Angscht a Schrecke beim Usträichen

Heiansdo muss een och als Gonzojournalist Saache maachen, déi een normalerweis net géif maachen. Saachen, wou een sech dreckeg mécht an vun deenen een kierperlech midd gëtt. An domadder mengen ech net all méiglech an onméiglech Droge konsuméieren an da lallend duerch d’Landschaft ze lafen. Nee, ech mengen haart kierperlech Aarbecht …


Usträichen ass elo net grad Beem fällen oder an enger Uranmine an Sibirie mat bloussen Hänn an just mat engem dënne Stoffduch bekleet no radioaktive Metallen ze gruewen, mä et ass trotzdem zimlech ustrengend, virun allem wann ee näischt gewinnt ass. Beem hunn ech zwar véier Joer vu mengem Liewen zimlech regelméisseg gefält, mä dat ass eppes aneres.

Wann een un Usträichen denkt, denkt ee meeschtens: Yuhu, Faarf un d’Mauer pinselen, dat mécht Spaß, et gesäit een wat een mécht an et ass e bëssi esou wéi een risegt grousst Molbuch. Ech hunn als Kand Molbicher gehaast. Ech hu vill léiwer op wäisse Pabeier gemoolt, do konnt ech menger Phantasie fräie Laf loossen an hunn net missen iergendwellech blödsinneg Biller faarweg molen, déi mir dach net gefall hunn. Ech hat e Molbuch vun dem 80er Joere Fantasy-Film „Willow“. Dat hat schon een grujelege Cover mat Doudekäpp an Bletzer. Ech ka mech net erënneren, je een eenzegt Bild an dem Buch gemoolt ze hunn. Allerdéngs muss een dobäi och soen, dat ech dat mam net iwwert de Stréch molen och net esou gutt konnt an dofir eng Affinitéit zum „Freestyle“ hat.

De groussen Denkfehler, dee vill Leit virum Usträiche maachen, ass net drun ze denken, dat et Plaatze ginn, wou keng Faarf däerf hikommen. An déi mussen ofgepecht ginn. All Steckdous, Luuchteknäppchen, Dierrumm, Heizkierper a Mauslach muss uerdentlech mat liicht erofzekreiendem Pesch ofgepecht ginn. Dann muss een de Buedem mat Zeitungspabeier, oder, nach besser, mat Plastikfolie ofdecken. Dat selwecht mat deene Miwwelen, déi een net aus dem Raum erausréckele kann. Duerno gesäit den Raum dann esou aus wéi an der amerikanescher Serie „Dexter“, wann den Protagonist seng Affer ëmbréngt, ouni Spueren ze hannerloossen.

Mir wollten awer Spueren hannerloossen an hunn also ugefaangen, Faarf un d’Maueren ze bréngen. Dat klengt dann och scho mol méi einfach wéi et am Endeffekt ass. Vir d’éischt huet een ze vill Faarf um Rouleau, deen sech dowéinst net dréint an just laanscht Mauer schruppt. Mat e bëssi Chance drëpst dann erëm Faarf erof, genee op déi eng Plaz, déi een net uerdentlech ofgepecht hat. Zum Beispill de Liederscanapé, Ierfstéck an wann d’Bommi dat gesäit, kann een de Recht vum Ierwe vergiessen. Angscht a Schrecke setzen an all Drëps Faarf.

Dann, wann een de Rouleau dozou kritt, ze dréinen, fiert een ongeféier d’Gréisst vun engem A4-Blat laang gutt an dann ass schon erëm ze man Faarf drop. Et dreckt een dann eben e bëssi méi fest. Fir een weidert A4-Blat geet och dat iergendwéi, an da kann een just nach Schmierereien maachen. Et zappt een de Rouleau also erëm an d’Faarf an d’Spill fänkt vu vir un.

Lo wier dat net esou ee Problem, mat e bëssi Übung kritt een et hin, och emol fënnef Minutte laang Faarf un d’Mauer ze drécken, ouni de Rouleau erëm an den Eemer zappen ze mussen. Angscht a Schrecke kommen dann esou richteg op, wann ee mierkt, dat Faarf sech total onregelméisseg verdeelt. Et mécht een, ouni et ze wëllen, kubistesch Mustern do, wou een eigentlech gären eng normal unis-faarweg Fläch hätt. Dann dréckt een méi fest, well een hofft, dat géif hëllefen, mä da kennt d’Faarf vun deene leschten dräi Joerhonnerten an zentimeterdecken Scheiwen erofgefall. Never change a running system, géifen d’Informatikerinne soen, mä elo hate mir schon ugefaangen.

Mir geschéien dann och ëmmer Saachen, déi soss kengem passéieren. An vun deenen een denkt, se dierften eigentlech esou reng physikalesch iwwerhaapt net méiglech sinn. Ech hunn een Raum ugestrach an dem eng grouss deck Kork-Pinnwand houng. Fir e bëssi Faarf an den Raum ze kréien, hu mir decidéiert, d’Pinnwand rout ze molen. Eng Kollegin huet vir d’éischt d’Mauer ronderëm wäiss ugestrach. Ech hunn also duerno just nach d’Pinnwand rout molen. Dat huet esou laang gutt funktionéiert, bis op een Mol een roude Fleck op der wäisser Mauer war.

Angscht a Schrecken hate mech.
Wéi konnt dat sinn? D’Pinnwand huet e puer Zentimeter erausgestanen. All Drëps déi erofgefall ass, huet mengem – zougeginnermossen relativ ageschränktem – Verständnis vu Physik total widdersprach. Wisou gëtt et nach ëmmer keng efficace Methoden, fir een Raum unzesträichen? A virun allem: War de Rastamann iergendwou hei?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. Mä virdrunn net vergiessen, d’Pinsele gutt ze wäschen …