Angscht a Schrecken ob enger vill ze roueger Party

Ufank Juli zu Wien. D’Enn vum Summersemester. No deene leschte Prüfunge sinn déi meeschte Leit och schon an der Vakanz. Et schéngt, wéi wann Wien esou schrecklech wär, dat all Mënsch direkt flüchte muss. Ech verstinn net wierklech, wisou dem esou ass. Wien ass och am Summer kulturell absolut ze recommandéieren, et gi vill Parke mat Schied, an deenen een deeglaang sëtze kann, ouni all ze vill ënnert der Hëtzt ze leiden …


Mech stéiert jo éischter den Fussball, dem ech mech kaum entzéie kann. D’Internet ass voll domadder, an kaum een Gespréich kennt ouni eng Remarque iwwert een „absolut gaile Goal“ aus. Sécherlech een Grond fir ze flüchten, mä ech fäerten, Wien ass nach eng relativ harmlos Plaz wat Futtballwahnsinn ugeet.

An esou hunn ech mech mat vill Nostalgie vun engem Semesterofschlosspicknick zu dem nächste Fest gehetzt, hunn ville Leit Äddi gesot, mat deenen ech eigentlech nach gären an Rou geschwat hätt. Ech géif mir bal eng obligatoresch Woch Vakanzenufang zu Wien fir all Studéirend wënschen. An esou war ech dann och deslescht op eng Party agelueden, déi saisonal passend ënnert dem Motto „Good-Bye“ stoung.

Et war Owes, d’Sonn ass lues awer sécher ënnergaangen an ech wosst, wéi ech misst goen. Ob mannst ongeféier. Et gouf elo keng Excuse méi, fir net ze goen. Ech hunn also kéimend meng lescht Dous Béier aus dem Frigo geholl an hu mech op de Wee gemaach.

Esou een Spadséiergang duerch Wien ass ëmmer eng interessant Saach. An sief et nëmme wéinst de Strossenimm. D’Altmüttergasse ass nieft der „Blaastraße“ eng vu menge Favoritinnen. Ech sinn dann natierlech och laanscht een Café getrëppelt, virun deem Leit op der Terrasse souzen an Männerfussballweltmeeschterschaft gekuckt hunn. Ech hunn den, wéi den Max Goldt géif soen, „Zauber des Seitlich daran Vorbeigehens“ bewonnert an sinn an eng Niewegaass agebéit. Ob een mol: Gebläers. Ee klenge Moment duecht ech, et wier eppes schlëmmes geschitt an meng Fäegkeeten als Gonzojournalist a Weltretter wiere gefrot. Dunn ass mir kloer ginn, dat „just“ een Goal gefall war an d’Leit dofir esou wéi um Spiess gebrëllt hunn. Witzegen Detail: d’Kannerstëmmen ware mat e puer Sekonne Verzögerung ze héieren.

D’Schell vun dem Haus, an dem d’Party stattfanne sollt, huet komesch gesurrt. Esou een elektrescht Brummen, wéi wann iergendwou een Wackelkontakt an der Kommunikatiounsanlag dra wier. Ech drécken op d’Schell mat der Nummer Siwen. Ech héieren eppes, komesch, lusch Geräischer versteire mech, mä et ass keng mënschlech Stëmm ze héieren. Ech drécken nach emol. Eng Stëmm mellt sech, ech soe mäin Numm a ginn era gelooss.

D’M., wat d’Party organiséiert huet, huet eng grandios Wunneng. Dat éischt, wat ech gesinn, wéi ech erakommen, ass eng groussformateg Porno-Foto an enger gëllener Rumm. Ech hunn mech net getraut, ze froen, wat dat sollt. D’Wunneng selwer ass herrlech verfénkelt an um Gang hänke Fotoe vun iergendwelleche Protester aus den 1960er Joeren. D’M. mécht mir als alleréischt en Cocktail. Ech drénken een White Russian. Net, well ech déi esou gären hunn, mä well ech nach ni een gedronk hunn. An ech froe mech, wéi vill Leit, déi all hir Kollegen ëmmer „Dudes“ nennen, scho mol een gedronk hunn. Mëllech oder Rahm, Wodka, Kahlúa. Ee gudde Start fir een extrem komeschen Owend.

