Angscht a Schrecke mat enger Fläsch Wodka am Wiener Nuetsliewen

Et klengt ëmmer alles esou einfach. Do ass déi Party, do ass eng aner, mir kucken dann emol, wou mir higinn. Mir mécht dat schon Angscht, wann ech et nëmmen héieren. Well esou einfach ass meeschtens dach net …

Vir d’éischt trefft een sech an der Wunneng vun enger Persoun an geet da weider. Ech war nach ni an der Wunneng a hu missen hin fannen. Um Telefon hunn ech d’Adress net ganz verstanen, mä um Plang huet et dann esou ausgesinn, wéi wann et just eng Strooss an der Géigend géif ginn, déi mat engem „H“ ufänkt. Ech maache mech also op de Wee dohinner an probéieren ënnerwee nach emol no ze froen, ob ech et richteg verstanen hätt. D’Strooss war eng aner. OK, och kee Problem. Soll ech nach eppes matbréngen, froen ech méi aus Héiflechkeet wéi wierklech mat der Intentioun, eppes matzehuelen. Natierlech, gären.

De russesche Buttek huet nach op. Dat ass komesch, well déi meescht Geschäfter maache Samschdes fréi zou, an Éisterräich ass een eben nach kathoulesch. Ech ginn eran an den zimlech eidele Buttek an fannen eng Fläsch Wodka fir 6 Euro. Eng al Fra setzt bei der Kees, ee Mann steet op enger Leeder a fleckt iergendeng Luucht.

Ech bezuelen de Wodka a gi gefrot: „Du wollen probieren fshikfdfidg?“
Ech maachen een dommt Gesiicht an hoffentlech och e gudden Androck.
„Ist mit Kartoffel und Fleisch.“
Ech soen Nee Merci, ech well och keng Tut, well ech hunn ee Rucksak. Ech maachen d’Fläsch trotzdem net dran, well ech mir iwwerleeën, ob et net besser wier, direkt eng Schlupp ze huelen. Mat der Fläsch an der Hand fannen ech de Wee och, kréien direkt mol e Kaffi an eng Bécks Béier, mir iwwerleeën an der verfëmmter Kichen, déi gläichzäiteg och Buedzëmmer ass, wat mir den Owend maachen. Ech kenne weder d’WG-Party nach d’Party vun den Uni-Gréngen, dofir ass et mir egal. Vläicht sinn ech och dofir, einfach d’Fläsch Wodka ze drénke bis et net méi wichteg ass, iergendwou hin ze goen.

No der halwer Fläsch Wodka ass dach wichteg, nach iergendwou hin ze goen an mir setzen eis an d’Ubahn, wou mir iwwer iergendeppes diskutéieren. Vläicht doriwwer, dat et ganz praktesch ass, an der Nuecht mat der U-Bahn fueren ze kennen. Vläicht och iwwert eppes ganz aneres. Bei Burggasse-Stadthalle klamme mir eraus. Komescherweis hu ganz vill Ubahn-Statiounen zu Wien Doubelnimm. Stadthalle oder Burggasse géif duer goen, genee esou wéi „Michelbeuren“ oder „AKH“ duer goe géifen. Mä anscheinend well een extra-kloer sinn. Kloer ass och de Wodka, an Wodka mécht hongereg, also séier eng „Pizzaschnitte“ giess an da weider op déi komesch WG-Party.

Déi ass an enger grousser Wunneng. Et stinn eng Millioun Puer Schung am Gang an ongeféier genee esou vill Jackette léien donieft. Nodeems mir eis Schung ausgedoen hunn an eng Bécks Béier aus der Buedbidde gefëscht hunn, sti mir virun engem ofgeseete Bamstamm, an deen et gëllt, ee Nol anzeschloen. Mat der spatzer Säit vun engem Hummer. Mir als fréiere Baamschüler kennt dat zwar bekannt vir, mä laang mécht dat net Spaass. An enger klenger Kummer fanne mir Leit, déi Kaarte spillen. Dann heescht et: An der Wunneng wunnt e Lëtzebuerger. Deen muss ech elo natierlech sichen. Wisou, dat weess ech net méi genee.

