Angscht a Schrecken bei enger Danzveranstaltung am MUDAM

Schon an der Episod 63 vun Angscht a Schrecken hunn ech mech iwwert de MUDAM an déi ëmmer méi a Vergiessenheet gerodend Bezeechnung „Péimusée“ mokéiert. De Mudam féiert elo 5 Joer an imitéiert den Gildo Horn: Mudam loves you. An dem Kontext, oder och guer net, well dat ass bei moderner Konscht ni esou ganz kloer, gouf et eng Danzveranstaltung am Mudam. Oder soe mer et esou: Talentéiert Leit hu Musek a Visuals gemaach, zu deenen en hätt kéinten danzen.


Mä ech erzielen d’Geschicht am Beschte vu vir un:
Als Gonzojournalist sinn ech natierlech fir esou Musek-Visuals-interessant-Architektur-Kombinatiounen empfänglech. Dowéinst hunn ech mech op de Wee gemaach. Mam Bus op de Kierchbierg kommen, dat war an ass nach ëmmer eng Lotterie, well vun deene gefillten 10 Linnen, op deenen „Kierchbierg“ steet, fueren der villäicht 2 dohinner, wou een hi well. Ech sinn also bei der europäescher Investitiounsbank erausgeklommen. An du bei de MUDAM getrëppelt. De Kierchbierg ass nach ëmmer eng Baustell. Mëttlerweil ginn et nieft Büroen do och Caféen an Geschäfter. Iergendwann komme vläicht gescheit Leit drop, dat een do och kéint Wunnenge bauen, sou dat net jiddereen ëmmer mat komesche Buslinnen dohinner fuere misst.

Virum Mudam stinn e puer Beem, an deene Lautsprecher houngen. Ech duecht e Moment: ass et dat lo schonns? Et ass allerdéngs zimlech cool, sech duerch esou een mini Park ze beweegen an dobäi Computerspillähnlech Musek ze heiren. Ech mengen domadder keng Gameboymusek, mä déi opwenneg, vun 2.klassege Symphonieorchesteren agespillt Computerspillmusek.

„Become a MUDAMi“ begréisst mech dat Gebai, dat a mengem Pass op all Säit gedréckt ass. MUDAMi, dat klengt e bëssen wéi mäin Nonumm. Kuerz denken ech driwwer no, ob ech dem Mudam eng Kooperatioun oder eng Klo soll undréinen, mä ech verwerfen de Gedanken dann erëm.

Op enger Art Scheiterhaufen stinn eng Hellewull Vullenhaisercher. Dat gesäit impressionant aus. Drënner läit Stréi. Ech denken, dat Stréi ass extrem wichteg, well doduerch richt et an dem deieren Musée wéi an engem Stall. An dat mëscht aus eppes, wat een och mam Liewenswierk vun engem Messie hätt kéinte verwiesselen, Konscht.

Den Evenement selwer war zimlech louche. Also, d’Musek war wierklech gutt. „Alice in Knrrtzzland“ war den Titel an deen huet gutt gepasst. Och d’Visuals waren interessant, virun allem ass de Publique ëmmer erëm drop opgetaucht. An déi zwou Saache wiere jo cool gewiescht.

Se wieren och nach an engem „en ass esou deier gewiescht dat en an de Pass muss“-Musée cool gewiescht. Wier do net de Publique gewiescht. Gelangweilt Banker, bei deene mer oppasse sollten, dat se net eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Bret Easton Ellis sengem „American Psycho“ produzéieren. Hipp Konschtleit, déi entweder sou zougedröhnt waren, dat se näischt vun der Musek matkritt hunn oder esou hipp an cool waren, dat se keng Gefiller hunn dierfe weisen.

Iergendwou am Keller vum Mudam hunn Angscht a Schrecken op hirer grousser Uergel vun der Panik gespillt. Dat Leide war hiert doheem. Am Mudam sinn d’Poser-Idealer vun der ech-wier-esou-gären-eng-Groussstadt-Lëtzebuerg mam béierlech-ländlechen Hues-de-schon-héiren openeengestouss an hunn eng ideal Atmosphär fir meng zwee al Bekannte geschaf. Grad de Mudam! Och dat huet wéigedoen.

E läschte Bléck op Leit, déi sech Mullen als chic hors-d’oeuvre servéieren hu loossen.
Angscht a Schrecken hate mech.

Dat eenzegt, wat lo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht an komesch italienesch Restauranten an philosopesch Gespréicher iwwer Lëtzebuerg.