Angscht a Schrecken ob enger Hausaweiungsparty irgendwou am reenege Süden vum Land

Wann een eppes keeft, dann huet daat oft nach irgendeppes, daat engem net passt. De Geroch vun „néi“ ass net onbedengt emmer den Beschten. Och wann een sech mat dem chemeschen Damp, deen aus fresch gedreckten Bicher secher poppersarteg berausche kann, wann een d’Nues just déif genuch dra stecht, esou probéiert een dach meeschtens, den Geroch vun „néi“ lass ze ginn. Bicher kann een zum Beispill einfach ennert den Arm huelen, daat helleft meeschtens …


Mä waat mescht een bei Gebaier? Ech hunn ee Gebai kannt, daat huet nach een Joer nodeem et färdeg gebaut waar, no Faarw gestonk. Net nemmen bannen, mä och baussen. Et huet een gemengt, daat Gebai géif Faarwgeroch schweesen. An et si jo net nemmen néi Gebaier, déi richen. Et geht schon duer, daat een den Geroch vum Virbesetzer einfach schon erem fort ass, daat Haiser ufänken no Faarw an Mazout ze richen.
Et ged wahrscheinlech just eng enzeg Method, fir een Haus esou richen ze lossen, daat et seng Bewunner net stéiert: eng Hausaweiungsparty, op englesch och „House warming party“ genannt. An ob genee esou eppes waat ech agelueden. An déi Party sollt am reenege Süden vum Land iwwert Bühn goen.

Meteorologesch gebild an/oder tréi Nolauschter wëssen, daat den Süden vum Land de schwaarze Fleck op der Klimakaart ass. Well soen: Et ass do méi kaal an et reent méi oft wéi am Recht vum Land. Daat ass elo keen Minettebashing, mä einfach a simpel wëssenschaftlech Fakten, baséirend op empireschen Donnéen. Ech kann och naischt dovir.

Well ech numol net am reenege Süden wunnen, ass et fir mech emmer eng hallew Weltrees fir an méi oder manner grous Uertschaften an eben dem Süden ze kommen. An ech maachen, Ökohellegenschain verpflichtet, esou Reesen emmer mam Zuch. Wat och meeschtens ganz gudd klappt, och wann ech leider soen muss, daat meng Kentniss vun Zuchstrecken am Süden vum Land net esou gudd ass. Normalerweis ginn d’Uertschaften jo iwer Lautspriecher ugekennegt an während dem Daach gesait een jo och d’Schelder an d’Garen. Mä wann et dann daischter ass, keng Lautspriecher an d’Displayen einfach schwaarz bleiwen, da kommen Angscht a Schrecken op.

Ech wollt net graad aus Domheet irgendwou am postindustriellen Frankraich erausklammen, fir do vun enger Grupp letzebuergescher Drogenverreckter vergewaltegt ze ginn.
Ech hunn also telefonéiert, just fir vun engem Mann am Zuch gesoot ze kreien, daat déi Informatioun, déi ech um Telefon kruut, falsch waar. Daat ass de Problem, wann een Leit besiche geht, déi graad geplennert sinn. Déi kennen sech och nach net esou gudd aus.

Een Bleck no ennen bei d’Dir huet verroden, daat do en Vollert widdert d’Dir vum Zuch gepisst huet. Angscht a Schrecken. Herno luch de Mann um Teppech, deen sech lues a lues mat sengem Seesch vollgesuckelt huet. Mir hunn eng aaner Dir geholl, hunn eisen eidelen Sixpack Béier an d’Dreckskescht gehait an hunn d’ Instruktiounen op mengem Handy befollegt.

Verschidde Leit wärten sech lo wahrscheinlech virstellen, ech hätt esou een iPhone oder soss een komeschen Touchscreentralala aus der Täsch gezunn, hätt Google Maps opgemaach, d’Adress aginn , eng hallew Minut gewaard, an dann no all Schrett déi nächst Etapp ugeklickt, bis mir virun der Dir gestaanen hätten. Dem waar net esou. Ech haat meng Instruktiounen an besse manner wéi 160 Zeechen a konnt direkt lassgoen. Ech well net technikfeindlech eriwerkommen. Mä ech sinn eben e Frend vun einfachen, eleganten Léisungen.

Vir déi Leit, déi et net matkritt hunn: Ween an der Krise nach Souen haat an souwiesou irgendwann eng Kéier een Haus kaafe wollt, deen haat gudd dorunner, daat während der Krise ze maachen. Déi Banken, déi nach Souen haaten, waaren nämlech ganz gail drop, se och direkt erem lass ze ginn, well Zensen an secher Ulaagen an iwerhaapt, mir waare scho laang net méi am Casino. Des Lescht hunn ech een Artikel gelies, dee gemengt huet, Economie wier iwerhaapt keng Wessenschaft. Ech hunn daat interessant fonnt. Villaischt waar daat jo wierklech alles nemmen Humburg, genee wéi esou vill aaner Saachen, déi Leit als „Wessenschaft“ betruechten.

Eng Hausaweiungsparty also. Nach waaren net esou vill Leit do, mä daat sollt sech an denen nächsten Stonnen änneren. No engem relativ luesen Start ass et dunn irgendwann eppes ziessen ginn, waat den Alkoholkonsum an domadder och d’Stemmung gehuewen huet. Woubai ech net genee wees, ob d’Stemmung net och vilaischt den Alkoholkonsum gehuewen huet. Et ass schwéier.