Angscht a Schrecken fir zereck an de Grand-Duché vun der Angscht

Et ginn Zäiten, do ass Flucht aus den 2586 km², déi sech Lëtzebuerg nennen, déi enzeg richteg Optioun. Dann ass et och egal, wou een hi geet, haaptsaach fort.
Mä da ginn et awer och Zäiten, do ass et ubruecht, zeréck ze kommen. Esou Zäiten sinn zum Beispill Chrëschtdaag, wou et definitiv keng schlecht Idee ass, heem ze kommen, ze friessen an ze saufen an durno op engem iwwerfellten, eklegen Baal frieme Leit op d’Schong ze katzen.

Summer ass och esou eng Zäit. A grousse Stiedt gett et onmosseg wäerm, an d’Hetzt zidd och an der Nuecht net eraus. Wann e Pech huet an och mol keen Wand geet, ass et schwiereg, iwwerhapt Ofkillung ze kréien. An genee esou ass et mir gaangen …


Irgendwann haat ech es genuch. Keng Loscht méi, dauerend Äistéi maachen ze mussen, fir irgendwéi um Liewen ze bléiwen. Also hunn ech entschloss, ech géif probéiren an de Nordwesten ze kommen, atlantesch-ozeanescht Klima an sou Geschichten.

En Fluch, wéi déi läschten Kéier, konnt ech mir net erlaaben. Mäin Ökohellegeschäin ass ze wichteg a blënkeg, an ausserdem ass Fléien mat der nationaler Fluchgesellschaft vill ze déier. Een Auto hunn ech net, cf. Ökohellegeschäin. Also sinn nach Zuch an Trampen bliwwen. No engem kuerzen Bleck op d’Präislëscht vun der „Österreichischen Bundesbahn“ hunn ech een längere Bleck op Internetsäiten geworf, déi erklären wéi Trampen esou geet an op wat fir Strossen een gutt Trampen kann.
Ech hunn dunn iwwerluecht, wéivill Gepäck ech hätt an dat ech dat net onbedengt immens wäit wéilt matrondremschleefen an hunn an de sauren Apel gebass a mir een Zuchticket bestallt. Lëschterweis kann een bei der ÖBB just Zuchticketen bis Saarbrecken bestellen. Och wann een Lëtzebuerg agett, et kennt emmer nëmmen een Ticket bis Saarbrécken. Angscht a Schrecken sinn opkomm. Viru mengem geeschten Aan ass eng saarlänesch Jamaikakoalitioun Amok gelaaf an huet d’Grenzen zum Grand-Duché zougemaach.

13 Stonnen Rees. Ech hu mech wahnsinneg gefreet. Besonnesch wëll d’Rees moies um 6 géif lassgoen an ech an deenen Deeg virdrun ni méi fréi wéi um 5 Auer am Bett wor. Ech hunn also entschloss, d’Nuecht duerch ze maachen an dann am Zuch ze schlofen. Een perfekte Plang. Zousätzlech zu der Middegkeet vun engem ganzen Daag apaacken an läscht Saache klären géif ech nach Alkohol drenken, fir d’Middegkeet nach ze verstärken.

Nodeems ech gefillten 12 Deeg gebraucht hunn, fir meng Sportsposch mat gefillten 12 Tonnen Kleeder anzepaacken an all mäi Klengkroom, deen ech onbedengt géif brauchen, an een Rucksaack gedreckt haat, war et och scho baal Zäit fir goen. Ech hunn mäi Gefrupps an Gedrénks an déi läscht fräi Plaatzen gedreckt an sinn op den Zuch gaangen.

Ennerwee hunn ech wéi verreckt no mengem Ticket gesicht. Ech haat mir en natirlech zwee mol rausgedreckt. Déi zweet Versioun luch secher ennert all menge Kleeder. Ech wollt déi wierklech just am Noutfall rauskrommen. Zum Beispill wann de Schaffner beim Versuch se ze kontrolléiren a be mol Nuesbludden géif kréien, esou dat den Ticket voll mat Blutt wier. Oder wann ech meng Habseelegkeeten géint duerchgedréint Drogeverreckter verteidege misst an meng eenzeg Waff een hoffentlecht schaarft Steck Pabéier mat mengem Ticket drop wier.

