Angscht a a Schrecken zu Frankfurt

Et gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet.
An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.


Mir setzen zu Frankfurt virun der Gare um Bueden. Zuch verpasst. Grënn dofir ginn et der genuch, wann sech vill Klengegkeeten opsumméiren kann dorausser eng mëttelgrouss Katastroph ginn. Esou ass et op de Finanzmäert, an esou ass et och bei Zuchreesen. Passend, an der Finanzmetropole um Bueden ze setzen an sech ze froen, wat een elo mëscht. Gläichzäiteg fueren se op der Bourse Achterbunn, schlëmmer wéi op der Fouer.

Meng zwee al Bekannten Angscht a Schrecken tauchen op. Well mir net wëlles hunn, um Buede setzen ze bleiwen, si mir opgestanen an hunn eis en Hostel gesicht. Glécklecherweis war direkt vis-a-vis vun der Gare een. Normalerweis sinn ech net esou de Frënd vun de Bezierker rondrëm Garen. Dat sinn meeschtens déi Platzen, op deenen sech Drogenverreckter an aner lusch Gestalten ophalen. An virun sou Leit hunn ech Angscht. Dat ass keng rational Angscht.

Am Fong hunn ech méi Angscht viru Leit am Costume, déi op der Bourse an an heigen Glaastierm komesch Saache maachen, déi ech nëmmen usazweis verstinn. Déi si nämlech menger Meenung no méi geféierlech wéi déi allermeescht Drogenverreckter. Mol ofgesinn dovunner, dat et extrem vill geféierlech Drogenverreckter ënnert deene ganze Banken- an Bourse-Leit ginn. Besonnesch zu Frankfurt, heescht et.

An dach. Et bleift ee komescht Gefill rondrëm Garen. Joerelaang Noriichten iwwert Drogeverreckter an Messerpickereien an Gaare-Quaritieren héieren hannerléisst seng Spueren.
Nieft dem Hostel war een Sexshop. Dofir hat den Hosteln awer den eenzege fuerenden Spiggelkabinet vun Europa. Wat näischt guddes war. Eis midd Gesiichter hunn sech onendlech gespigelt, ëmmer an ëmmer erëm. Am Fong misst virun dem Lift e Schëld hänken: NET ERAKLAMMEN, wann dir halluziogen Droge giess hutt. Zum Gléck hat de Nomëtten zoufällegerweis kee vun eis halluzionogen Droge giess.

Frankfurt also. Finanzmetropol. Et gëtt am Fong näischt ze kucken. Et sief dann, et steet een op protzeg phallussymbolhaft Bankentierm. Ech hunn eropgekuckt an mir geduecht, do géife lo op mannst e puer Banker a Bankerinne setzen, deenen ech schlecht geet, well se vill Suen op der Bourse verluer hunn. Villäicht géifen déi den Owend heem goen, iergendwou an enger vill ze chiquer Bar e Wodka-Martini (Doubel, ouni näischt) drénken an ze sinnéieren ufänken. An vläicht géif deen een oder aneren den komesche System, no deem eis Welt sech dréint, a Fro stellen.
E klengen Triumph zwëschen all dem Glas a Beton.

D’Europäesch Zentralbank huet een ellenen plastiks Eurozeechen virun der Dir. Aus ellenem bloe Plastik mat klenge giele Plastikstären.
Eng Bank, déi sech wahrscheinlech alles kéint kafen, wat et iwwerhaapt um Konschtmarché gëtt, well se d’Suen dofir einfach selwer drécke kann, stellt sech dann esou eppes virun d’Dier. Wisou net direkt eng chinesesch Winkekatze aus gëftegem Plastik? Oder e Hirsch, deen an der Nuecht neonblo liicht?

Angscht a Schrecken hate mech. D’Finanzkris huet sech an engem ellenen iwwerdimensionéiertem Plastikseurozeechen materialiséiert.
Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. An den Quartier rondrëm d’Gare vu Frankfurt …