Angscht a Schrecken bei der Flucht aus Lëtzebuerg

Fir Chreschtdaag waar ech zu Lëtzebuerg. Well och als aarme Student an Gonzojournalist soll een sou Fester mat der Famill féiren. Oder sech ob manst do de Bauch vollschloen. Durno kann een jo irgendwousch anescht féiren an de Leit do op d’Schong katzen, wann et onbedengt muss sinn …


Ech hu mech no all denen Feierdeeg mat enger gudder Frendin getraff, fir bessen ze potteren, waat bei him esou geschidd wier a waat fir néi Drogen ech ausprobéiert hätt an esou Geschichten. Daat, waat een eben esou schwätzt, wann een sech e puer Méint net gesin huet an gemitterlech jiddereen een Liter Glühwain drenkt.

Ech haat dunn och déi flott Geleegenheet, een Fan kennen ze léiren, deen ech net kann hunn. Interessanterwéis schengt et och Leit ze ginn, déi Angscht a Schrecken lauschtren, déi ech net perséinlech kennen. Daat mescht mir perséinlech Mut. An awer och e bessen Angscht, well je méi Leit mir soen, daat se meng Saachen gudd fannen oder no Autogrammer froen, emsou méi Angscht kréien ech, een arrogant Arschlach ze ginn.

Mä och den schéinsten Owend geht irgendwann op een Enn an irgendwann stoungen mir dunn e ganz e bessen ungeheitert an der Diekrecher Foussgängerzone. Irgendwou huet een aale Mann geblärt.

Ech fannen daat jo oft ziemlech erschreckend, wa Leit op der Stross jaizen. Meng zwee aal Bekannter Angscht a Schrecken krauchen dann gären aus hire Lächer. Ausserdem héiren ech sie dann net.
Mir hunn eis also lues a lues Äddi gesoot an de Mann, den geblärt huet, anscheinend een staadtbekannten Alkoholiker, ass méi no komm, huet haard geblärrt an ass duerch d’Stross getorkelt. Wéi een zoufällegerweis virun eis stoung, huet en mai Fan gefroot, ob hien Letzebuerger wier.
Angscht a Schrecken si méi grouss ginn.

Di gudd Frendin an ech sinn wiedergelaaf. Den aale Mann ass irgendwann widdert eng Mauer vun engem Haus gelaaf an ass net méi viru komm. Mam Gesiicht widdert der Mauer huet en geblärt “Jo, deen aalen Holzmichel! Jojo!”.

Et huet ugefaangen, liicht ze schnéien. An ech wosst: daat enzegt, waat elo nach géif hellefen, waar d’Flucht. Net nemmen virun dem Mann, net nemmen aus Diekrech, nee: ech hu missen aus Letzebuerg eraus.

Den Daach drop souz ech um Findel op main Fluch ze waarden. Ennerwee fir dohinner waar ech engem Bekannte begéint. Waat jo och flott ass, well vun der Gare an der Staadt bis op de Findel ass et ongeféiher eng hallew Stonn mam Bus, wann een do een fir ze schwätzen huet, ass daat immens virdeelhaft.

Ech well mech héi ganz konsequent dogéint ausspriechen, ze fléien. Net nemmen, well een oder eent den Ökohellegenschain fir 2 Wochen wechgeholl kriit, mä och, well et oft besser Alternativen ginn. Lo kéint een soen: ech wees net waat un 14 Stonnen Zuch besser soll sinn, mä mat e bessen Gonzo-Spirit ass daat alles vill besser.

[GONZO SPIRIT: elo och an der 500-gramm Dous! GONZO-Spirit: daat richtegt Mettel fir all déi, déi professionell komesch sinn!]

Mam Fligger fléien huet awer onbestreitbar seng Virdeeler. Net nemmen, daat een schnell dohinner kennt, wou een well, nee, et ged een och nach verwinnt. Déi allermeescht Leit um Fluchhaafen sinn schaissfrendlech an et erwaard een sech emmer, daat se een froen, ob een net nach Fritten dobai well. „Är Bordkaard wannechglift. Wellt dir Fritten dobai?“

Déi eenzeg Leit, déi net esou frendlech sinn, sinn Secherheetsbeamten. Haut muss een jo frou sinn, wann een net an een Plackegscanner gestach ged. Oder se engem Sonden an den Arsch stierchen, fir rauszefannen, ob een keen Plastiksprengstoff am Daarm huet. Wann een mat engem internationale Zuch fier, ged een nemmen mat vill Pech no sengem Pass gefroot. Well een mat engem Fliiger fleien, muss een ongeféiher 5 mol beweisen, daat een een selwer ass an net welles huet, den Fliiger, mat deem een selwer flitt, an d’Luucht ze sprengen oder ze entfeiren.

