Angscht a Schrecken op engem komeschen Elektro-Concert an den Iwwerreschter vum Kulturjoer 2007

Heiansdo deet e bëssi Kultur ganz gutt.
An sief et nëmmen een ganz mondänen Concert mat elektronescher Musek. Esou een sollt sech ofspillen am Exit07, den leschten Iwwerreschter vum sougenannten „Kulturjoer 2007“, och bekannt ënnert dem Numm „D’Joer vum bloe Hirsch“. 2007 gouf et vill blo Hirschen, e bëssi Kultur a vill bloe Schampes. Deen ass ënnert anerem an enger Bar mam Numm „Exit07“, deen un d’Rotonden zu Bouneweg ugebaut war, servéiert ginn.

Um Enn vum Kulturjoer hunn se dunn erausfonnt, dat de Buedem ënnert de Rotonden gëfteg wier an keen méi dohinner dierft. Genee esou gëfteg war och den bloe Schampes, deen elo net méi däerf gedronk ginn. Dat eenzegt, wat also nach bliwwen ass, waren blo Hirschen, déi keen wollt an en Café an deen keen huet dierfen eran …


Also hunn se de Café einfach op enger anerer Plaatz erëm opgebaut. Am CarréRotondes. A genee do, net wäit wech vun der berühmt-berüchtegter Hollerescher Stross (cf. Episod #5) sollt een Elektro-Concert sinn.

Lo ass elektronesch Musek een vast Feld, an et ass schwiereg ze definéieren, wat dann elo wat fir een spezielle Genre ass. Besonnesch dann, wann een net esou an der Musek doheem ass. Fir Experten ass et vläit keen Problem, dat alles auserneen ze halen, mä ech di mir do oft schwéier. Dofir gëtt et eng international gonzo-journalistesch Konventioun: wann et gutt klengt, gëtt et „Elektro“ genannt. Leider hält sech net all Mënsch dorunner, heiansdo gëtt Elektro och mat „c“ geschriwwen, genee wéi se fréier Tekkno mat „k“ geschriwwen hunn. Je méi „k“-en den Tekkno hat, je méi haart war een. Fir kuerz een Vertrieder vu schlechter elektronescher Musek ze zitéieren: „I feel hardcore.“

Wéi mir virum Exit ukomm sinn, huet eis schon eng Mataarbechterin vun Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA, gewénkt. Ech hunn mäin üblechen Sproch lassgeloss.
„Et kann ee jo néirens higoen!“
An dat ass wouer. Et kann een zu Lëtzebuerg effektiv néirens higoen, ouni lauter Leit ze begéinen, déi ee kennt. Heiansdo ass dat flott, meeschtens sinn awer och Leit drënner, déi een éischter net wéilt gesinn.
D’Mataarbechterin vu Graffiti huet gezielt, et hätt Yoga am Mudam gehat, dofir wier et elo hei. Dat muss en sech mol virstellen, Yoga am Mudam. Do setzen dann Leit wéi den Kommissär Balzer an lackere Kleeder zwëschen moderner Konscht an maachen komesch Übungen. Wisou een dann um aneren Enn vun der Staat optaucht, hunn ech net verstanen. Et huet wahrscheinlech eppes mat schlëmmen psychoaktiven Drogen ze dinn. Angscht a Schrecken stoungen och virum Exit an haten Loscht, wéi wëll op Tekkno ze danzen. Tekkno mat 15 „k“ geschriwwen.

Mir haten net net nëmmen ee Stoff-Lemur dobäi, deen meng bescht Frëndin, dat de Nolauschterer net onbekannt ass, op de schéine Numm „Wurstfachverkäuferin“ gedeeft huet, mä och 2 Liter Wodka-Sprite-Mix a Plastiksfläschen, de mir schnell hu missen drénken, iert mir konnten era goen. Während dems krute mir d’Geschicht vum Antonov, enger Kaatz mat Blosenentzündung gezielt an hunn driwwer raisonnéiert, dat et fir den technologeschen Fortschrëtt Schued ass, dat de kale Krich eriwwer ass.

Endlech dobannen ukomm hu mir gemierkt, dat guer näischt lass war. Een gelangweilten DJ huet langweileg Musek opgeluecht. Et souzen e puer Hipster rondrëm an hunn gelangweilt dra gekuckt. Mä dat maachen Hipster jo ëmmer. Et ass een net hipp, wann een net gelangweilt dra kuckt, och wann een am léifsten vu Freed jäizen wéilt.

Iergendwann ass de Concert dunn och lass gaangen. Meng bescht Frëndin, dat de Nolauschtererinnen net onbekannt ass, huet mat sengem Frënd an der Wurstfachverkäuferin Walzer gedanzt. Ob den Elektro. Soss stoungen d’Leit just rondrëm an hu probéiert méiglechst cool auszegesinn. Et ass komesch, ewéi wéineg op Concerten zu Lëtzebuerg gedanzt gëtt. Wahrscheinlech hunn Angscht a Schrecken esou wëll an ongenéiert gedanzt, dat sech keen aanere méi getraut huet.

Dräi Bands sollte spillen, dofir war all Concert zimlech kuerz an schon no e puer Lidder sinn d’Luuchten ugaangen an et war Paus. Mir sinn vun eiser gemittlecher Fotell opgestanen an sinn raus gaangen, fir ze fëmmen. Wéi een dat eben esou mëscht, wann ee mat Leit ënnerwee ass, déi fëmmen. Ee gutt gebauten Museker huet eis ugebueden, eis nom Concert heem ze féieren, während een Zeecheproff eis erklärt huet, mat wéi engen Strofen hien seng Schüler a Schülerinnen géif traktéieren. Gedichter an Ägyptescht Hieroglyphen iwwersetzen oder 100 Bürosklameren op engem Koup ofmolen. Do sinn Klassiker wéi „Das Innere eines Tischtennisballes“ jo nach richteg harmlos dogéint.

Déi zweet Band war am Fong just een Batteur, deen net ob, mä virun der Bühn gespillt huet. Aus wat fir engem Grond och ëmmer. Dat huet esouguer e puer Hipster dozou beweegt, mat de Féiss ze wackelen an heiansdo mam Kapp ze wénken. Nieft mir huet een um Canapé geschlof. Och meng Aen sinn ëmmer méi schwéier ginn, bis d’Luuchten alt erëm u gaangen sinn. Angscht a Schrecken si méi grouss ginn.

Während der leschter Band sinn ech gefrot ginn, ob ech géif mat bis op d’Toilett kommen. Ech hunn hat gekuckt a gesot: „Do kann ech awer net mat eran!“
No e puer Erklärungen ass mir kloer ginn, dat et just ëm de Wee gaangen ass. Virun der Toilett stoung ech ze waarden. Een Typ, den op seng Frëndin gewaart huet, huet probéiert erauszefannen, a wat fir engem Glas méi Alkohol dra wier. Ech sot, dat wier dach esouwisou alles Limonad. Hien sot dorobber:
„Nee, et ass alles Äschen! Äschen mat Äis! An ech kann och iwwert Waasser goen!“
Dunn huet en den Moonwalk gemaach.

Angscht a Schrecken hate mech. Yoga am Mudam. Antonov, d’Katz mat Blosenentzündung. Onintresséiert Hipster. Mënschen, déi virum Exit um Buedem léien. Komesch elektronesch Musek.
Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht mat engem giganteschen Won vun engem gutt gebaute Museker …