Angscht a Schrecken mat enger Pizzakëscht

Et ginn Deeg, do fillt een sech richteg gutt, an dach leeft alles schif. Oder et fillt een sech gutt, obwuel lauter komesch Saachen passéieren an et huet een iergendwéi awer een schlecht Gewëssen.
Esou een Daach hat ech deslescht, an net wéineg vun dem Ongléck steet an Verbindung mat enger Pizzakëscht …

Mä ech zielen d’Geschicht am Beschten vun vir un.
Wéi déi meescht Nolauschterinnen wuel wëssen, moderéieren ech eng Radiossendung um Radio ARA. An do geet och schon heiansdo eppes schif. Also net nëmmen dat mir technesch Pannen hunn, komesch Musek spillen oder tuddelen. Heiansdo schwätze mer eise Gäscht dran oder sinn onkoordinéiert. An Dat deet ni gutt. Mir op alle Fall net. Also sinn ech mat engem komeschen Bauchgefill aus der Sendung eraus gaangen.

Bei een Optiker. Net, well ech hätt missen dohinner, ech gesinn nämlech nach gutt. Also, wann ech mäin Brëll ophunn. An et ginn wéineg Situatiounen, an deenen ech den Brëll net ophunn. Dacks halen ech en en esouguer an Dusch un, fir ze gesinn, wat fir een Shampoing ech mir an d’Hoer schmieren. Normalerweis hunn ech eng Dusch fir mech alleng, mä et ginn awer och Situatiounen, do steet een enger ganzer Batterie vun Fläschen mat Shampoing, Duschgel, Conditioner, Buedsalz an Whirpoolbotzmëttel entgéint. Ouni Brëll géif ech do liicht dat falscht huelen an herno hätt een komesch Produiten an den Hoer. An wien weess, wat dann mat mir, mengen Hoer oder menger Kapphaut passéiere géif? Eventuell géif ech herno ausgesinn wéi den Billy Corgan. An vläischt och esou nasal schwätzen wéi hien sengt, well déi gëfteg Dämp vum Whirlpoolbotzmëttel meng Stëmmbänner a Fränjelen gerappt hätten. Dann halen ech mäi Brëll léiwer op.

Mir sollten also meng bescht Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass, bei den Optiker siche goen. Natierlech war hat nach net fäerdeg, wéi mir virum Buttek stoungen, Do steet een also virun enger Optikerin an kuckt liicht ungepiss an de Buttek. Engersäits, well mir hu misse waarden, anerersäits, well mir hu missen am Reen waarden.

An dat ass dach e bëssi eng gelungen Situatioun. Net nëmmen fir een selwer, wann en net gewinnt ass granzeg ze kucken an villäicht och fir d’Leit am Geschäft. Déi mengen dann, et stengen Terroristen virun der Dir, déi een Attentat plangen. Oder sou eppes. Geféierlech Radiosmoderatoren an hier Frënn gesinn jo och ëmmer e bëssen esou aus wéi eng Terrorzell.

Mir hunn kuerzerhand entscheet, eng Taass Téi drénken ze goen.
Iwwert dem Téi-Drénken hu mir dunn entschloss, eng Pizza iessen ze goen. Pizza ass eppes zimlech guddes, an et sollt een eng gutt gemaachten Pizza net ënnerschätzen. Woubäi ech och heiansdo Loscht op eng Tiefkühlpizza hunn. Fir up to date ze sinn, wat den aktuellen Standard vun der chemescher Liewensmëttelindustrie ass. Analogkéis, Deeg aus Carbonfaseren an Tomatenzoss aus aler Faarf oder sou.

Pizza also. Mir souzen enger Terrasse, ob der ech graff virun engem Joer glatzkäppeg Männer als Nazien identifizéiert hat. Et huet net méi gereent, d’Pizza war bestallt an den Aperitif stoung schon do. An et huet op mannst esou ausgesinn, wéi wann dës Kéier keng Nazien do séissen. Wat géifen Nazien och an engem italieneschen Restaurant maachen?

Eng Persoun aus eiser klenger Grupp huet hier Pizza net gepackt an huet vun engem gonzojournalisteschen Optrag am Gronn geschwat. Dat waren zwee gutt Grënn, sech d’Pizza apaken ze loossen. Iwwerhaapt sollt een sech Iessen, wat een net packt, ëmmer apake loossen. Da gëtt et net ewechgehäit an et kann een doheem nach eng Kéier a Rou genéissen, wat am Restaurant ze vill war. En plus kritt een d’Saachen an lëschteg kleng Këschten verpaakt.
Dogybag soen d’Leit, well een soss ëmmer gesot huet, et wier fir den Hond. Ech fannen, et muss een sech net schummen, ze grouss Portiounen net ze paken an se och net ewechgehäit wësse wëll. Am Fong ass dat déi normaalste Saach vun der Welt. An Däitschland hunn se esouguer en „Winebag“ erfonnt, fir den net gedronge, deiere Wäin mat heem ze huelen. Wisou nëmmen sollt een Angscht dofir hunn, duerno ze froen? Wouhier kennt nëmmen déi „Du muss alles op dengem Teller iessen“-Mentalitéit? Angscht a Schrecken tauchen aus gesellschaftlechen Ofgrënn op.

Déi Persoun ass gaangen an huet mir d’Këscht mat nach bal enger ganzer Pizza an d’Hand gedréckt. Op eng gonozjournalistesch Missioun kéint een natierlech keng Pizzakëscht mathuelen. Ech wees net, ob dat allgemeng esou stëmmt. Dacks ass et gutt, eng Pizzakëscht dobäi ze hunn, besonnesch bei laangen Missiounen. Ausserdeem kann een d’Këscht als Waff gebrauchen, wann et haart op haart kennt. Mä ech verstinn awer och all Mënsch, de keng Pizzakëscht ënnert dem Aarm wëll hunn, wann en op eng Missioun geet.

Mir sinn also vun do un mat der Pizzakëscht rondrëm gaangen. An dat ass dach scho komesch, wann een sech an een Café setzt an nieft engem läit déi Pizzakëscht. D’Leit kucken, well se mengen, et hätt een sech eppes fir z’Iessen mat bruecht, obwuel et an dem Café och eppes z’Iesse gëtt. Angscht a Schrecken.

Net laang, an déi Persoun, déi d’Pizza net ganz gepackt hat, stoung erëm virun eis. Ech hu grouss Aen gemaach. Wat war passéiert? Den Kontakt, mat dem déi Persoun hätte sollten treffen, souz ganz hannen an dem Café am Eck. An ass net op den Handy gaangen. Esou hunn se béid eng Stonn openeen gewaart, während se am selwechte Café souzen an sech net begéint sinn. Eng louche Stëmmung louch an der Loft. Angscht a Schrecken sinn wéi decke Niwwel duerch de Grand-Duché gewandert.

Do souze mer also mat der Pizzakëscht. An Angscht a Schrecken hate mech. Wouhinner mat der Këscht? Wéi konnt een sech an engem klenge Café am Gronn verpassen? Wisou hu Leit Angscht, sech d’Iessen am Restaurant apaken ze loossen? Géif ech meng Hoer verléieren, wann ech eng Kéier déi falsch Fläsch an der Dusch erwëschen? An virun allem: Wat géifen Nazien an engem italieneschen Restaurant maachen?