Obwuehl ech daat mam entféiren jo e bessen verstoe kann. Wann een zum Beispill um Fluchhaafen mierkt, daat een vill leiwer géif op Amsterdam wéi op Strossbuerg fleie géif an zoufällegerweis eng Waff dobai huet, déi zoufällegerweis an der Kontroll keen gesinn huet, géif ech et verstoen, wann een de Fligger entféire géif. Mä daat kennt jo eischter seele fir. Vilaischt kéint een vill sou Fäll schon domadder verhenneren, daat een seng Ticketen virum Gate selwer nach géint ee klengen Obulus embuche kéint? Oder daat se all denen Leit, déi op Strossbuerg fléien, eng Tiichten Gras offréiren?

Wann een et dann bis an de Fliiger gepackt huet an sain Setz fonnt huet, sech mat denen komeschen Gurten ugestreckt huet, kennt eng eeler Damm a mengt, et géif een op hirer Plaatz setzen. Ech hun der Dame dunn frendlech den komeschen Nummeréierungsystem vun der Luxair erklärt an konnt setze bleiwen, mä d’Damme huet mech emmer esou béis gekuckt, wéi wann ech just net hätt wéilten opstoen. Dobai haat ech deen Setz online gebucht an bezuehlt. Waat sollt ech do anescht maachen wéi setze bleiwen?

Ausserdem waar ech schon ungestreckt. An wann een sech am Fliiger bis eng Kéier ugestreckt huet, muss een och all déi komescht Zidelen, Secherheetskaarten an Magaziner, déi virun engem am Setz hänken, liesen an een Fernstudium mat engem „Bachelor of Flight Security“ ofschleissen, iert een se erem opkritt.

Ech hu keng Angscht virum Fléien. Ech geneissen et meeschtens, besonnesch de Start. Vill méi Beschleungegung kréien déi mannste Leit an aanere Situatiounen ze spieren. Mä des Kéier waar et anescht. Virdeischt ass de Fliiger schampoonéiert ginn, mat Frostschutzmettel. Fir all déi Leit, déi et net wessen: daat ass daat, waat am Wain sou schlecht schmaacht an de Kappwéi mescht.
Da souzen ganz hannen am Fliiger zwee Proffen, déi déi ganzen Zait immens haard iwert hier Schoul, hier Schüler a Schüllerinnen an hier Arbeschtskollegen an -kolleginnen gelästert hunn.

An da beschleungt de Fliiger. Hiewt oof. Ech hunn daat dommt Gefill, graad elo e Flashblack ze kréien. Iert ech mech froe kann, vun waat eigentlech, gesinn ech minutelaang Schaum, deen d’Fenster roof leeft. Ech froe mech, wéi daat si kann daat do esou vill Schaum roof leeft. Ausserdem bletzt et all puer Sekonnen. Fléie mir ieren duerch een Donnerwieder? Esou no um Bueden?
Angscht a Schrecken ginn méi a méi grous. Daat enzegt, waat ze héiren ass, sinn déi zwee Proffen, déi net ophaale kennen, ze schwätzen.

Nodeems de Schaum all roof waar, ech gesinn hunn, daat déi Bletzer a Wierklechkeet Luuchten um Enn vun de Flilecken sinn, ech een Keisbreidschen an een Glas waisse Wain (Pinot Blanc) kruut, hunn ech beschloss, daat ech geif een Science Fiction Hörbuch lauschtren. Daat waar och ganz flott, just daat ech am Hannergrond nach emmer zwee Proffen héiren hunn, déi iwert sämtlech Leit an hierer Schoul gelästert hunn.

Angscht a Schrecken haate mech. Wiesou hunn déi Leit déi ganzen Zait esou haard geschwaat? Géifen och sie als blärend Alkoholiker an de Strossen vun Diekrech endegen? Wou ass de ville Schaum hierkomm? An virun allem: Wiesou huet déi Damme vis a vis vu mier nach emmer sou beis gekuckt?

Daat enzegt, waat elo nach gehollef huet, waar op d’Landung warden. An den mp3player nach e bessen méi haard dréinen.