Angscht a Schrecken am schnellsten Zuch vun der Welt

Do ware mir also. Dir erënnert iech wahrscheinlech un d’Episod Nummer 135, wou e gewësse Gonzojournalist an e gewëssen Zuch geklommen ass, fir aus Hendaye ze flüchten.
Iert e esou een TGV fortfiert, muss en op mannst zwou Minutte virum offizielle Startzäitpunkt am Zuch sinn. Well da ginn d’Dieren automatesch zou an net méi op. Wisou dat esou ass, hunn ech nach net ganz verstanen, mä et huet sécher iergendeppes mat Terrorismus oder mutéierten Rieseläis ze dinn …


Wann een da scho bëssi éischter am Zuch setzt, gëtt een mat allerlee Informatioune vollgetrootert. Zum Beispill, wouhinner deen Zuch lo wäert fueren. Dat ass normalerweis jo net esou domm. Wann een sech zum Beispill virstellt, et ass een op enger TGV-Gare, wou 30 TGVen stinn, déi alleguerten d’ Selwecht ausgesinn. Mä zu Hendaye fiert all véier Stonne mol en Zuch. Ausserdeem ass et an dem Duerf ganz egal, wouhinner den Zuch genee fiert, Haaptsaach hie fiert fort. Esou ass et eis op mannst gaangen.

Ech war versicht ze klappen, wéi den Zuch Zentimeter fir Zentimeter aus der Gare geschlach ass. Mir sinn fortgefuer! Eis Flucht war gelongen!

Den Zuch ass lues laanscht d’Mier an Gänseziichtereie gefuer. Bis Bordeaux. Dat war eng ganz schéi Streck a mir hunn eis se mat schlofen, liesen, déiren Telefonsgespräicher an Kaartespillen verdriwwen. E bëssi frou war ech, dat meng Begleedung Däitsch geschwat huet, well Munchkin am ëffentleche Raum ze spillen, während all Mënsch mat kritt, wouvunner e schwätzt, wier dach e bëssi komesch.

Wien Munchkin net kennt: et ass eng Parodie op Pen&Paper-Rollenspiller wéi Dungeons and Dragons oder Das Schwarze Auge. Wien dat net kennt: wéi „World of Warcraft“ just ouni Computer a mat Fantasie a Wierfelen. Also zimlech komesch fir Leit déi net ageweit sinn.

Iergendwann huet den Zuch ugefaangen, ze vibréieren. Mir sinn op enger riichter Streck gefuer. An acceleréiert. An ëmmer méi. Bis mir wuel iergendwann 320 Stonnekilometer areecht hunn an wéi de sprëchwiertleche Blëtz duerch eidel franséisch Landschafte gezischt sinn.
Angscht a Schecke ware wuel mat u Bord komm.

574,79 Kilometer an der Stonn. Dat ass den aktuelle Rekord fir Gefierer déi mat engem Rad op enger Schinn fueren, als fir normal Zich. Déi japanesch Magneitschwiefbunn Maglev ass mat 581 km/h just e bëssi méi séier. Wahrscheinlech wier dat eenzegt, wat e kéint maachen, fir den Zuch nach méi schnell fueren ze loossen, eng Concorde fir drop ze schrauwen.
Leider gëtt d’Concorde net méi gebaut.

Oder zum Gléck. Et ass komesch, esou onheemlech schnell ze reesen. All Véirelstonn oder sou knuppt et eng Kéier. Dat ass net d’Schallmauer. Fir déi ze duerchbrieche bräicht een tatsächlech eng Concorde, op mannst awer eng Vitesse vu bëssi méi wéi der Vitesse vum Schall, 1235 km an der Stonn. Nee, et knuppt, well een aneren TVG op de Gleisen niewendrun laanscht fiert. Do kritt een dann e Gefill fir déi Vitesse, mat där een sech beweegt. Et ass verréckt. Wien net e bëssi Angscht a Schrecke verspiert, wann en sech mat 320 km/h an engem Feil aus Eisen op Paräis hin beweegt, ass ganz sécher verréckt.

Nieft eis huet e kleng Kand gespillt an sech gefreet, dat mir esou schnell géife fueren.
Géife mir den mutéierte Rieseläis aus Hendaye entkommen? A firwat sinn d’Dieren zwou Minutte virum Start zou gaangen? A virun allem: Hat schon ee probéiert, eng Concorde op een TGV ze strecken an ze kucken, wat géif passéieren?

One thought on “Angscht a Schrecken am schnellsten Zuch vun der Welt

Comments are closed.