Ech hunn den Ticket natirlech fonnt, mä hunn dräi mol missen kucken, iert ech mir d’Nummer vum Waggon a vu menger Sëtzplaatz gemierkt haat. Ech wees, ech hunn virun e puer Episoden nach behaapt, et wier jo langweileg, d’Setzplaatzen net ze reservéiren, mä ech wollt Schlofen, a Schlofen kann ee virun allem dann gutt, wann een eng Sëtzplaatz reservéiert huet.

Zwanzeg fir Siewen. Den Zuch sollt all Moment fueren. Ech hunn mech kammoud an de Sëtz vu mengem Heichvitessezuch gesaat an eng Bécks Béier opgemaach. Aus mengen Kopfhörerern ass eng Oper komm. Den Klassik-Kanal vum ICE geet net op d’Batterien an berouegt d’Nerven.
D’Leit hunn e bessi komesch gekuckt. Mir sollt et egal sinn.

Wat blöd um Klassik-Kanal am ICE ass: d’Duerchsoen kommen extra-haard duerch d’Kopfhörer. Ech muss net soen, wéi schrecklech „Zänk iu vor traweling wit Deutsche Bahn“ ass, wann een et zwanzeg mol muss héiren. All Kéiers, wann ech irgendwelch interessant Dreem iwwert Drogen a schéin plackeg Mënschen haat, huet mech d’Stëmm vun engem gelangweilten Schaffner, deen mech iwwert de Bistro an der Mëtt vum Zuch informéire wollt, erwäscht. Angscht a Schrecke sinn opkomm.

Trotzdem hunn ech een gutt Steck vun der Streck bis Frankfurt geschloof. Do hunn ech missen emklammen a hu beschloss, den nach fehlenden Ticket vu Saarbrecken op Lëtzebuerg ze kaafen. Den Automat huet de Bus vun Saarbrecken op Lëtzebuerg natirlech net kannt. Ech hu mir, wéi beim Metzler, eng Nummer gezunn an drop gewaard dat ech géif drukommen. Zesummen mat ronn 60 Leit, vun deenen e puer der ausgesinn hunn, wéi wann se iwwert dem Waarden eng Famill gegrennt a Kanner kritt hätten.
Angscht a Schrecken fueren am léifsten mam Zuch.

Glécklecherweis kruut ech mäin Ticket esou just nach mat Zäit a konnt berouegt op Saarbecken fueren. Do hätt ech geenee 4 Minuten fir de Bus ze erwëschen. Net onméiglech, awer och net graad déi relaxten Aufgab.
Irgendwann huet sech een decken, no Tubak sténkenden eelre Mann nierft mech gesaat. Et waar ee klengen Regionalzuch, deen komescherweis Tabloen un all Setz haat. Ech waar extrem midd an de Mann huet genuschelt, mä ech si mir sécher, dëse Saatz héiren ze hunn:
„Hier kann man ja einen Joint drehen, hehehe!“
Ech hu frëndlech gegrinst a näischt gesoot. Drogeverreckt aal Leit, déi sech geigesäiteg „Schatz“ nennen (seng Frau souz op der aanerer Säit vum Gang) an däitsch Iwersetzungen vum Balzac liesen sinn mir … suspekt. Fir et frëndlech auszedrecken. Wann Angscht a Schrecken eng mënschlecht Gestalt hätten, ech wéist ziemlech genee, wéi se géifen ausgesinn.

Den Zuch ass roueg duerch déi westdäitsch Pampa gefuer. D’Zäit ass äiskaal géint mech gelaaf. Ech wosst, dat mäi Plang, einfach ze schlofen, net méi géif opgoen. Angscht a Schrecken haate mech.
Firwaat kann bei der Deutschen Bahn anscheinend kee Mënsch englesch? Wiesou kann een an Eisterräisch keng Ticketen fir a Lëtzebuerg kaafen? Misst ech meng jämmerlech Possesiounen mat engem schaarfen Blat Pabéier, op dem mäin Ticket gedreckt wier, géint Drogeverreckter verteidegen? A virun allem: Géif ech de Bus op Lëtzebuerg nach kréien?

Dat enzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht aus dem baal nach fuerenden Zuch op der Gare vu Saarbrecken …