Ech hu mech an d’Stuff bei déi aner Partygäscht gesat, vun deenen déi meescht dobäi waren, Twister ze spillen. Stomm ass de Fernseh mat Futtball gelaf, dee keen esou wierklech interesséiert huet. Wisou awer just dräi Hären Twister gespillt hunn, hunn ech net verstanen. Och net, wisou schon zu engem Zäitpunkt, wou nach keen esou richteg voll war. Interessant och d’Geschicht vun Twister. Et ass an den USA eréischt populär ginn, nodeems et an enger Fernsehsendung gewise ginn ass. Duerno ass d’Firma, déi Twister produzéiert huet, vun hire Konkurrente beschëllegt ginn, „Sex an enger Këscht“ ze verkafen. Wisou dat eng schlecht Saach sollt sinn, weess ech och net.

Et war schwiereg, an d’Gespréich ze kommen. Net, dat d’Leit net hätte wéilte schwätzen, mä anscheinend waren se alleguerten ze midd, fir laang an komplizéiert Diskussiounen ze féieren. Den Alkohol, mëttlerweil a Form vun Äerdbierbowle, huet natierlech dozou bäigedroen.
Angscht a Schrecke souze wahrscheinlech hannert mir. An hunn all Mënsch esou erféiert, dat keen sech getraut huet, eppes ze soen.

E kuerze Liichtbléck gouf et, wéi aus Konschtfell Bäert an Schnurresen ausgeschnidden an opgepecht gi sinn. Fir déi Leit, déi schon een Baart haten, gouf et Déirenouren. Ech hunn mir een laang geheegte Wonsch erfëllt an hunn Kaatzenouren opgesat. An hunn probéiert, eng eescht Minne dozou ze maachen. Contenance ass an esou Situatiounen oft een wichtege Charakterzuch.

Iergendwann si méi Leit komm an déi ganz Geschicht huet sech an d’Kiche verlagert. Wisou, konnt keen esou richteg erklären. D’Kiche war kleng, verfénkelt an et gouf net genuch Still. Trotzdem hunn sech d’Leit dohi gedréckt. Ech hunn am Ufank geduecht, et hätt iergendeppes mat illegalen Drogen ze dinn, mä dem war net esou.

Komescherweis huet sech déi ganz Party op e puer Zëmmer verdeelt. Et gouf also 2,3 Privatpartyen an verschiddene Kummeren. Wat net wierklech dozou bäigedroen huet, dat et zu méi Kommunikatioun komm ass.

Ech hu mech mat enger Persoun iwwer Südfrankräich ënnerhalen. Wat ech no e puer Méint an Éisterräich séier gemierkt hunn: Iwwer Frankräich schwätze kennt gutt un. Besonnesch iwwer Südfrankräich schwätzen. Nach besser ass: Driwwer schwäermen an geleeëntlech e puer franséisch Ausdréck benotzen an se direkt drop erklären. De selwechten Effekt kritt een och, wann ee ganz niewebäi bemierkt, dat een Lëtzebuerger ass. Well dat awer mat der Zäit langweileg gëtt, schwäermen ech och ganz gären iwwert Südfrankräich.

Mir sinn erëm an d’Stuff geplënnert an hunn do zu puer Leit een Spill gespillt, dat wéi Scrabble mat Wierfele funktionéiert huet. Leider war et net hallef esou spannend wéi Scrabble an dofir awer dräimol méi komplizéiert. Et war wahrscheinlech och eng immens gutt Idee, dat ganzt ze spillen, wéi een Joint rondrëm gaangen ass.
Ech huelen net un, dat d’Konkurrenz der Hierstellerin virgeworf huet, „Angscht a Schrecken an enger Këscht“ ze verkafen. Se hätt awer Recht gehat.

Ech hunn op een Mol op d’Toilett missen. Do houng en Portrait vum Pobst Jang-Pol den Zweeten. Angscht a Schrecken um Schäisshaus.
Wéi ech erëm vun der Toilett raus komm sinn – ech schwieren, ech war net méi wéi fënnef Minutten drop, war d’Wunneng eidel. An der Stuff war kee méi, am Gaang stounge keng Leit méi an och soss war kee méi ze gesinn. Eng midd Persoun huet mir erklärt, d’Gaschtgeberin wier schlofe gaang. Angscht a Schrecken hate mech. Wou waren d’Leit all hin? Wisou war jiddereen an jiddereent elo scho gaangen? An virun allem: Wien huet dat schrecklecht Wierfelspill erfonnt?

Ech hunn mir en grousse Grapp Kiischtekamelle gegraff an si geflücht. Op mannst war d’Temperatur elo eenegermoossen agreabel. D’Schell an den Kommunikatiounsapparat deen drun ugeschloss war, huet nach ëmmer komesch gebrummt.