Angscht a Schrecken bei enger Vëloscourse

Et ass net ëmmer einfach, zu Lëtzebuerg ze wunnen. Virun allem, wann Tour de France ass an zoufälleg Leit mam lëtzebuergesche Pass matfueren. Dat wier jo net esou schlëmm, wann da net de Nationalstolz op mannst Doubel esou grouss wéi soss de Mannerwärtegkeetskomplex géif ginn.


„Mir gewannen den Tour de France“ soen d’Leit. Mat „mir“ mengen se een vun de Gebridder Schleck. Déi den Tour zwar net gewonnen hunn, mä „Sieger der Herzen“ gi sinn. Den zweeten ass den éischte Verléierer, heescht et dacks. Dat hält de Grand-Duché awer net dovunner of, an engem Mier vu Fändele mam Roude Léiw ënnerzegoen. Wat d’Woope vum Grand-Duc mam Tour de France ze dinn huet, hunn ech nach net esou ganz verstanen, mä loosse mer net esou klenglech sinn.
An iwwerhaapt, kéinte meng Nolauschterinnen elo soen: Du kucks dat jo ni, wisou reegs de dech iwwerhaapt driwwer op?

Mol ofgesinn dovunner, dat ech Nationalismus a Patriotismus fir zimlech geféierlech halen an ech en Iwwermooss vu national Symboler an Zäite vu rietsem Terrorismus an Europa net onbedéngt fir pietéitsvoll halen: Ech hunn mer eng Etapp ugekuckt. An dat mol net express.

Et war op mannst déi drëtt ALLESENTSCHEEDENT Etapp. Dat huet Sportsjournalismus wuel esou u sech. Alles muss ëmmer op mannst esou spektakulär an epesch sinn wéi de Film „300“. Ni geet et ëm de Spaass oder net vill, mä ëmmer héiert et sech esou un, wéi wann et op mannst ëm d’Zukunft vum Universum géif goen.
A Wierklechkeet fuere e puer Männer mam Vëlo e Bierg erop. Also, vir d’éischt sinn se e Bierg erof gefuer, wahrscheinlech fir Ulaf ze huelen. Dat war net immens spektakulär. Um Fernseh ginn et lauter Ablendungen. Zäit op deen, den de giele Maillot huet. Ofstand vun enger Grupp op déi aner. Virtuellt Klassement. Ech fannen, se kéinte kleng Sonden op all Vëlosfuerer planzen, déi stänneg d’Bluttwäerter mossen an déi um Fernseh weisen. Dat géif déi ganzen Doping-Geschicht och méi transparent maachen. En plus kéint een sech da pensionéiert Coureure spueren, déi iergendeppes vu Laktose am Blutt sabbelen.

Esou wäit, esou verwirrend. Et huet een bei esou eng Liveiwwerdrohung net ëmmer den Iwwerbléck, wien vir a wien hannen ass. Well esou interessant déi Ablendungen all sinn, se kommen ëmmer zum falschen Zäitpunkt. Esouvill Plaatz ass eben net op engem Fernseh, wann een d’Vëlosfuerer och nach well gesinn. An heiansdo e bëssi Landschaft. Ech géif dat alles jo méi oft kucken, wann se méi Landschaft géife weisen. Wat interesséiere mech Vëlosfuerer, wann et interessant franséisch Skigebidder am Summer ze gesi gëtt?

Mä iergendwann war et dann awer spannend. Angscht a Schrecken. Hunn ech dat wierklech geduecht? Ech wollt mech mat der Fro net befaassen. Ech hunn op de Fernseh gekuckt – an et huet mech wierklech interesséiert, wat do geschitt ass. Wéi konnt dat sinn? Géif ech mir lo och een Fändel mam roude Léiw ëm d’Schëller bannen an mat fräiem Uewerkierper gröhlend duerch d’Stroossen tierkelen? Angscht a Schrecken hate mech. Dës Kéier misst ech d’Flucht vläicht um Vëlo untrieden …