De Lëtzebuerger heescht Neckel oder Jang oder Pit an spillt Darts am Gang. Mir schwätze kuerz doriwwer, dat mir allen zwee Lëtzebuerger sinn, an dann entschléisst sech meng Begleedung fir d’Flucht. Mir sichen déi aner Persounen, déi mat eis komm sinn an soen, mir géife lo op d’Party vun deene Grénge goen. D’Fläsch Wodka ass nach zu engem Véirel voll. Ëmmerhin.

Angscht a Schrecke komme kuerz op, well mir verdächtegt ginn, enger Persoun hir Schung geklaut ze hunn. Nodeems sech erausstellt, dat déi Persoun hir Schung nach huet an just voll ass, gi mir. Allerdéngs ass eng Persoun bliwwen. Si wéilt danzen. Wou et an der Wunneng Plaz fir danze ginn ass, hunn ech ni erausfonnt, mä d’Liewe bleift jo nëmme spannend, wann et e puer Geheimnisser ginn. Genee dofir huet d’Kierch och déi helleg Dräifaltegkeet erfonnt. Eppes wat kee versteet an immens komesch klengt, dat hält d’Leit bei der Staang. Iwwregens hunn ech um Wee bei déi Gréng kuerz gemengt, den Toni ze gesinn. Konnt dat sinn? Konnt den Toni zu Wien sinn? Angscht a Schrecken si méi grouss ginn …

Déi Gréng op der Uni heeschen an Éisterräich „GRAS“. Dat ass eng Ofkierzung a steet fir Grüne Alternative Studierende“. Si reegen sech ëmmer e bëssi kënschtlech op, wann een no leet, dat hire Numm eppes mat Kiffe kéint ze dinn hunn. Wéi kéint een nëmmen dorobber kommen?

Mir sinn bei engem Gothicclub laanscht komm. Ech wollt do onbedéngt eran, mä leider war den Entrée ze déier. An dunn war Wodkasfläsch eidel. Bei engem gréngen Haus si mir stoe bliwwen. An hu gemierkt, dat mir falsch waren an erëm zeréck missten.

An engem Bannenhaff stoungen Akafsweenercher mat Alkohol, banne konnt een iessen. An Leit hu Musek opgeluecht. Mat „opgeluecht“ mengen ech: Se hunn se vu Youtube aus op eng grouss Anlag gespillt. Ech hunn dat nach ëmmer net verstanen, wisou esou vill Leit dat maachen an sech net vun iergendwou Musek a gudder Qualitéit besuergen. Mä bon: d’Stëmmung war gutt, Leit hu gedanzt an esouguer ech hu mech konnte bei dem engem oder anere Lidd austoben.

Iergendwann hate mir es du genuch a wollte goen. Dat huet wéi ëmmer méi laang gedauert wéi néideg. Op e mol huet d’Musek sech gedréint. Kommunistesch Arbeschterlidder sinn gelaf an d’Leit hunn all haart matgesongen. „Ohje“ hunn ech geduecht an meng zwee al Bekannter hunn genee esou haart matgesonge wéi de Recht.

E Kolleg vu mir wollt sech eng Fläsch Rum aus dem Akafsweenchen huelen.
„Du kanns deenen dach net einfach eng Fläsch Rum klauen!“
Hien huet mech e bëssi erstaunt gekuckt an sech eng Fläsch Béier fir den Heemwee geholl.
Ech hunn d’Fläsch Rum geholl a mir si gaangen.

Angscht a Schrecken hate mech. Wisou hunn déi Leit kommunistesch Lidder gesongen? War den Toni ieren ze Wien? Wisou ware mir dem Schongklau verdächtegt ginn? A virun allem: Wisou war d’Fläsch Wodka schon eidel?

Dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht. D’Flucht an existenzialistesch Gespréicher iwwer Léift an Sexualitéit um Heemwee.