Angscht a Schrecken mat engem Iesel

Lëtzebuerg ass am Wahlkampf. An well nach esou gutt wéi keng Partei e fäerdegen Wahlprogramm huet, muss eben iwwer Personnagen oder “faits divers” geschwat ginn. Leider ass och Summerlach, dofir ginn et net vill “faits divers”. Wann ech soen et ass Summerlach, da mengen ech dat och esou: Summerlach ass een Zoustand, keng Plaatz an och keng Zäit.


Mä virun gutt enger Woch huet sech endlech eppes gedoen! De Kulturministère huet een Iesel op enger Kierchtuermspëtzt entdeckt. Dat geet natierlech net, well déi Kierch ass säit 1978 een “Monument national”. An do muss all Ännerung bei Sites et Monuments gemelt ginn.
Vläit nach e puer Fakten: déi Kierch steet zu Dikrech, op däitsch Die-kirch. Déi Uertschaft heescht esou, well den “Karl der Große” um Enn um 7. Joerhonnert Sachsen dohinner ëmgesiddelt huet, fir aus deenen Chrëschten ze maachen. An chrëschtlech gëtt een ouni Kierch net, dofir kruten se och direkt eng Kierch, die-Kirch eben. Déi speziell Kierch ass aus engem alen réimeschen Haus ëmgebaut ginn, dofir ass se zimlech extra an et ginn Leit, déi fannen, et sollt een näischt dorunner änneren.

Aner Leit sinn gréisstendeels domadder d’Accord, mä si hunn den Hunn géint een Iesel getosch. Deen soll elo rof.
Eng Geschicht, déi soss een hallwen Daach laang witzeg wier an vläit fir eng hëtzeg Sëtzung am Gemengerot an allerhéchstens fir eng interessant Episod vun “De Nol op de Kapp” gesuergt hätt, ass säit d’Deeg Gespréichsthema Nummer Eent am Land.
Wann et zu Dikrech ëm Iesel geet, sinn Angscht a Schrecke ni wäit.

Lo kann een dat extrem lächerlech fannen, dat eng CSV-Ministesch engem LSAP-Gemengerot eng auswësche wéilt. Oder dat aner Dossieren net vir d’éischt traitéiert ginn. Et kann een och fannen, dat den Iesel eben net op eng klasséiert Kierch gehéiert oder d’Gemeng op mannst hätt missen korrekt ufroen. Mä wat mir wierklech Angscht a Schrecke mëscht, ass den Niveau, op dem déi Diskussioun gefouert gëtt.

Et geet just ëm Persounen, ëm Parteien, ëm de Faite datt Wahlkampf ass an een elo deenen “aneren” eng muss auswëschen an och stänneg erwaard, datt all politesch Decisioun genee esou een Auswëschen ass. Geet et de Leit, déi elo “mir mam Iesel” sinn, da wierklech ëm den Iesel? Oder dorëmmer, eng souwisou net besonnesch beléift Ministesch nach e bëssen erofzemaachen? Angscht a Schrecken kommen esou sécher wéi d’Ieselen op der Dikrecher Cavalde, wann een sech ukuckt, wat déi Diskussioun iwwert déi politesch Kultur zu Lëtzebuerg ausseet.

Et kéint een déi – pardon – Ieselzegkeet jo mol als Ulass huelen, fir tatsächlech iwwert al Gebaier an historesch Monumenter zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Wann et nämlech net grad ëm Kierchen an Ieselen geet, ass een zu Lëtzebuerg do wéineg penibel. An ech kann net verstoen, wisou da net mat dem rezenten an net onëmstriddenen Projet vun der Passerelle um Knuedler zeréckargumentéiert gëtt. Wisou net een Summer-Wahlkampf notzen, fir esou Themen ze diskutéieren? Vill Politikerinnen a Politiker wollten wuel net op hier Vakanz verzichten an esou ass decidéiert ginn, just am September een mini-Wahlkampf ze féieren. Mä et ginn jo nieft deenen grousse Wahlkampfthemen – wann déi da jee eng Kéier sollte kommen an mir net déi x-ten Personaldebatt féieren, kleng Themen, déi awer duerchaus wäert sinn, diskutéiert ze ginn. Mä et bleift bei Geplänkel, et bleift bei “Mir mam Iesel” “Mir géint den Iesel” – eng langweileg Pseudodebatt, déi mat Likes op Facebook gefouert gëtt. Solle mer net erëm driwwer diskutéieren, ween wat fir een Fändel besser géif fannen?

Ech ka verstoen, wann Leit sech net fir Politik interesséieren oder mengen, si hätten jo dach keng Ahnung – well ech kann mir all déi Leit, déi Politik maachen, och net all mierken. An am Grand-Duché vun der Angscht schéngt et nëmmen ëm Personalien ze goen. Eise Wahlsystem ënnerstëtzt dat an suergt mam Panachéieren dofir, datt politesch Ideeën an d’Diskussiounen dorëmmer ëmmer méi an den Hannergrond geroden. Angscht a Schrecke kommen op, wann den quasi-offiziellen Slogan vun der stäerkster Partei am Land sech op eng eenzel Persoun bezitt – deen awer just an engem vu 4 Wahlbezierker tatsächlech wielbar ass.

