an eis alleguerten op daat schmuelsten Haus zu Amsterdam opmierksam gemaach.
Fréiher hunn an dem Haus drai Familien mat am ganzen 35 Kanner an dem Haus gewunnt. Haut wunnt just nach een Hamster dran.

An esou sinn mir wéider duerch Amsterdam gaangen, hunn Glacen giess, sinn Tretboot gefuer an hunn eis wichteg an schéin Gebaier ungekuckt. An well ech een Fan vum öffentlechen Transport sinn, huet meng Begleedung mir esou guer d’Freed gemaach, fir zwou Statiounen mam Amsterdamer Metro ze fueren. Eigentlech ass den Amsterdamer Metro guer keen richtegen Metro. Et sinn eischter Ubooter, déi duerch den Bulli fueren, ob dem Amsterdam gebaut ginn ass.

Zu gudder Lescht, kuerz iert mir gefuer sinn, waare mir dann awer och an een Coffeeshop. Deen komescherweis ausgesinnen huet wéi eng Meschung aus Waikiki-Hawaii-Bar an engem ofgestirzten Raumscheff. Schlecht Stemmungen. Hannert der Theik stoung de Chef, een Vietnames mat enger Glatz, deen düster dragekuckt huet an wahrscheinlech och een Weltraumnazi waar.
Irgendwann waar et Zait. Mir hu missen raus. Mir hunn missen heem. Mir hu missen bei d’Parkhaus. Ech hunn een Wee gesinn, deen direkt zu der Stross, an der Parkhaus waar, gefouert huet. Ech hu quasi em den Eck d’Parkhaus scho gellen liichten gesinn.

Komesch gemoetresch Formen. Vill véiereckeg Leit ennerwee.
Irgendwann sinn mir laanscht en Geschäft gelaaf, an deem et just een Buch ze kaafen gouf: irgendeen Scientology-Wierk. Un der Dir vun dem Geschäft stoung eng Fra, déi ob englesch Saachen geruff a gesongen huet an probéier huet, onschelleg Leit an de Buttek eranzeien, fir se Scientologygehierzewäschen.
An sie waaren genee ob esou Leit wéi mech aus. Ech hunn wahrscheinlech e bessen ausgesinn, wéi wann ech ob Drogen waar, well ech desorienéiert waar an probéiert hunn, daat blöd Parkhaus ze fannen. Ob Drogenverreckten an ausgebrannten Junkien huet se gewaard, fir se mat hirem komeschen Gesang eranzelackelen an se dann fir hire komesche Kult ze gewannen.
Ech sinn am leschten Moment ob d’Sait gesprongen.

Angscht a Schrecken haate mech. Grachten. Drogenverreckter an Drogenkonsum un all Strosseneck. Routliichtvéirel. Scientology. Féierschlecker, déi nie Féier geschleckt hunn. Orientéierungslos verluer zweschen Milliounen Grachten.

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar d’Flucht…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *