Angscht a Schrecken zu Hendaye

Munch gonzojournalistesch Missioune verlaange laang Reese vun engem. Esou sinn ech duerch hallef Europa gereest, ëmmer mam Zuch, ëmmer op der Sich nom europäeschen Alpdram. Geland sinn ech zu Salamanca, wou déi zweet eelst Uni an Europa steet. Sou schéin an scho bal summerlech et do och war, iergendwann hunn ech missen zeréck. Zil sollten d’Radio ARA-Haaptquartéirer zu Lëtzebuerg sinn. Vu Salamanca op mannst 14 Stonnen Zuch, mat zweemol ëmklammen.

Ech sinn also moies zu Hendaye, op der spuenesch-franséischer Grenz aus dem Zuch getrollt an wollt an een TGV ëmklammen. Vir deen, esou ass mir erklärt ginn, géif et awer keng Tickete méi ginn. Den nächste sollt an véier Stonne fueren …


Véier Stonnen an engem Fëscherduerf am franséische Baskeland.
Meng zwee al Bekannter sinn wahrscheinlech hei opgewuess. Mir ware vir d’éischt mol frustréiert an hunn eis op eng Bänk an der klenger, kaler Gare gesat. Wéi op Bestellung ass d’Police komm an huet direkt mol eis Päss kontrolléiert. Ee jonke Mann, dee mat enger Wolldecken do souz, hunn se matgeholl. Hendaye war keng gutt Plaz. An de 60er hätten se wahrscheinlech gesot: Schlecht Vibratiounen.
Mir sinn also du mol e Kaffi drénke gaangen. Dat ass gaangen, dat konnt een hei maachen. Am Hannergrond ass eng Moiessendung um Fernseh gelaf. Ech konnt mech net drop konzentréieren. Mir hu probéiert iwwer Politik ze schwätzen. Mä et ass net gaangen. Ech konnt kee kloere Gedanke faassen. Eventuell géife mir zu Paräis keen Zuch méi op Lëtzebuerg kréien. Esoulaang mir aus dem komeschen Duerf rauskéimen, war mir dat nach bal egal.

Mir sinn also e bësse spadséire gaangen. Vläicht géife mer d’Mier gesinn. Nodeems mir rondrëm der Gare keng Bank mat Bankomat gesinn haten, huet de Recht vum Duerf just aus Banken, Blummebutteker an Immobilienagencë bestanen. Anscheinend gouf et zu Hendaye vill Haiser, déi eidel stoungen. A vill Leit, déi Blumme verschenkt hunn, mä dat hat wuel näischt mat dem éischte Problem ze dinn.

Mir hunn d’Mier fonnt. Oder e Pull, dee wuel d’Mier war. Et stoungen op mannst e puer Schëffer dran. Sollt also d’Mier sinn. Sécher war ech mir net. Normalerweis sinn déi meescht Leit frou, wann se d’Mier gesinn. Ech weess net, ob dat eng kulturell Saach ass oder ob dat bei eis Mënschen agebaut ass, mä d’Mier verbanne mir meeschtens mat positive Saachen.
Et war kal, et huet net schéin ausgesinn an esouguer d’Beem an d’Vigel rondrëm huet net glécklech ausgesinn. Angscht a Schrecke ware präsent.

Et war Fuesend am Duerf an eng kleng Parad ass duerch d’Stroossen gezunn. Oder soe mer esou: 10 Leit a Verkleedung an Instrumenter sinn duerch eng Strooss gaangen, hu Musek gemaach an sinn an engem Café verschwonnen.

Mir hunn probéiert, e Supermarché oder sou eppes ze fannen. Leider si mir just bei enger Schoul gelant, déi zou war. Un der Dier houng e Schëld. D’Läis wieren zeréck. Wahrscheinlech ass déi Schoul vun enger grausamer Kolonie vu gigantesche Mutanteläis iwwerholl ginn. Angscht a Schrecke sinn méi a méi grouss ginn.

Wat sollte mir hei? Wou war d’Mier hin? Sinn d’Leit all aus Hendaye erausgeplënnert? Wat war dat fir eng komesch Fuesend? Géif den Zuch iwwerhaapt nach fueren? A virun allem: Wéi kéinte mir eis géint gigantesch Mutanteläis verteidegen?

Angscht a Schrecken hate mech. Mir hu missen op d’Gare. Well dat eenzegt, wat elo nach gehollef huet, war d’Flucht mat dem schnellsten Zuch vun der Welt.