Angscht a Schrecken féieren bei esou vill politescher Onkultur eng schwaarz Mass an der Kierch zu Dikrech, déi wou elo den Iesel nach drop ass. An ech sinn bal versicht, mech op meng Flucht aus dem Grand-Duché an d’Méiglechkeet vu Bréifwahl ze freeën.

Héi nach e Virschlag: Et kéint en den Hunn op den Iesel setzen. Vläit passen och nach een Hond an eng Katz drop.

5 thoughts on “Angscht a Schrecken mat engem Iesel

  1. Salut! Ech mengen ech wees wous Du di Geschicht mat den deportéierte Sachsen ofgeschriwen hues: op Wikipedia: http://de.wikipedia.org/wiki/Diekirch, stëmmt dat? Ok. Hues Du och gelies, wou de Wikipedianer et hier huet? Aus dem “Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volksschule 1885”. Dat ass mir e bessi ze laang hier fir nach glaafwierdig ze sinn.

  2. Salut! Ech hunn dat am Fong als Schoulwëssen mat op de Wee kritt an sinn dem ganzem net weider no gaangen. Ech hunn dat awer dës lescht och an enger anerer Quell (allerdéngs war déi och 19. Joerhonnert) gelies, wou et ëm Lëtzebuergesch gaangen ass. Bei Interesse kann ech sichen, wou dat war. Grondsätzlech muss eng al Quell jo awer net falsch sinn. Och wann A&S grondsätzlech een satireschen Format ass an bei wäitem net alles stëmmt wat ech esou zielen, sou war dat mat Sachsen dach eppes, wat ech als “Fakt” ugeholl hunn. Mä och wann et net stëmmt, bleift d’Ausso awer déi selwecht: d’politesch Sträitkultur ass aarmséileg.

  3. Rebonjour Joël. Kee Problem, d’sollt kéng Kritik sinn, scho guer kéng fundamental. D’ass mir kloer, dass Du bei dem Gedanken “di Dikricher sinn d’Nofaaren vu Leit di iwwerhaapt nit fräiwëlleg duer wunnen gaange sinn” nit widderstoen konns fir di Figur ze benotzen.
    Gutt, ech sinn och keen ausgebildeten Historiker mee interesséiere mech just derfir. Et ass nit just den Alter vun der Quell, mee och seng Art di se mir zweifelhaft erschénge léisst: Ageworf gëtt kéng Primärquell (dat wier z.B., wann et se da géif, eng Notiz vun engem Iechternaacher Mönsch aus dem 9. JH) mee eng Sekundärquelle, a schlëmmer och nach ee Schoulbuch! Dat huet da natierlech kéng wëssenschaftlech mee eng pädagogesch, a wéi a sengem Titel behaapt zudeem eng patriotesch Intentioun. Sekundärquellen sinn also Interpretatiounen vu Primärquellen, an haut gesi mir vill Saachen anescht wéi am 19. JH. Ouni Kenntnis vum Schoulbuch kann ech natierlich näicht derzou soen aus wellechen Quellen et schöpft, mee well di noutwendigerweis missten aus dem Mëttelalter sinn, wier ech weider virsichtig, well et gëtt de Sproch: “die Arbeit des Mediävisten besteht darin, schlechte Fälschungen anhand von guten Fälschungen zu entlarven.” 

    Zur Sträitkultur: Als Student am Ausland hunn ech mech selbstverständlech och ëmmer gären iwwert d’Provinzialität an di mangelhaft Sträitkultur vu mengen Landsleit di doheem bliwwen sinn lëschteg gemeet an hu mech awer nit gefrot, firwat dat esou ass? Ech denken dass dat noutwendigerweis dohier kënnt, dass Letzebuerg einfach ze kléng ass, fir hei anonym ze liewen. An der Milliounestaat Wien kanns Du engem anere jo häerzhaft d’Meenung soen, an no alle Regelen vun der Konscht mat him debattéieren. A wien d’Sträitkultur nit beherrscht, just ad personem argumentéiert a pickéiert reagéiert, deem gees Du an Zukunft einfach aus de Féiss. Zu Kléng-Letzebuerg ass dat nit méiglich! Hei muss du dermadder rechnen, dass quasi jiddereen, deens Du eng Kéier getrëppelt hues, Dir enges Dags vis-à-vis setzt, an d’Wahrscheinlichkeet dass hien deen Ament an enger méi staarker Positioun ass, ass riesegrouss! Dowéinst halen mir grondsätzlich de Ball flaach an dann si mir d’Streiden, wa mir et missten, einfach nit geübt.

    Beschte Gréiss

Comments are closed.